Lynche vum Jessy Washington

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Leit kucken no, wéi den Jesse Washington gelyncht gëtt

D'Lynche vum Jesse Washington, engem schwaarze Jugendlechen, de 15. Mee 1916 zu Waco am Texas ass als ee vun de bekanntste Fäll vu Lynchjustiz wéinst Rassenhaass an d'Geschicht vun den USA agaangen. De Washington war fir d'Vergewaltegung an de Muerd vun der Lucy Fryer, der Fra vu sengem wäisse Patron an enger ländlecher Géigend vum Texas, zum Doud veruerteelt ginn. Nom Prozess ass hie vu Spectateuren aus dem Geriichtssall geschleeft ginn a virum Gemengenhaus zu Waco gelyncht ginn. Iwwer 10.000 Leit, dorënner Vertrieder vum Gemengerot a vun der Police, sinn zesummekomm fir der Attack nozekucken. D'Stëmmung war dobäi feierlech a vill Kanner waren do, well si grad Mëttespaus haten. Persounen aus dem Lynchmobb hunn de Washington kastréiert, seng Fangeren ofgeschnidden an hien iwwer e Lagerfeier gehaangen. Hien ass während zwou Stonnen ëmmer erëm iwwer dem Feier erop- an erofgezu ginn. Wéi d'Feier aus war, ass säi verbrannten Uewerkierper duerch d'Stad gezu ginn an Deeler vu senger Läich sinn als Souvenire verkaaft ginn. E professionelle Fotograf war op der Plaz an huet Fotoe gemaach, wouduerch rar Biller vun engem Lynchen entstane sinn, dat nach am Gaange war. D'Biller sinn herno gedréckt an als Postkaarten zu Waco verkaaft ginn.

Obwuel de Lynchmord zu Waco vu villen Awunner ënnerstëtzt gouf, ass e vun Zeitungen uechtert d'USA veruerteelt ginn. D'National Association for the Advancement of Colored People (NAACP) huet d'Elisabeth Freeman agestallt fir nozefuerschen; si huet eng detailléiert Bestandsopnam gemaach, trotz dem Widderwëlle vu villen Awunner fir iwwer dat, wat virgefall war, ze schwätzen. Nodeems hien der Freeman hire Rapport iwwer d'Lynche krut hat, huet den NAACP-Matgrënner W.E.B. Du Bois en Detailbericht mat Fotoe vum Washington senger verkuelter Läich an der Zäitschrëft The Crisis verëffentlecht, an d'NAACP huet säin Doud an hir Anti-Lynch-Campagne agebonnen.

Waco gouf allgemeng als modern, progressiv Stad ugesinn, mä d'Lynchen huet bewisen, datt se rassistesch motivéiert Gewalt nach ëmmer toleréiert huet; de Virfall ass och nach "Waco Horror" genannt ginn. D'Stad krut duerno e Ruff fir Rassismus, mä d'Gemengevertrieder hunn an de spéidere Joerzéngte Gewaltausbréch bis op e puer Geleeënheete verhënnert. Historiker hu festgestallt, datt dem Washington säin Doud gehollef huet, d'Manéier wéi d'Lynchen ugesi gouf z'änneren. D'Opmierksamkeet fir de Fall huet d'ëffentlech Ënnerstëtzung fir déi Praxis staark gebremst. An den 1990er an 2000er hu sech e puer Awunner vu Waco fir e Monument staark gemaach, dat un d'Lynche vum Jesse Washington erënnert sollt; et ass awer net gelongen, genuch Support fir déi Iddi ze gewannen.

Kontext[änneren | Quelltext änneren]

Lynchjustiz am Süde vun den USA[änneren | Quelltext änneren]

Eng Postkaart aus dem Joer 1911 vu Waco. D'Awunner wollten hir Stad als idyllesch Plaz portraitéieren

Am spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert goufen et vill Fäll vu Lynchen am Süde vun de Vereenegte Staaten, meescht an de Bundesstaaten Georgia, Mississippi an Texas. Affer waren haaptsächlech Afroamerikaner. Tëscht 1890 an 1920 goufen ongeféier 3.000 Afroamerikaner vu rosene Leit gelyncht, generell nodeems Wäisser Affer vun engem Verbrieche waren a behaapt gouf, den Täter wier e Schwaarzen. D'Supportere vum Lynchen hunn den Afroamerikaner eng inherent kriminell Natur ënnerstallt, an d'Lynchen als Dominatiounsmethod justifiéiert. An engem Kontext, an deem sech d'Demographie an d'Muechtstrukturen geännert hunn, huet d'Lynchen och e Gefill vu Solidaritéit tëscht de Wäisse gefërdert. Obwuel d'Lynche vu groussen Deeler vun der Gesellschaft am amerikanesche Süden toleréiert gouf, huet sech och eng gewëssen Oppositioun dergéint entwéckelt, dorënner vu verschiddene reliéise Leaderen an der neier National Association for the Advancement of Colored People (NAACP).

Waco, eng texanesch Klengstad[änneren | Quelltext änneren]

1916 war Waco am Texas eng räich Stad mat enger Bevëlkerung vun iwwer 30.000 Awunner. Nodeems si am 19. Joerhonnert mat Kriminalitéit associéiert ginn ass, haten d'lokal Perséinlechkeete versicht, der Gemeinschaft hire Ruff ze änneren an Delegatioune queesch duerch d'USA geschéckt fir se als idyllesch Uertschaft ze promouvéieren. An den 1910er ass d'Ekonomie vu Waco méi staark ginn an d'Stad krut de Ruff fromm ze sinn. Eng schwaarz Mëttelklass ass an der Ëmgéigend entstanen, zesumme mat zwou Héichschoule fir Schwaarzer. Mëtt der 1910 hunn d'Afroamerikaner ongeféier 20% vun der Bevëlkerung vu Waco gestallt. An hirer Studie aus dem Joer 2006 iwwer d'Lynche huet d'Journalistin Patricia Bernstein Waco als eng Stad mat enger "dënner Fassad" vu Fridden an Éierbarkeet beschriwwen. Rassespannungen ware present an der Stad: lokal Zeitungen hu Verbriechen duerch Afroamerikaner dacks ervirgehuewen, an de Sank Majors, a schwaarze Mann, gouf 1905 vun enger Bréck beim Zentrum vu Waco erhaangen. E puer Anti-Lynch-Aktivisten hunn an der Géigend gewunnt, dorënner de President vun der Baylor University. 1916 hunn e puer Faktoren zu engem Zouwuess a lokalem Rassismus gefouert, dorënner eng Opféierung vun The Birth of a Nation, engem Film deen déi wäiss Virherrschaft an de Ku Klux Klan glorifizéiert, an de Verkaf vu Fotoen vun engem kuerz virdru gelynchte schwaarze Mann zu Temple am Texas.

Muerd a Verhaftung[änneren | Quelltext änneren]

Muerd un der Lucy Fryer[änneren | Quelltext änneren]

D'Geriichtsgebai zu Waco

Zu Robinson am Texas ass den 8. Mee 1916 d'Lucy Fryer ëmbruecht ginn, wéi si eleng an hirem Haus war. Si an hire Mann George waren englesch Immigranten, déi an der Gemeinschaft an där si e Bauerenhaff hate séier respektéiert gi waren. Kuerz nom Muerd krut de Sheriff Samuel Fleming d'Neiegkeet vum Doud. Hien huet direkt mat enger Equipe Polizisten, dem Dokter a lokale Männer eng Investigatioun gestart. Den Dokter huet festgestallt, datt d'Lucy Fryer duerch Gewaltawierkung mat engem stompege Géigestand op de Kapp gestuerwen ass. D'Männer aus der Géigend hunn de Jesse Washington verdächtegt, e siwwenzéngjärege schwaarze Jugendlechen, dee fënnef Méint laang um Fryer-Haff geschafft huet. E vun hinne sot, hien hätt de Washington beim Fryer-Haus gesinn, e puer Minutten ier d'Läich fonnt gouf. Nach an derselwechter Nuecht si Polizisten an dem Washington säin Haus gaangen, wou se hien an engem Overall mat Bluttflecke fonnt hunn. Hie sot déi Flecke kéime vun engem Nuesbludden. De Jesse, säi Brudder William an hir Eltere sinn op Waco bruecht gi wou si vum Sheriff verhéiert goufen. Obwuel de Brudder an d'Elteren no kuerzer Zäit nees fräikoumen, ass de Jesse Washington fir weider Froen dogehale ginn. D'Männer, déi hie befrot hunn, hu gesot hien hätt all Verantwortung an der Lucy Fryer hirem Doud vu sech gewisen, mä sech duerno a Kontradiktioune verstréckt. No senger Verhaftung hu sech Gespréicher verbreet, hien hätt e puer Deeg virum Muerd e Sträit mat engem wäisse Mann gehat.

Enquête no der Verhaftung[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Mee huet de Fleming de Washington an eng Nopeschstad bruecht fir Selbstjustiz un him ze verhënneren. Zesumme mam lokale Sheriff Fred Long huet de Fleming de Washington befrot. Dee sot hinnen, hien hätt d'Lucy Fryer no engem Sträit iwwer hir Ieselen ëmbruecht, an huet d'Muerdwaff an hir Lokalisatioun beschriwwen. De Fred Long huet de Washington op Dallas bruecht, während de Fleming op Robinson zréckgaangen ass. Kuerz drop huet de Fleming bericht, hien hätt e bluddegen Hummer op där Plaz fonnt, déi de Washington beschriwwen hat. Zu Dallas huet de Washington eng Ausso diktéiert an ënnerschriwwen déi d'Vergewaltegung an de Muerd un der Lucy Fryer beschreift; dat Geständnes gouf den nächsten Dag an den Zeitungen zu Waco verëffentlecht. D'Zeitungen hu sensationalistesch iwwer de Muerd rapportéiert an dem Lucy Fryer hir Versich, dem Washington senger Attack ze widderstoen, beschriwwen, obwuel den Dokter, deen d'Läich ënnersicht huet zur Schlussfolgerung komm war, datt si dout war éier si konnt Widderstand leeschten. An der Nuecht huet sech zu Waco e Lynchmobb forméiert, fir de lokale Prisong ze fannen, en huet sech awer nees opgeléist wéi en de Washington net fonnt hunn. Trotzdeem gouf dem Mobb säin Effort an enger lokaler Zeitung gelueft. An där Nuecht gouf e klengt privat Begriefnes fir d'Lucy Fryer gehalen.

Den 11. Mee ass eng Grand Jury zesummekomm an huet séier eng Uklo géint de Washington konfiméiert an de Prozess gouf fir de 15. Mee programméiert. Eng lokal Zeitung huet den 12. Mee eng Notiz verëffentlecht, an där d'Awunner opgeruff goufen dem Washington säi Schicksal der Justiz z'iwwerloossen. De Fleming ass den 13. Mee op Robinson gereest fir d'Awunner ze bieden, roueg ze bleiwen. Seng Ried gouf gutt opgeholl. Dem Washington goufen e puer Affekoten ouni Erfarung zougewisen, déi keng Verdeedegung preparéiert hunn. Si hu festgestallt, datt hien an den Deeg virum Prozess ganz roueg gewierkt huet.

Prozess an Lynchen[änneren | Quelltext änneren]

E "faire" Prozess?[änneren | Quelltext änneren]

De 15. Mee mueres huet sech d'Geriichtsgebai vu Waco séier gefëllt an d'Mënschemass hat bal e puer Membere vun der Jury um betriede gehënnert. Observateuren hunn och d'Trëttoiren ronderëm d'Geriichtsgebai gefëllt; iwwer zweedausend Spectateure waren op der Plaz. Si ware bal all wäiss, mä e puer roueg Memberen aus der schwaarzer Communautéit vu Waco waren och do. Wéi de Washington an de Geriichtssall gefouert gouf huet eng Persoun aus dem Publikum eng Waff op hie geriicht, mä konnt awer séier iwwerwältegt ginn. Wéi de Prozess ugefaangen huet, huet de Riichter probéiert, fir Uerdnung ze suergen an insistéiert, d'Publikum sollt roueg sinn. D'Selektioun vun der Jury huet net laang gedauert; d'Verdeedegung huet kee vun de Choixe vum Procureur a Fro gestallt. D'Patricia Bernstein huet d'Stëmmung während dem Prozess als "kangaroo-court atmosphere" beschriwwen, also wéi wa mam Washington kuerze Prozess géing gemaach ginn. De Riichter huet de Washington no sengem Plädoyer gefrot an déi ënnerschiddlech potentiell Verdikter erkläert. De Washington huet eng Äntwert gegrommelt, méiglech ass datt et e "yes" war, wat vum Geriicht als Scholdbekenntnis interpretéiert ginn ass. De Procureur huet d'Virwërf beschriwwen, an d'Geriicht huet d'Zeienaussoe vu Polizisten an dem Dokter, deen dem Lucy Fryer hir Läich ënnersicht huet, gelauschtert. Den Dokter huet driwwer geschwat, wéi d'Lucy Fryer gestuerwen ass, mä keng Vergewaltegung ernimmt. De Procureur hat näischt dozou ze soen an dem Washington säin Affekot huet hie gefrot, op hien d'Verbriechen begaangen hätt. De Washington huet geäntwert "dat ass wat ech gemaach hunn" ("That's what I done [ sic ]") a sech roueg entschëllegt. Den Haaptprocureur huet sech doropshin un de Geriichtssall adresséiert an deklaréiert, de Prozess wier fair duerchgefouert ginn. Dofir krut hie vum Publikum eng Ovatioun. Duerno ass d'Jury sech besprieche gaangen.

D'Lynchen[änneren | Quelltext änneren]

De Lynchmobb bereet sech op d'Lynche vir
Dem Washington säi Kierper, wéi en um Bam hänkt
Déi verkuelte Läich vum Washington an den Äsche vum Feier

No enger véier-Minutten-laanger Bespriechung huet de Vertrieder vun der Jury e Scholdsproch an d'Doudesuerteel annoncéiert. De ganze Prozess huet ongeféier eng Stonn gedauert. Justizbeamte sinn du bei de Washington gaange fir hie materauszehuelen, mä si si vun enger Well vu Spectateuren op d'Säit gedréckt ginn, déi de Washington geholl hunn an hien no bausse gezunn hunn. De Washington huet sech ufanks nach gewiert an ee Mann gebass, mä ass séier iwwermannt ginn. Eng Kette gouf ëm säin Hals geluecht an hien ass vun engem Mobb, deen ëmmer méi grouss ginn ass, bei d'Gemengenhaus geschleeft ginn. Um Wee fir an de Stadzentrum goufe seng Kleeder ausgedoen, an et ass op hien agestach an ëmmer erëm mat stompege Géigestänn op hien ageschloe ginn. Beim Gemengenhaus hat schonn eng Grupp Leit d'Holz fir e Lagerfeier nieft engem Bam virum Gebai virbereet. De Washington, hallef bewosstlos a voller Blutt, gouf mat Ueleg iwwerschott a mat enger Ketten un de Bam gehaangen an op de Buedem gelooss. Leit aus dem Mobb huet seng Fangeren, Zéiwen a Genitalien ofgeschnidden. D'Feier gouf ugemaach an de Washington ass iwwer dem Feier erop- an erofgezu gi bis en zu Doud verbrannt war. Den däitsche Geléierte Manfred Berg ass der Meenung, d'Henker hätte probéiert hien um Liewen ze hale fir seng Péng ze maximiséieren. De Washington huet probéiert, d'Ketten eropzeklammen, wat him awer net gelongen ass well hie keng Fanger méi hat. No zwou Stonnen ass d'Feier ausgemaach ginn. Dat huet et den Zuschauer erlaabt, Erënnerungsstécker op der Plaz ze sammelen, dorënner dem Washington seng Schanken a Stécker vun der Ketten. Een Zuschauer huet Deeler vum Washington senge Genitalie gehalen; eng Grupp Kanner huet d'Zänn aus dem Washington sengem Kapp gebrach fir se als Souvenir ze verkafen. Zum Zäitpunkt, wéi d'Feier ausgemaach ginn ass, waren Deeler vum Washington sengen Äerm a Been verbrannt a säin Uewerkierper an Torso ware verkuelt. Säi Kierper gouf vum Bam geholl an hannert engem Päerd duerch d'Stad gezunn. Seng Iwwerreschter sinn op Robinson transportéiert ginn, wou se ëffentlech ausgestallt goufe bis e Polizist de Kierper spéider am Dag krut a begruewen huet.

Direkt lokal Bewäertung vum Lynchen[änneren | Quelltext änneren]

D'Lynchen hat e grousse Publikum ugezunn, dorënner de Buergermeeschter an de Policechef, obwuel d'Lynchen am Texas illegal war. De Sheriff Fleming huet senge Mataarbechter gesot, si sollten d'Lynchen net ophalen, a keen ass no der Affär verhaft ginn. D'Patricia Bernstein spekuléiert, de Sheriff wier haart mam vermeintleche Verbriecher ëmgaangen fir spéider am Joer nees op säi Posten erëmgewielt ze ginn. De Buergermeeschter huet de Mobb eventuell och encouragéiert, am Glawen d'Lynche wier fir hie politesch zu sengem Virdeel.

An der Mënschemass waren deelweis bis zu 15.000 Persounen. D'Telefoner hu gehollef d'Neiegkeet vum Lynchen ze verbreeden, wat et den Zuschauer erlaabt huet, sech méi séier ze versammele wéi an de Jore virdrun. Lokal Medien hu bericht, Leit hätte "viru Freed gejaut" ("shouts of delight") wéi de Washington gebrannt huet, obwuel si och geschriwwen hunn, e puer Leit wieren net domat averstane gewiescht. D'Waco Semi-Weekly Tribune huet behaapt, eng Rei schwaarz Awunner hätten nogekuckt, eng Ausso déi d'Historikerin Grace Hale éischter zweiwelhaft fënnt. Awunner vu Waco, déi wahrscheinlech kee Lien mat der ländlecher Fryer-Famill haten, hunn de gréissten Deel vum Lynchmobb gestallt. Well d'Lynchen an der Mëttesstonn war, si vill Kanner aus de lokale Schoulen an den Zentrum gelaf fir sech dat Ganzt unzekucken, an e puer sinn op Beem geklommen fir eng besser Vue ze hunn. Vill Eltere waren mam Nokucke vun hire Kanner averstanen an hu gehofft, d'Lynche géif de Glawen an déi wäiss Virherrschaft stäerken. E puer Texaner hunn d'Bedeelegung un engem Lynchen als Initiatiounsritual fir jonk Erwuessener gesinn.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

Postkaarte mat Fotoe vun der Aktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Fred Gildersleeve, a professionelle Fotograf an Awunner vu Waco, ass kuerz virum Lynche beim Gemengenhaus ukomm, eventuell op Nofro vum Buergermeeschter, an huet dat Ganzt fotograféiert. Seng Biller sinn eng rar Duerstellung vu engem Lynchen, dat am Gaangen ass; am Géigesaz zu den typesche Biller vu Lynchjustiz, déi nëmmen dat doudegt Affer weisen. Dem Gildersleeve seng Biller weisen ënner anerem Vuen op de Lynchmobb, déi aus engem Gebai gemaach goufen, an Noopname vum Washington sengem Kierper; e puer Biller si vläicht vun engem Assistent geholl ginn. De Gildersleeve huet Postkaarte produzéiert mat Biller vu Jugendlechen, vun deenen der e puer nëmmen zwielef Joer al sinn, déi ronderëm dem Washington seng Läich stinn. D'Persounen an de Fotoen hunn net versicht, hir Identitéit ze verstoppen. De Manfred Berg mengt, si wéissten, datt keen fir dem Washington säin Doud strofrechtlech verfollegt géif ginn, a wieren dowéinst prett gewiescht sech fotograféieren ze loossen. Obwuel eng Rei Awunner vu Waco Postkaarten u Familljememberen ausserhalb vun der Stad geschéckt hunn, hunn e puer prominent lokal Bierger de Gildersleeve konnten iwwerzeegen, déi Kaarten net méi ze verkafen, well si Angscht haten déi Biller kéinten der Stad e schlechten Numm ginn.

National Receptioun[änneren | Quelltext änneren]

An den Deeg nom Lynchen hunn déi meescht Zeitungen dat, wat geschitt war, veruerteelt. Bannent enger Woch gouf esouguer zu London doriwwer geschriwwen. An engem Leitartikelen an der New York Times gouf d'Opfaassung geäussert, a kengem anere Land, dat virgëtt ziviliséiert ze sinn, kéint e Mann op der Strooss an enger Stad ënnert dem brutale Jubel vun den Awunner zu Doud verbrannt ginn" ("in no other land even pretending to be civilized could a man be burned to death in the streets of a considerable city amid the savage exultation of its inhabitants"). D'New York Age huet d'Membere vum Lynchmobb als "méi niddereg wéi all aner Persounen, déi aktuell op der Äerd wunnen" beschriwwen ("lower than any other people who at present inhabit the earth"). Obwuel vill Zeitungen aus dem Süde vun den USA d'Lynche virdrun als Verdeedegung vun der ziviliséierter Gesellschaft verdeedegt hunn, hu si nom Washington sengem Doud déi Praxis net als sollech beschriwwen. De Montgomery Advertiser huet geschriwwen, "kee Wëlle Mann wier jee méi grausam gewiescht wéi d'Männer, déi un där schrecklecher, bal ongleeflecher Episod deelgeholl hunn" ("no savage was ever more cruel ... than the men who participated in this horrible, almost unbelievable episode"). An Texas hunn den Houston Chronicle an den Austin American de Lynchmobb kritiséiert, mä Positives iwwer Waco bericht. D'Morning News vun Dallas huet iwwer de Virfall bericht, mä kee Leitartikelen dozou geschriwwen.

Zu Waco huet den Times-Herald keen Editorial iwwer d'Lynche geschriwwen. D'Waco Morning News huet kuerz hiert Mëssfalen iwwer d'Lynchen ausgedréckt, an trotzdeem hir Kritik op Zeitunge fokusséiert, déi hirer Meenung no d'Stad onfair attackéiert géifen. Si huet déi kritesch Leitartikelen nom Lynchen als selbstgerecht ("Holier than thou") Remarken beschriwwen. E Schreiwer fir d'Waco Semi-Weekly Tribune huet d'Lynche verdeedegt a geschriwwen, de Washington hätt verdéngt ze stierwen an déi Schwaarz sollten dem Washington säin Doud als Warnung géint Verbriechen gesinn. An derselwechter Zeitung ass spéider en Editorial vun der Houston Post geprint ginn, deen d'Lynche veruerteelt huet, an deen vun der Waco Semi-Weekly Tribune als Deel vun enger Attack op d'Stad charakteriséiert gouf.

Limitéierte lokale Widderstand[änneren | Quelltext änneren]

E puer Awunner vu Waco hunn d'Lynche veruerteelt, dorënner lokal Paschtéier an de Leader vun der Baylor University. De Riichter vum Washington sengem Prozess huet spéider gesot, d'Membere vum Lynchmobb wiere "Mäerder"; de Spriecher vun der Jury huet der NAACP gesot, him hätt déi Aktioun net gefall. E puer Leit, déi dem Lynchmord nogekuckt haten, hunn undauernd Albdreem a psychologeschen Trauma protokolléiert. A puer Bierger hunn iwwerluecht, eng Protestaktioun géint d'Lynchen ze organiséieren, mä si hunn et net gemaach aus Angscht viru Represaillen a well si net wollten heuchleresch schéngen. Nom Lynchen hunn déi gewielte Vertrieder vun der Stad d'Ausso oprecht erhalen, e puer Onzefriddener wieren dofir verantwortlech gewiescht. Obwuel dës Ausso duerch fotografesch Beweisstécker widderluecht ass, hunn e puer Geschichten iwwer Waco dës Ausso widderholl. Et gouf keng negativ Konsequenze fir de Buergermeeschter oder de Policechef; obwuel si keng Ustrengungen ënnerholl haten, d'Lynchen ze stoppen, si si respektéiert Bierger zu Waco bliwwen. Wéi et bei esou Attacken üblech war, ass kee fir d'Lynche viru Geriicht gestallt ginn.

Reaktioun vun der afroamerikanescher Gemeinschaft[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel Leadere vun der schwaarzer Communautéit der Fryer-Famill ëffentlech hiert Bäileed ausgeschwat haten, hu si dem Washington säi Lynchen nëmmen a private Kreesser kritiséiert. Eng Ausnam war d'Zeitung Paul Quinn Weekly vum texanesche Paul Quinn College − enger exklusiv afroamerikanescher Institutioun – déi eng Rei Artikele verëffentlecht huet an deenen de Lynchmobb an d'Leedung vun der Stad kritiséiert goufen. An engem Artikel huet den Auteur proklaméiert, de Jesse Washington wier onschëlleg an den George Fryer wier den Täter gewiescht. Den Editeur vun der Zeitung gouf doropshin wéinst Verleumdung veruerteelt. Den George Fryer huet och de College wéinst Verleumdung verklot; seng Vehemenz huet e puer Awunner vu Robinson dozou bruecht, ze verdächtegen, datt hien hätt eng Roll beim Doud vu senger Fra gespillt huet. D'Patricia Bernstein schreift, et wier "héchst onwahrscheinlech" ("highly unlikely"), datt den George Dryer eng Roll bei der Lucy Fryer hirem Doud gespillt hätt, mä stellt och fest, datt et eng "minimal Wahrscheinlechkeet" ("shadow of a possibility") gëtt datt hien e bësse Schold géif droen.

Investigatioun a Campagne vun der NAACP[änneren | Quelltext änneren]

Bericht vum Elisabeth Freeman[änneren | Quelltext änneren]

D'NAACP huet d'Elisabeth Freeman agestallt, eng Aktivistin fir Fraewalrecht aus New York City. Si sollt d'Lynchen investigéieren.Si war schonn am spéiden 1915 oder am fréien 1916 an den Texas gereest, fir do ze hëllefen d'Fraewalrechtsbeweegung ze organiséieren. No der Bedeelegung un enger Walrechtskonferenz zu Dallas Ufanks Mee huet si hiren Optrag zu Waco ugefaangen, andeems si sech als Journalistin ausginn huet a Leit zum d'Lynche befrot huet. Si huet gemierkt, datt bal all d'Awunner gezéckt hunn, fir iwwer dat wat virkomm war ze schwätzen. Si huet mat offizielle Vertrieder vun der Stad geschwat a krut Biller vum Lynche vum Gildersleeve, deen ufanks net gewëllt war, déi Biller ze liwweren. Obwuel si Angscht ëm hir Sécherheet hat, huet hir d'Erausfuerderung vun der Untersuchung gefall. Wa si mat offizielle Vertrieder vun der Stad geschwat huet, huet d'Freeman si iwwerzeegt, si géif Waco géint Kritik verteidege wa si nees am Norde vun den USA wier. E puer Journalisten hunn hir Presenz séier suspekt fonnt an d'Awunner gewarnt, net mat Aussestoenden ze schwätzen. Lokal Afroamerikaner hu si awer frëndlech empfaangen.

De Sheriff Fleming an de Riichter hu mat hir geschwat. Allenzwee hu si argumentéiert, si géif keng Schold fir d'Lynchen treffen. E Schoulmeeschter, deen de Washington kannt hat, huet der Freeman gesot, de Washington wier Analphabet gewiescht, an datt all Effort him d'Liese bäizebréngen ëmsoss gewiescht waren. D'Freeman huet gemengt, datt déi meescht wäiss Awunner kee Problem mam Lynchmord um Washington hätten, awer vill vun hinnen et net gutt fonnt hätten, datt säi Kierper mutiléiert gouf. Si huet ermëttelt, datt de Lynchmobb vun engem Steemetzer ("bricklayer"), engem Barbesëtzer ("saloonkeeper") an e puer Employéeë vun enger Äisfirma geleet gouf. D'NAACP huet déi Persounen net ëffentlech identifizéiert. D'Freeman ass zur Schlussfolgerung komm, datt de Washington d'Lucy Fryer ëmbruecht huet an datt säi Motiv hir dominéierend Astellung him géigeniwwer gewiescht wier.

Veraarbechte vum Bericht duerch de W. E. B. Du Bois[änneren | Quelltext änneren]

De W. E. B. Du Bois war iwwer d'Neiegkeet vun der Attack extrem opbruecht. Hie war der Meenung, all Gespréich iwwer den Triumph vun der Chrëschtlechkeet oder d'Verbreedung vun der mënschlecher Kultur wier dommt Geschwätz, esou laang wéi e Lynchmord wéi deen zu Waco an de Vereenegte Staate méiglech wier. Nodeems hien der Freeman hire Bericht krut, huet hien eng Foto vum Washington senger Läich op d'Titelsäit vun enger Ausgab vun The Crisis placéiert, der Newsletter vun der NAACP. Déi Ausgab huet ënner dem Titel "The Waco Horror" d'Lynche vum Washington thematiséiert a gouf als aachtsäiteg Bäilag zur Juliausgab publizéiert. Den Du Bois huet de Begrëff "Waco Horror" als Numm fir d'Lynche vum Washington populariséiert; schonn den Houston Chronicle an d'New York Times haten d'Wuert "Horror" benotzt fir de Virfall ze beschreiwen.

1916 hat The Crisis eng Oplag vun ongeféier 30.000 Exemplairen, dräimol méi wéi d'NAACP Memberen hat. Obwuel d'Zäitschrëft an der Vergaangenheet scho méi dacks géint d'Praxis vum Lynche gekämpft huet, war dat déi éischt Editioun, an där Biller vun enger Attack ze gesi waren. De Virstand vun der NAACP huet ufanks nach gezéckt, esou explizit Biller ze verëffentlechen, mä den Du Bois huet insistéiert an argumentéiert, datt esou onzenséiert Biller wäiss Amerikaner dozou brénge géifen, sech fir e Wandel anzesetzen. Zousätzlech zu de Fotoe waren an der Ausgab och der Freeman hir Zeienaussoe vun Awunner vu Waco ze fannen. Den Du Bois huet den The-Crisis-Artikel iwwer d'Lynche geschriwwen; hien huet der Freeman hire Bericht iwwerschafft a fir d'Verëffentlechung preparéiert. D'Freeman selwer ass net an där Ausgab ernimmt ginn. Den Artikel huet mat engem Appell fir d'Ënnerstëtze vun der Anti-Lynch-Beweegung opgehalen. D'NAACP huet de Bericht un honnerten Zeitungen a Politiker verdeelt. Si huet eng Campagne lancéiert, déi zur wäitleefeger Veruerteelung vum Lynche gefouert huet. Vill wäiss Observateure waren entsat iwwer d'Leit aus de Südstaaten, déi d'Lynche gefeiert hunn. An de spéideren Ausgabe vun The Crisis waren méi Biller vun anere Lynchattacken ze gesinn. Dem Washington säin Doud ass ëmmer erëm an The Crisis diskutéiert ginn. An enger spéiderer Ausgab stoung, d'Verbriechen zu Waco wier eng Erausfuerderung fir d'amerikanesch Zivilisatioun ("the crime at Waco is a challenge to our American civilization").

Spéider Aktioune vun der NAACP[änneren | Quelltext änneren]

Aner afroamerikanesch Zeitungen haten och eng grouss Berichterstattung iwwer d'Lynchen, genee wéi liberal Zeitunge wéi The New Republic an The Nation. D'Freeman ass ronderëm d'USA gereest fir viru Publikum iwwer hir Investigatioun ze schwätzen, a war der Meenung, mat engem Wiessel an der ëffentlecher Meenung géif ee méi wäit komme wéi mat Gesetzer. Obwuel et aner Lynchmorde gouf, déi genee esou brutal ware wéi dem Washington säin, huet d'Existenz vun de Fotoen an d'Schauplaz vu sengem Doud et eng "cause célèbre" gemaach. Leadere vun der NAACP hu gehofft, e Prozess géint d'Verantwortlech vum Washington sengem Doud ze féieren, mä hunn dat wéinst den héije Käschten opginn.

D'NAACP hat ëm déi Zäit finanziell Problemer. Hir Anti-Lynch-Campagne huet d'Sammele vu Suen zwar erliichtert, mä dat ass awer nees zréckgaange wéi d'USA sech am Éischte Weltkrich engagéiert hunn. Den NAACP-President Joel Elias Spingarn huet spéider gesot, der Grupp hir Campagne hätt d'Lynchen als nationale Problem an d'ëffentlecht Bewosstsinn bruecht. An hirer Studie aus dem Joer 2006 iwwer d'Lynche beschreift d'Patricia Bernstein d'Anti-Lynch-Campagne als den néidegen Ufank vun engem Kampf, dee vill Jore géing daueren ("barest beginnings of a battle that would last many years").

D'Zuel u Lynchattacken ass an den USA an de spéiden 1910er Joren an d'Luucht gaangen. Zu Waco goufen et aner Attacken an den 1920er, deelweis wéinst dem Neiopkomme vum Ku Klux Klan. An de spéiden 1920er dunn awer haten d'Autoritéiten zu Waco ugefaangen, d'Afroamerikaner viru Lynchattacken ze schützen, wéi am Fall vum Roy Mitchell. D'Autoritéiten haten Angscht, déi schlechter Publizitéit, déi esou Attacke provozéiert hunn – wéi d'NAACP-Campagne nom Washington sengem Doud – wieren en Hindernis fir hir Efforten, Investisseuren unzezéien. D'NAACP huet dovir gekämpft, d'Lynchen als brutal a barbaresch Praxis duerzestellen, eng Iddi, déi schlussendlech am ëffentleche Bewosstsinn gegraff huet. D'Patricia Bernstein schreift der Organisatioun gutt, si hätt gehollef mat de schlëmmsten ëffentleche Grausamkeete vum rassistesche System an der Regioun vu Waco Schluss ze maachen.

Analys a Vermiechtnes[änneren | Quelltext änneren]

Sozialwëssenschaftlech Bewäertung[änneren | Quelltext änneren]

2011 huet de Manfred Berg spekuléiert, de Washington hätt d'Lucy Fryer wahrscheinlech ëmbruecht, mä dru gezweifelt, datt en si och vergewaltegt hätt. Am selwechte Joer huet d'Julie Armstrong vun der University of South Florida argumentéiert, datt de Washington méiglecherweis komplett onschëlleg wier. D'Patricia Bernstein notéiert, datt dem Washington seng Motiver ni etabléiert goufen. Si seet och, datt säi Geständnes hätt kënnen ënner Drock gemaach ginn, an datt d'Mordwaff − wahrscheinlech dat wichtegst Beweisstéck géint hien – hätt kënne vun den Autoritéiten op d'Plaz geluecht ginn.

Der Patricia Bernstein no war d'Lynche vum Jesse Washington en eenzegaartegt Evenement, well et an enger Stad geschitt ass, déi e Ruff hat, progressiv ze sinn; an awer waren do dausende Leit, déi a freedeger Erwaardung der brutaler Folter nogekuckt hätten. Ähnlech Aktioune vu Gruppegewalt ass soss nëmmen a klenge Stied mat wéineg Zuschauer virkomm. De William Carrigan vun der Rowan University argumentéiert, datt d'Kultur am zentralen Texas d'vergeltend Gruppeselbstjustiz während Joerzéngte virum Washington sengem Doud glorifizéiert hätt, an datt dowéinst esou eng brutal Attack ëffentlech gefeiert konnt ginn. D'Grace Hale ass der Meenung, dem Washington säin Doud hätt e Wandel an der Lynchpraxis signaliséiert; si géif demonstréieren, datt d'Lynchen och a moderniséierte Stied vum 20. Joerhonnert akzeptéiert gi wier. D'Grace Hale seet, d'Lynche vum Washington géif illustréieren, wéi technologesch Innovatiounen wéi den Telefon oder bëlleg Fotografien e Lynchmobb kéinte bekräftegen, mä och der Gesellschaft hir Veruerteelung vun deenen Aktioune stäerken.

An hirer Etüd iwwer d'Lynchen aus dem Joer 2004 vergläichen de Peter Ehrenhaus an d'A. Susan Owen d'Lynche mam Bluttaffer, an argumentéieren, d'Awunner vu Waco hätten no dem Washington sengem Doud e Gefill vu kollektiver Gerechtegkeet gespiert, well si hien als d'Presenz vum Béisen an hirer Gemeinschaft betruecht hätten. D'Patricia Bernstein vergläicht déi ëffentlech Brutalitéit vum Lynchmobb mam der englescher Praxis vum Hängen, Ausweiden a Véierdeelen vu Leit, déi wéinst Héichveroot veruerteelt goufen.

D'Amy Louise Wood vun der Illinois State University beschreift d'Evenement als Moment, deen d'Geschicht vum Lynchen definéiert hätt ("a defining moment in the history of lynching"). Mam Washington sengem Doud hätt d'Lynchjustiz schlussendlech hiren eegenen Enn provozéiert ("lynching began to sow the seeds of its own collapse"). Obwuel virdru wäiss Rassiste vun de brutalen Attacke profitéiert hätten, hätt nom Mord um Washington d'Anti-Lynch-Beweegung profitéiert, well si elo an hirer Campagne Fotoe konnt benotzen, déi rassistesch motivéierter Brutalitéit gewisen hunn.

De William Carrigan hieft ervir, datt dem Washington säin Doud wahrscheinlech méi ëffentlech Opmierksamkeet an de Vereenegte Staate krut wéi all aner Lynchattack. Hie gesäit d'Evenement als Wendepunkt an der Geschicht vun der Gruppegewalt am zentralen Texas ("turning point in the history of mob violence in Central Texas"). Obwuel d'Opjäizen, dat et provozéiert huet, der Praxis keen Enn gesat huet, hätt et gehollef dat esou Attacke keen ëffentleche Support vu gewielte Stadvertrieder méi géife kréien. De Carrigan seet, de Mord um Jesse Washington wier de berüchtegtsten Dag an der Geschicht vum zentralen Texas ("the most infamous day in the history of central Texas") gewiescht, bis zur Belagerung vu Waco am Joer 1993.

D'Veraarbechte vum Lynchmord zu Waco[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems d'Lynchjustiz am zentralen Texas ënnerdréckt gi war, hunn déi lokal Historiker sech eng laangzäit net fir se interesséiert. Trotzdeem krut Waco e Ruff fir Rassismus – zum Deel ass deen duerch amerikanesch Geschichtsschoulbicher verstäerkt ginn – wouriwwer sech déi wäiss Awunner vun der Stad iergeren. An de Joren nom Lynchen hunn Afroamerikaner d'Stad Waco mepriséiert – e puer Leit hunn den Tornado 1953 zu Waco als gëttlech Strof empfonnt. Déi wäiss Leadere vu Waco haten eng pazifistesch Approche géigeniwwer de Manifestatioune vum Civil Rights Movement, méiglecherweis fir d'Stad net nees ze stigmatiséieren.

De Blues-Museker Sammy Price huet eng Versioun vum Lidd "Hesitation Blues" opgeholl, an deem eng Referenz op d'Lynche vum Jessy Washington ze fannen ass. De Price huet als Kand zu Waco gelieft, méiglecherweis zur Zäit vum Washington sengem Doud. De Schrëftsteller Madison Cooper, deen zu Waco gewunnt huet, huet iwwer d'Lynchen als Schlësselmoment a sengem 1952er Roman "Sironia, Texas" geschriwwen. Et gëtt ugeholl, datt et op dem Washington sengem Doud baséiert ass.

An den 1990er huet de Lawrence Johnson, e Member vum Gemengerot vu Waco, Biller vum Washington sengem Lynchen am National Civil Rights Museum gesinn a sech fir e Monument agesat, dat un d'Lynche erënnert. 2002 huet de Lester Gibson, en anere Gemengerotsmember, proposéiert, eng Plack am Geriichtsgebai vu Waco opzehänken. Hien huet och gefuerdert, d'Stad sollt sech op där Plack entschëllegen. Déi Iddie goufen diskutéiert mä sinn am Sand verlaf. An den 2000er ass d'Iddi vun engem Monument vun der Handelskummer vu Waco an engem Commissaire aus dem McLennan County nei opbruecht ginn. D'Waco Herald Tribune huet sech an engem Leetartikel dofir ausgeschwat, datt d'Plaz vum Lynchmord markéiert gëtt. E puer Nokomme vum Lucy Fryer ware géint dat proposéiert Monument.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dësen Artikel ass eng liicht adaptéiert Iwwersetzung vum Artikel "Lynching of Jesse Washington" an der Versioun vum 19. Juni 2017. Fir d’Quelle vun där Versioun ze gesinn, kuckt w.e.g. hei.