Lynchjustiz

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Lynchjustiz ass e Mord un enger oder méi Persounen duerch eng Grupp Leit, mam Zil d'Affer ze bestrofen oder bestëmmten aner Bevëlkerungsgruppen anzeschüchteren, ze kontrolléieren oder ze manipuléieren. Dat Ganzt spillt sech generell an der Ëffentlechkeet ouni Geriichtsprozess a Verdikt of.

An Zäite vu sozialen a wirtschaftleche Spannungen kënnt Lynchjustiz méi dacks vir a gëllt als Method vun dominéirende Gruppe fir hir Géigner kleng ze halen. D'Lynchen ass d'Resultat vun enger laanger Zäit mat Viruerteeler an Diskriminatioun, deen d'Gesellschaft dozou bréngt esou Praktiken als normal "Volleksjustiz" ze akzeptéieren.

Obwuel d'Rassenënnerdréckung an den USA dem Begrëff "Lynchen" seng aktuell Bedeitung ginn huet, gëtt et esou Praktiken iwwerall op der Welt, besonnesch wa Vëlker Mënsche bestrofen, déi sech ausserhalb vun den an där Regioun gesellschaftlech akzeptéierte Limitte beweegen.

D'Lynchen ass e gewalttätege Phenomen, dee schwéier ze konzeptualiséieren ass, well vill verschidden Aspekter eng Roll spillen; dowéinst ass seng Definitioun ëmmer kontrovers. Trotzdeem gëtt et vill gemeinsam Charakteristiken bei alle Fäll vu Lynchjustiz, déi ouni grouss Ambivalenz kënne beschriwwe ginn. Esou ass d'Lynchen e Verbriechen, dat vun enger Mënschemass géint eng Persoun oder eng kleng Grupp u Leit begaange gëtt, well déi mat den etabléierte sozialen Norme gebrach hunn, oder hinnen dat zumindest virgeworf gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lynchen – Biller, Videoen oder Audiodateien