Diskussioun:Verhiddungsmëttel
Ausgesinn
Quell
[Quelltext änneren]Als Info: den Text ass gréisstendeels eng Iwwersetzung vun der Introduktioun vum Artikel op der engleschsproocheger Wikipedia. Deen Artikel gouf als "good article" markéiert.--Bdx (Diskussioun) 10:26, 12. Okt. 2023 (UTC)
Lemma
[Quelltext änneren]Den LOD kennt "Verhütungsmëttel"
a Verhiddungsmëttel
An der Press fënnt ee Verhiddungsmëttel a Verhütungsmëttel:
- https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/d-gratis-verhiddungsmettel-gi-vum-planning-familial-begreisst
- De Planning Familial begréisst gratis Verhiddungsmëttel
- https://www.eldo.lu/aktuell/thema/79621.html
- Verhiddungsmëttel bis 30 Joer zu 80% rembourséiert
- https://www.rtl.lu/news/national/a/2021171.html
- An Zukunft iwwerhëlt de Staat d'Käschte fir all Verhiddungsmëttel
- https://twitter.com/cecilehemmen/status/1042433947806953473 (Cecile Hemmen Twitter)
- Mir wëllen d'Käschteniwwernahm fir Verhiddungsmëttel OUNI Altersbegrenzung.
- https://2023.dei-lenk.lu/programm/programm-chamberwalen/
- Andeems mir rezeptflichteg Verhiddungsmëttel (Pëll, Diaphragma, Spiral, asw.) komplett rembourséieren, suerge mir fir e fräien Zougank zur Verhütung. Déi Verhütungsmëttel, fir déi ee kee Rezept brauch (Preservativen), mussen op méi Plaze gratis zur Verfügung gestallt ginn,
- https://www.chd.lu/sites/default/files/migration/ComptesRendusSeances-ListePresence/CR/Chamber_0112_internet694f.pdf
- Kee Wonner, datt d’Vereenten Natioune virun allem op méi Verhiddungsmëttel a Sexualberodung pochen.
- https://gouvernement.lu/lb/actualites/toutes_actualites/communiques/2023/03-mars/23-remboursement-contraception.html
- Verhütungsmëttel ginn ab dem 1. Abrëll zu 100% an ouni Altersbegrenzung rembourséiert
- https://www.rtl.lu/news/national/a/1015192.html
- D’Lydia Mutsch präziséiert an hirer Äntwert dann och, datt Lëtzebuerg an de leschte Joren d’Verhütungsmëttel fir Frae vu 16 bis 25 Joer an Héicht vun 80 Prozent rembourséiert.
- https://www.rtl.lu/news/national/a/1545777.html
- Den Equivalent vun 3.100 Frae krut e Verhütungsmëttel.
- https://www.rtl.lu/news/national/a/1909407.html
- Froe wéi Verhütungsmëttel wierken, wéi se zesumme wierken, oder awer och zum Beispill, wéi eng Fra d’Pëll soll huelen, wann ee verreest an Zäitzone passéiert, gi beäntwert.
- https://www.rtl.lu/news/national/a/2053439.html
- A Saache Fraerechter, Verhütungsmëttel a sexuell Educatioun ass Loft no uewen
An der Press fënnt een awer och Kontrazeptiounsmëttelen a Kontrazeptioun (e puer), respektiv Contraceptioun (méi dacks):
- https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/541179.html
- Revolutioun an der Kontrazeptioun
- https://www.rtl.lu/news/carte-blanche/a/399281.html
- Also keng Panik! Weider Jo zur Kontrazeptioun, mä kommt mir schwätzen driwwer a sichen déi richteg fir Iech!
- https://www.rtl.lu/news/carte-blanche/a/184827.html
- D’Fraen am Prokreatiounsalter kréien all d’Kontrazeptiounsmëttelen, wéi Pëll, Implant, Patch, Sterilet gratis
- https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/621488.html
- De Mike Holping behaapt vun sech, hie wier sexsüchteg an och nach richteg fruchtbar. U Kontrazeptioun gleeft de Womaniser awer net.
- https://www.rtl.lu/news/national/a/2077015.html
- Sou goufen zum Beispill knapp 1.330 Schwangerschaftstester gemaach oder eng sëllege Contraceptiouns-Mëttel verschriwwen.
- https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/2084540.html
- An d'Leit wiere generell zum Beispill Punkto Contraceptioun vill manner gutt informéiert.
- https://www.rtl.lu/news/international/a/1086971.html
- Sou goufen zum Beispill knapp 1.330 Schwangerschaftstester gemaach oder eng sëllege Contraceptiouns-Mëttel verschriwwen.
- https://www.100komma7.lu/article/kultur/erklarunge-ronderem-en-intiimt-theema
- Oder, datt de Mangel vu männlecher Kontrazeptioun zimmlech warscheinlech e Resultat vun enger Männer dominéierter Gesellschaft ass.
- https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/gratis-contraceptioun-et-waert-manner-ofdreiwunge-ginn
- De Gesondheetsministère hat d'lescht Woch matgedeelt, datt d'Gesondheetskeess deemnächst all Contraceptiounsmëttelen ouni Alterslimitt wäert rembourséieren.
- https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/planning-familial-contraceptioun
- D’Regierung wäert de Remboursement vu Contraceptiouns-Mëttel net erweideren, sou d'Gesondheetsministesch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
- https://www.eldo.lu/aktuell/reportagen/a/115942.html
- Zanter Jore gëtt un engem orale Kontrazeptioun-Mëttel fir Männer gefuerscht, ma bis elo ouni Erfolleg.
- https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/75952.html
- Richtungswiessel vun der Santé wat Verhütungsmëttel ugeet? De Weekend huet d’Gesondheetsministesch en potentielle Richtungswiessel wat d'Remboursementer vu Contraceptiounsméiglechkeeten ugeet ugekënnegt.
- https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/75899.html
- De Planning familial mellt sech am Kader vun de Remboursementer vu Contraceptiounspëllen zu Wuert a kann net novollzéie firwat een d’Offer net wëll ausbreeden.
- https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/25988.html
- Zanter dem 1ten Januar dëst Joer ginn et Changementer wat d‘Contraceptioun ugeet vun jonken Fraen ënner 25 Joer...
- https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/36539.html
- Diane 35 ass e Medikament, wat am Fong geduecht ass fir Acne ze behandelen awer dacks als Contraceptiounsmëttel verschriwwe gëtt.
- https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/75882.html
- Zanter dem 1. Januar 2012 gi verschidde Contraceptiounspëlle bis zu 80 Prozent fir jonk Fraen ënner 25 Joer rembourséiert.
- http://www.generation-what.lu/lb/portrait/data/feminist#
- Kéints Du ouni Kontrazeptiounsmëttel glécklech sinn?
- https://csv.lu/2009/07/31/a5124/
- Kontrazeptiounsmëttelen wäerten fir di ënner 25 Joer gratis ginn.
--Bdx (Diskussioun) 09:01, 12. Okt. 2023 (UTC)
Gratis Verhiddungsmëttel zu Lëtzebuerg
[Quelltext änneren]Als Referenz en Extrait aus dem Communiqué vun der Regierung (op Lëtzebuergesch):
Folgend Verhütungsmëttel sinn an der Konventioun virgesinn:
- Oral Östrogeen-Gestagen-Preparater fir ze verhüten (Antibabypëll);
- transdermal Östrogeen-Gestagene fir ze verhüten (Verhütungsplooschter);
- vaginal Östrogeen-Gestagene fir ze verhüten (Verhütungsréng);
- oral Gestagen-Preparater fir ze verhüten (Minipëll);
- Gestagene fir eng Injektioun fir ze verhüten (Verhütungssprëtz)
- hormonell Noutfallverhütung (Pëll duerno)
- Gestagene fir ze verhüten fir ënnert d'Haut (Verhütungsimplantat)
- Verhütungsmëttel fir an d'Gebärmutter anzesetzen (Spiral);
- Ënnerbanne vun den Eileiter als permanent Verhütung (Sterilisatioun)
- Agrëff um Samenleiter fir eng permanent Verhütung beim Mann (Vasectomie)