Benotzer Diskussioun:Mischnachtreisr
Sujet derbäisetzen
| ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Gudde Moien,
Wa Feeler mat enger Begrënnung (an dësem Fall Eifeler Reegel) verbessert ginn, da muss een dat net obedingt réckgängeg maachen. Merci am Viraus --Nilrom (Diskussioun) 18:56, 6. Aug. 2020 (UTC)
Gudden Owend,
Ech sinn net de grousse Spezialist vum Lëtzebuergeschen, a wees beim Editéieren heiansdo net méi op een aneren eppes geännert huet oder op ech e Feeler stoe geloos hunn. Alles an der Rei, a Merci fir all Hëllef.
--Mischnachtreisr (Diskussioun) 18:56, 6. Aug. 2020 (UTC)
- Moien an Diskussioun vum Artikel Fockeschlass gouf eng Fro gestallt. --Les Meloures (Diskussioun) 08:16, 7. Aug. 2020 (UTC)
- An et gouf nach eng gestallt --Les Meloures (Diskussioun) 10:59, 8. Aug. 2020 (UTC)
- .Et wier och vläicht gutt wann dir den Ënnescheed tëscht zou an zu géift bekäppen. Et ass lässteg dat ëmmer nees ze verbesseren. --Les Meloures (Diskussioun) 11:22, 8. Aug. 2020 (UTC)
- Ass korrigéiert, merci fir är Opmierksamkeet. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 14:59, 4. Sep. 2020 (UTC)
Moien,
Mat de Referenze war iergendeppes beim Späichere schif gaangen. Hunn alles op déi feelerhaft Versioun zréckgesat. D'Verbesseren ass och vill Aarbecht. Wann Dir an de Versiounsvergläicher kuckt da gesitt dir wat verbessert gouf. Vläicht kënnt Dir Iech bei Ären nächsten Aufsätz dorun orientéieren.. --Puscas (Diskussioun) 17:16, 9. Aug. 2020 (UTC)
Ech werfen e Bléck an är Ännerungen a versichen draus ze léieren. Sorry fir d'Ëmstänn an dësem Fall.
--Mischnachtreisr (Diskussioun) 17:19, 9. Aug. 2020 (UTC)
Moien a wëllkomm och vu menger Säit, a merci fir Är Mataarbecht an är Kontributiounen!
--Zinneke (Diskussioun) 07:46, 10. Aug. 2020 (UTC)
Gudde Moien,
E klengen Tipp: Wann Dir un engem Artikel schafft, da setzt am Ufank d'Schabloun {{EnCours}} dran (als alleréischt uewen am Artikel), da geet normalerweis keen an den Artikel ännere bis Dir fäerdeg sidd an d'Schabloun erausgeholl hutt. GilPe (Diskussioun) 09:49, 10. Aug. 2020 (UTC)
Pabeierbierg
[Quelltext änneren]Moien,
Kuck mol wgl. do → Diskussioun:Rue Albert-Unden. --Les Meloures (Diskussioun) 17:34, 31. Aug. 2020 (UTC)
Schluecht vu Sedan
[Quelltext änneren]Kuck mol Diskussioun:Schluecht vu Sedan --Nilrom (Diskussioun) 10:21, 3. Sep. 2020 (UTC)
Sterpenich
[Quelltext änneren]Hannert deem groussen viischten Deel mat dräi quadrateschen Tierm an der Mauer zur Strooss befënnt sech e Bauerenhaff.
- Sinn et wierklech 3 Tierm. Wou verstoppt deen drëtte sech. --Les Meloures (Diskussioun) 14:18, 3. Sep. 2020 (UTC)
- Ass korrigéiert, merci fir är Opmierksamkeet. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 14:59, 4. Sep. 2020 (UTC)
Traité des Pyrénées
[Quelltext änneren]- Duerch wat huet Lëtzebuerg en direkten Zesummenhank mam Traité vun de Pyrenäen? --Les Meloures (Diskussioun) 12:04, 7. Sep. 2020 (UTC)
- Liest den Artikel --Mischnachtreisr (Diskussioun) 12:09, 7. Sep. 2020 (UTC)
"Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich"
[Quelltext änneren]Ech hunn Iech eng Äntwert op der Diskussiounssäit vun deem Artikel hannerluecht. --Les Meloures (Diskussioun) 12:21, 7. Sep. 2020 (UTC)
Inhitatioun Wikiiessen & AG Wikimedia Lëtzebuerg
[Quelltext änneren]Gudden Owend, hei eng kleng Erënnerung fir d'Invitatioun op d'Wikiiessen e Samschden, de 7. Mäerz 2026, ab 11:45 Auer zu Leideleng am Restaurant „De Spackelter“ an duerno ab 14 Auer op d'Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg am Kulturzenter „An der Eech“.
D'Umeldung leeft bis den 02.03 iwwer déi jeeweileg Säiten, déi uewe verlinkt sinn. Déi generell Invitatioun steet ënner Wikipedia:De Stamminee#Wikiiessen 2026 a Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg. --Volvox (Diskussioun) 19:36, 15. Feb. 2026 (UTC)
