Allgemengt Walrecht

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Annie Kenney and Christabel Pankhurst.jpg

Ënner allgemengem Walrecht versteet een d'Recht fir jiddwereen, dee groussjäreg ass, kënne bei Wale matzemaachen. Ausname kënne sinn, wann ee seng biergerlech Rechter verluer huet (z. B. bei schwéiere Verbriechen) oder net d'Nationalitéit huet vun deem Land, an deem ee wunnt (bei Wale fir en nationaalt Parlament).

Éier et en allgemengt Walrecht gouf, gouf et a ville Länner dat sougenannt Zensus-Walrecht, dat heescht, et hunn nëmmen déi däerfe Wiele goen, déi e festgesate Minimum u Steiere bezuelt hunn. Och Fraen hu laang net däerfe wielen, an a verschiddene Länner (wéi z. B. a Südafrika vum Apartheidsregimm, oder och an den USA bis an d'Hallschent vum 20. Joerhonnert) war d'Hautfaarf e Critère, wie wielen däerft a wien net.

Allgemengt Walrecht zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf d'allgemengt Walrecht 1919 duerch d'Verfassungsännerung vum 15. Mee agefouert. Dëst war eng laangjäreg Fuerderung ë. a. vun de Sozialiste gewiescht. Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 huet awer virun allem d'Rietspartei profitéiert (wat Wielerstëmmen ubelaangt), där hir Rechnung, datt d'Fraen, wa se d'Walrecht hätten, éischter konservativ wiele géifen (oder sou, wéi se gesot kréichen), opgaangen ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Renée Wagener: "Was heißt hier allgemein? Die Demokratisierung des Wahlrechts in Luxemburg." In: forum 373, Mai 2017, S.28-31.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]