Stengegung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dës Kaart weist Länner wou d'ëffentlech Stengegung als geriichtlech oder ausseruerdentlech Form vu Strof am Joer 2013 praktizéiert gouf.[1]
Marx Reichlich: Stengegung vum Hl. Stephan, 1506

D'Stengegung (lat. lapidatio) ass eng joerdausend al Manéier fir een hinzeriichten. Si gouf fréier a ville Gesellschafte praktizéiert. Op si gëtt nach haut a verschiddenen islamesche Länner zeréckgegraff, wéi z. B. am Iran an an Deeler vun Afghanistan. D'Leit kommen dofir no engem Urteel zesummen, fir dee bis zur Broscht Agegruewenen, dee schëlleg gesprach gouf, duerch Stengwërf ëmzebrengen. Frae si vu Stengegungen allgemeng méi betraff wéi Männer. An Afrika ass d'Stengegung och e Mëttel vun der Lynchjustiz, besonnesch fir Déif a Persounen déi der Hexerei beschëllegt sinn, ze bestrofen.

Stengegung fréier am Juddentum[änneren | Quelltext änneren]

Vereenzelt Stengegunge loosse sech bis an déi semitesch Virzäit zeréckverfollegen, a goufen do bei Verbriechen als Strof ugedreet, bei deenen eng ofschreckend Wierkung sollt erreecht ginn. Dozou huet d'Gotteslästerung (3. Moses 24,16), de Gëtzendéngscht (z. B. 5. Moses 17,5), d'Sabbatschändung (4. Moses 15, 35f.), d'Wahrsagerei (3. Moses 20,27), an den Ehebroch (Leviticus/Wajqra 20,10 gehéiert. Kennzeechent dofir ass 3. Buch Moses 24,14 ff, an deem de JHWH selwer zum Moses seet:

Loosst deen, dee flucht, deen den Numm vum Här mëssbraucht, aus dem Lager erausféieren, an all, déi et gehéiert hunn, sollen hir Hänn op säi Kapp stäipen, an da soll déi ganz Gemeng e stengegen.

Doudesurteeler goufen allerdéngs am Juddentum ganz seele vollstreckt. Meeschtens gouf en Auswee gesicht fir derlaanscht ze kommen.

Stengegung am Islam[änneren | Quelltext änneren]

Haut gëtt et d'Stengegung nach a bestëmmten islamesch markéierte Regiounen a Länner. Der Schari'a no kann d'Stengegung fir d'Bestrofe vun engem vun de sougenannten Hadd-Delikten ausgesprach ginn, nämlech fir Geschlechtsverkéier vun zwou Persounen déi mat anere bestuet sinn oder waren. Well de Fraen nom islamesche Recht manner gegleeft gëtt wéi de Männer, ass beim weibleche Geschlecht d'Stengegung méi heefeg wéi bei Maansleit. Laut Amnesty International goufen am Iran am Joer 2003 op d'mannst zwou Persoune gestengecht. Dobäi goufen d'Affer bis un d'Knéien am Buedem agegruef, a komplett mat engem onduerchsichtegen Duch zougedeckt. D'Steng hunn net méi grouss däerfte si wéi d'Hänn, déi se geworf hunn, fir den Doud an d'Längt ze zéien. Déi bis elo lescht am Iran dokumentéiert Stengegung war no Amnesty International de 5. Juli 2007.

International ass kierzlech d'Geschicht vun der Amina Lawal opgefall, déi am Joer 2002 an Nigeria vun engem Scharia-Geriicht zur Stengegung verurteelt gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stengegung – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Emma Batha, Stoning - where does it happen? Thomson Reuters Foundation, September 29, 2013, gekuckt den 11.2.2020.