Diskussioun:Fockeschlass

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

en Nokommen aus enger Veianer Niewelinn - begrënnt vum Grof Englebert I. vun Nassau a Veianen sengem Jong, de Jhang -, do abestuet gouf ....

Firwat soll deen dat begrënnt hunn? --Nilrom (Diskussioun) 18:13, 6. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]


Ech hunn elo d'Verb upgasst, "gegrënnt" amplatz "begrënnt". Merci fir den Hiweis.

--Mischnachtreisr (Diskussioun) 11:25, 7. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]


De Wopen vun der Famill Fock von Hübingen, deen och beim Reckener Schlass[4] ze gesinn war, gët an der Heraldik follgendermoossen beschriwwen: "De sable à la bande coticée d'argent. Casque couronné. Cimier: un chien issant de sable, colleté d'argent, bouclé d'or."

Dat stëmmt net mam Loutsch senge Beschreiwungen am Reckener an am Käercher Wopen iwwereneen an aner Quelle behaapten et wier e plumail gewiescht. -- Les Meloures (Diskussioun) 07:57, 8. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Merci ausdrécklech fir déi Réckmeldung, ech si keen Kenner vun der Heraldik an hunn just Krantz/Quintus (Säit 41) iwwer d'Fockeschlass zitéiert mat Foussnott. Beim Daniel Erpelding https://wiesel.lu/heraldik/wappensammlung/familienwappen/f/fock-hubingen/ hunn ech eng deckungsgläich Beschreiwung fonnt. Recken schéngt dann eng aner Variant vum Wopen ze hunn, esou datt ech de Satz geännert fir deem Rechnung ze droen. Mam plumail muss ech awer d'Waffe strecken a wier dankbar fir ären Input mat Quell. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 11:25, 7. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Eng Klo gouf de 14. Januar 1745 vum Paschtouer Jean-Pierre Ningels géint de von Reiffenberg, Här zu Käerch, beim Provinzialrot erhuewen, well de leschtgenannte sech net un déi 1636 vun den Nassau a Fock von Hübingen an d'Liewe geruffe Stëftung gehalen huet, ënner anerem wat d'Zuel vun den dräi Massen, déi all Woch ze hale waren, ugeet.

Wéi ass de Saz ze verstoen. A waterengem Sënn hätt de von Reifenberg sech do net un eppes gehalen. Hien huet jo d'Massen net brauchen ze halen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:57, 8. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Merci fir déi Réckmeldung, ech hunn deen Deel am Artikel ergänzt fir den Zesummenhank méi verständlech ze maachen. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 11:25, 7. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]