Benotzer Diskussioun:Puscas

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Alexandra 11:53, 22 September 2006 (UTC)

"Meng Fro durfir geet et hei à la tête de l'User oder soll et et à la tête de l'Article goen. Et wier gudd fir daat fir an Zukunft ze wëssen.": Et ass schued, datt och bei där steet: "Dëse Benotzer huet keng valid Email Adress uginn, oder well keng Email vun anere Wikipedianer kréien." Wat mech manner wonnert, dat ass datt et ËMMER Leit sinn, déi keng Mail-Adress uginn hunn, déi ganz séier de Beleidegte spillen. A wéi ech schonns virun zéng Minutte geschriwwen hunn, mär kënnt et vir, wéi wann et ëmmer deeselwechte wier.
Neen, et geet hei net à la tête du client. An dat ass et och nach ni ginn. Datt et hei am Land u "Sträikultur" feelt, huet eise Premier schonns e puermol ernimmt. An dat ass schued. --Cornischong 11:56, 23 September 2006 (UTC)

E Puer Explicatiounen vum Puscas:

1) Neen, et geet hei net à la tête du client ech gleewen ganz gär dass déi Aussoo vum Cornischong een éierleche Fong huet, awer fir mech schwéier no zevollzéien ass, vu all déi aal kleng Artikelen wou bis elo keng Reaktioun drop war. Natiirlech kann een Administratteur an zwéi Useren och wann se ganz fläisseg sinn nët alles kontrolléieren a verbesseren. Daat verstinn ech och.

2) Dass ech keng Mail hun ass jo awer pertinent vu dass Wikipedia engem de Choix léisst.

3) Wann déi Ausso vum Här Premierminister iwwer d'Sträikultur schons e puermol vun him gemacht ginn ass da kéint daat jo och am Artikel iwwer hien dra soen.

4) Ech klaken d'Dir nët an hun och wëlles nach e puer méi grouss Artikelem ze machen Puscas 14:10, 23 September 2006 (UTC)

Tirefond[Quelltext änneren]

Merci fir deng Offer. Leider kann a wëll ech net bestëmmen op Fotoen vun ICE-Neibaustrecken an hir Baudeeler hei wënscheswert sinn. Mee, wann se bis geknipst sinn, dann hu mer se a mir kënnen se profitéiere wa mer se brauchen. --Pecalux 16:52, 1 November 2006 (UTC)

Schéin wanns du dech do auskennst an der Lëtzebuerger Wiki do kannst weiderhëllefen. Ech hat zwar do och ugefaang mat e puer Artikelcher, mee et ass ëmmer gutt wann een aus der Géigend selwer schreift do gëtt e méi gewuer. Wanns de eng Hëllef brauchst net zécken a froen. Les Meloures 15:57, 9 Januar 2007 (UTC)

Uried Groussherzog[Quelltext änneren]

Wat ass falsch doru fir d'Ofkierzung S.K.A./H.K.A. virun d'Nimm vu Membere vun der groussherzoglecher Famill ze setzen? -Einer Muskatnuss, 28/04/2018 Einer Muskatnuss (Diskussioun) 21:26, 28. Abr. 2019 (UTC)[äntweren]

Et entsprécht einfach net den enzyklopedesche Regelen déi op de Wikipediaen an alle Sproochen am Gebrauch sinn. --Puscas (Diskussioun) 06:24, 29. Abr. 2019 (UTC)[äntweren]

Community Insights Survey[Quelltext änneren]

RMaung (WMF) 16:17, 9. Sep. 2019 (UTC)[äntweren]

Reminder: Community Insights Survey[Quelltext änneren]

RMaung (WMF) 19:46, 20. Sep. 2019 (UTC)[äntweren]

Interkontinentale Coupe[Quelltext änneren]

Hallo,

Ech hunn dësen Artikel erstallt, Ech si net vu Lëtzebuerg, dir kënnt et fixéieren? Merci am Viraus :-) --Football Missionary (Diskussioun) 04:33, 31. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Fockeschlass: merci fir är Korrekturen, mee wou sinn elo d'Foussnotten hin?[Quelltext änneren]

Kéint der är Ännerungen w.e.g. iwwerpréiwen, deen Text un deem ech vill Stonne geschafft hunn, ass elo komplett duercherneen. D'Quellen stinn einfach matten am Text.

--Mischnachtreisr (Diskussioun) 16:39, 9. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Déi Textversioun, op där korrigéiert gouf gesäit fir mech aus wéi wann se zwou Stonnen al wier. Leider hunn ech dono nach vill Ännerungen queesch duerch den Text gemaach. Ech fäerten et wier méi einfach är Ortho-Korrekturen z'annuléieren an nach eemol um aktuellsten Texte Korrektur ze liese. Ech gesinn mech net manuell all déi Ännerungen erëm fannen. Pardon fir d'Ëmstänn.

--Mischnachtreisr (Diskussioun) 17:14, 9. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Ech gesinn an datt ech nach u menger Schreifweis muss schaffen (Eifeler Reegel e.a.). Mir hëlleft et méi wann ee mer schreift wéi eng Feeler ech ëmmer erëm maachen, well ech mierken déi net. Merci

--Mischnachtreisr (Diskussioun) 17:16, 9. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Et mierkt een déi wann een an d'VersiounsvergLäichr kucke geet. Et ass net un den anere Mateaarbechter fir hei Schoul ze halen. Bei der Begréissung krut Dir gesot wou ee ka kucke goen. --Puscas (Diskussioun) 17:20, 9. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Är Korrekturen missten elo all berécksiichtegt sinn a ware net ëmsoss, ech hunn se eenzel nogekuckt. Merci nach eemol. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 08:40, 10. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Wikiiessen 2022[Quelltext änneren]

Léiwe Wikikolleeg,

Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:26, 19. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Diskussioun:Verhiddungsmëttel[Quelltext änneren]

Hallo,

Merci fir däi Feedback op Diskussioun:Verhiddungsmëttel, mee ech hunn deng Ännerung zréckgesat, well et eng Diskussiounssäit ass an net en Artikel an deem een den Text "dierf" upassen. Dofir w.e.g. keng Bäiträg änneren, déi signéiert sinn. Merci fir d'Verstoen!

--Bdx (Diskussioun) 14:11, 12. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]

Marie Schreiber[Quelltext änneren]

Hallo @Puscas, schafft Dir nach um Artikel? Falls net, kéint der w.e.g. den "EnCours"-Banner eraushuelen? Sollt d'Prioritéit net sinn déi aktuellst Tabellen mat de Resultater ze iwwerhuelen (cf. virescht Versiounen wou grad geschafft/recherchéiert gouf)? --@Mischnachtreisr 15:10, 04. Dez. 2023 Mischnachtreisr (Diskussioun) 14:11, 4. Dez. 2023 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien och
Wéi der vläicht gesinn hutt, sinn ech amgaangen déi bekannt Evenementer ze verlinken, a sou gutt wéi méiglech den Text un d'Format vun Artikelen déi et scho gëtt unzepassen. Ech denken datt ech haut nach domat fäerdeg ginn. --Puscas (Diskussioun) 16:54, 4. Dez. 2023 (UTC)[äntweren]