Sozialdemokratesch Partei (1903)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der 1903 gegrënnter Partei. Fir déi eponym Partei, déi 1970 gegrënnt gouf, kuckt wgl. Sozialdemokratesch Partei (1970).

D'Sozialdemokratesch Partei (op Franséisch Parti Social Démocrate; op Däitsch Sozialdemokratische Partei) war eng lëtzebuergesch politesch Partei. Si huet sech zweemol ëmgenannt: 1916 a Sozialistesch Partei an 1924 a Lëtzebuerger Aarbechterpartei. Zënter 1945 heescht si Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP).

Tëscht 1970 an 1984 gouf et zu Lëtzebuerg nach eng aner Sozialdemokratesch Partei.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufank[änneren | Quelltext änneren]

Publikatioun vun der sozialistescher Chamberfraktioun (Welter, Brasseur, Spoo, Metzler an Diderich) fir d'Wieler aus dem Kanton Esch-Uelzecht fir d'Wale vum 26. Mee 1908

Géint dem Enn vum 19. Joerhonnert sinn déi éischt Politiker zu Lëtzebuerg (virun allem am Kanton Esch) opgetrueden, déi sech dem sozialisteschen Ideal verschriwwen haten. Schonn 1890 gouf den éischte Sozialist, de Caspar Mathias Spoo, fir de Kanton Esch-Uelzecht an d'Chamber gewielt.

Am Januar 1902[1] gouf de Sozialdemokratischer Verein für Luxemburg und Umgebung an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt.[2][3] Grënnungsmembere waren den Dokter Michel Welter, de Jacques Thilmany, de Michel Dapp, de Jean Schaack-Wirth, de Franz Merens, de Georges Droessaert an de Servais Thomas. D'Partei selwer gouf am Januar 1903 gegrënnt.[3]

D'Sozialdemokratesch Partei war déi éischt lëtzebuergesch politesch Partei mat Bedeitung. No hirer Grënnung goufen och nach zwou aner Parteien opgestallt, déi eng gréisser Roll gespillt hunn: d'Liberal Liga (1904) an d'Rietspartei (1914). D'Sozialdemokratesch Partei huet sech fir d'Rechter vun den Aarbechter agesat a war vun Ufank un am industrialiséierte Kanton Esch-Uelzecht am stäerksten. Mam Xavier Brasseur, Michel Welter, Jean-Jacques Diderich, Caspar Mathias Spoo a Léon Metzler souzen 1902 fënnef Sozialdemokraten an der Chamber.[4],[5]

1905 huet sech der Sozialdemokratescher Partei hire lénke Flillek ofgespléckt fir d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei ze grënnen. Déi ass 1912 awer nees an der Sozialdemokratescher Partei opgaangen.[6]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sozialdemokratesch Aarbechterpartei.

D'Sozialdemokratesch Partei war en Zesummeschloss vu ville klengen Uertsverbänn.[7] De fënnefte "sozialdemokratesche Veräin" gouf zum Beispill schonn am Juni 1903 zu Téiteng gegrënnt.[8]

Allianz mat der Liberaler Liga[änneren | Quelltext änneren]

Trotz grousse programmateschen Ënnerscheeder huet d'Sozialdemokratesch Partei 1908 eng Allianz mat der Liberaler Liga (LL) geschloss. Déi Allianz, de Lénksblock, huet d'Politik vum liberale Premierminister Paul Eyschen ënnerstëtzt - deen iwwregens net Member an der LL war. De Lénksblock huet no der Sekularisatioun vum Schoulunterrecht, dem Zeréckdränge vum Afloss vun der kathoulescher Kierch an dem Aféiere vum allgemenge Walrecht gestrieft. Déi Pläng sinn awer op Widderstand bei de Konservativen, d'Rietspartei mat abegraff, an de parteilosen ale Liberale gestouss. De lénkse Block huet d'Chamberwalen 1908, 1911 an 1912 gewonnen. 1912 gouf en neit Schoulgesetz gestëmmt, dat ënner anerem d'Schoulgeld ofgeschaaft huet, der Kierch hiren Afloss op d'Schoul begrenzt an de lëtzebuergesche Sproochenunterrecht zur Obligatioun gemaach huet.

Éischte Weltkrich an Tëschekrichszäit[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Schortgen war den éischten Aarbechter an der Chamber
D'Sozialistin Marguerite Thomas-Clement war déi éischt Fra an der Chamber

1914 gouf de Jean Schortgen, en einfache Minnenaarbechter ouni aktiivt Walrecht, als éischten Aarbechter an d'Chamber gewielt.[9]

Tëscht 1914 an 1918 war Lëtzebuerg vum Däitsche Räich besat, mee d'politescht Liewen ass weider gaange soulaang d'Interesse vum Besatzer net a Gefor waren.

Den 3. Mäerz 1915 ass den Ernest Leclère aus de Sozialdemokratescher Partei Minister an der Regierung Eyschen ginn. Och an der Regierung Thorn (1916-1917) souz e Sozialist, de Michel Welter, deen no e puer Méint duerch de Leclère ersat gouf. An de Regierungen drop war kee Member aus der Sozialdemokratescher Partei méi dobäi, obwuel heiansdo ee parteilose Sozialdemokrat eng Plaz krut.

1916 huet sech d'Sozialdemokratesch Partei ëmbenannt an ass zur Sozialistescher Partei ginn.

D'Aféiere vum allgemenge Walrecht fir Männer a Fraen am Joer 1919, eng laangjäreg Fuerderung vun de Sozialisten, huet dozou gefouert, datt aus der Sozialdemokratescher Partei eng richteg Vollekspartei konnt ginn. Deementspriechend krut d'Sozialdemokratesch Partei bei de Chamberwalen 1919 och méi Sëtz wéi d'Liberal Liga. Trotzdeem ass d'Rietspartei déi stäerkst Kraaft am Parlament bliwwen. Bei deene Walen ass mat der Sozialistin Marguerite Thomas-Clement och déi éischt Fra an d'CHamber gewielt ginn.

E grousse Réckschlag war d'Ofsplécke vum lénke Flillek vun der Partei um sozialistesche Kongress am Januar 1921 zu Déifferdeng. Do huet ënner anerem déi däitsch Kommunistin Clara Zetkin deelgeholl an et ass d'Demande gestallt ginn, sech der Kommunistescher International unzeschléissen. Eng vun de Konditiounen dofir war, datt sech d'Gewerkschaften der Partei géigeniwwer sollten ënneruerdnen. Dofir hätten d'Gewerkschaften hir politesch Onofhängegkeet mussen ofginn. Dat wollte vill Delegéiert, déi gewerkschaftlech aktiv waren, net akzeptéieren, a sou gouf déi Demande verworf. D'Kommunisten aus der Partei hunn doropshin hir eege Partei gegrënnt, d'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg.[10]

E weider schwéiere Réckschlag fir d'sozialistesch Cause war de grousse Streik am Mäerz 1921, deen duerch Entloossunge bei der HADIR provozéiert gouf. En gouf mat Hëllef vu franséischen Truppen néiergeschloen an hat schlëmm Konsequenze fir vill Bedeelegter, déi verurteelt an entlooss goufen. Domat louch d'Hoffnung op eng Verbesserung vun de Konditioune vun den Aarbechter nees um Buedem.[10]

1924 huet sech d'Sozialdemokratesch Partei ëmbenannt an ass zur Lëtzebuerger Aarbechterpartei ginn.[10][11] An den neie Statutte stoung och, datt all Member sollt Member an enger fräier, also konfessiounsloser, Gewerkschaft sinn.[10][11] Leedend Männer ware Gewerkschaftler wéi de Pierre Krier an Nicolas Biever.[10]

An der Regierung Dupong-Krier 1937 war d'Lëtzebuerger Aarbechterpartei fir d'éischte Kéier Deel vun enger Regierung.

Den Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuerg tëscht 1940 an 1945 vun Däitschland besat an all d'politesch Parteie goufen opgeléist. An der Lëtzebuerger Exilregierung, déi sech zu London néiergelooss hat, ware mam Pierre Krier a Victor Bodson och zwee Ministeren aus der Lëtzebuerger Aarbechterpartei.

Nom Krich hunn d'Sozialiste hir Partei nom Virbild vun der englescher Labour Party restrukturéiert an hir hiren aktuellen Numm ginn: Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP).[12]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei.

Walresultater[änneren | Quelltext änneren]

Walresultater[13]
Sozialistesch Partei / Lëtzebuerger Aarbechterpartei
Joer Gewielt Deputéiert Insgesamt Zuel un
Deputéiert an der Chamber
Prozentsaz
1918 12 53 23%
1919 8 48 17%
1922 7 48 15%
1925 8 47 17%
1928 12 52 23%
1931 15 54 28%
1934 14 54 26%
1937 17 55 31%

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. P. Kieffer et al.: 50 Jahre Dienst am Volke. Das Werden und Wachsen der sozialistischen Bewegung in Luxemburg. Bd. 1: Von 1900-1924. Lux. Genossenschaftsdruckerei, Esch/Alzette 1952, S. 16: Am 2. Sonntag im Januar 1902, fand die Gründungsversammlung der sozialdemokratischen Partei statt. Dat wier den 12. Januar 1902.
    De P. J. Muller (Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vlg. "De Frendeskres" u. Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg 1968, S. 324) gëtt de 5. Januar 1902 als Grënnungsdag un; dat wier den 1. Sonndeg am Januar 1902.
    Beim B. Fayot liest een: Allgemein wird angenommen, daß die heutige LSAP am Sonntag, de 26. Januar 1902 in der Hauptstadt gegründet wurde. (B. Fayot: Sozialismus in Luxemburg. Von den Anfängen bis 1940. C.R.E.S., Luxemburg 1979, S. 67). Deen Datum -d. h. den 3. Sonndeg am Januar 1902 — fënnt een och an der Broschür 100 Joer Sozialistesch Partei zu Lëtzebuerg. LSAP 1902-2002: le LSAP hier et aujourd'hui, Édition de la Mémoire Socialiste, Luxembourg 2003, S. 15, mat der Prezisioun, dat wier d'Grënnung vun der Lokalsektioun vun der Stad Lëtzebuerg an Ëmgéigend (Sozialdemokratischer Verein für Luxemburg und Umgebung) gewiescht.
  2. Romain Hilgert: Die älteste Partei des Landes feiert ihren 100 Geburtstag. in d'Lëtzebuerger Land (31. Oktober 2002)
  3. 3,0 3,1 Margaret Ferns: Election 2018: Introducing LSAP (25. September 2018)
  4. d'Heftchen, S. 32
  5. Dormal, Säit 262
  6. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. Luxemburg 2004, S. 166.
  7. Dormal, S. 343
  8. d'Heftchen, S. 28
  9. d'Heftchen, S. 9
  10. 10,0 10,1 10,2 10,3 10,4 d'Heftchen, S. 43
  11. 11,0 11,1 Dormal, Säit 364
  12. Guy Thewes: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848 (Editioun 2011), Säit 123
  13. Dormal, S. 380