Pierre Krier
Pierre Krier | |
---|---|
De Pierre Krier, ufanks der 1930er Joren. | |
Gebuer |
5. Mäerz 1885 Bouneweg |
Gestuerwen |
20. Januar 1947 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewerkschaftler, Politiker |
Partei | LSAP |
Famill | |
Bestuet mat | Lily Becker |
Geschwëster | Antoine Krier |
De Pierre Krier, gebuer de 4. Mäerz 1885 zu Bouneweg, a gestuerwen den 20. Januar 1947 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
De Pierre Krier war geléierten Eisebunnsschlässer, hie gouf fir d'éischt Heizer, duerno Lokomotivführer bei der Cie Guillaume-Luxembourg.
1916 gouf e Mataarbechter vun der Wochenzeitung Die Schmiede vun der Sozialdemokratesch Partei.
De Gewerkschaftler
[änneren | Quelltext änneren]Am September 1916 war hie bei der Grënnung vun der éischter sozialistescher Gewerkschaft Luxemburger Metallarbeiter-Verband dobäi.
Vum Juli 1919 u war hie Generalsekretär vun de fräie Gewerkschaften a Redakter vun hirer Publikatioun, Der Proletarier.
Hien huet d'Fusioun vun der neutraler Gewerkschaft mat dem Luxemburger Metallarbeiter-Verband preparéiert an en huet zesumme mat sengem Frënd Nicolas Biever déi nei Gewerkschaft déi aus där Fusioun ervirgaangen ass: Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband.[1]
Deputéierten
[änneren | Quelltext änneren]Den 30. Mee 1918 gouf hie bei de Walen am Kanton Esch op der Lëscht vun de Sozialdemokraten an d'Chamber gewielt. Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919, de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925, esou wéi de Partiell Chamberwale vum 3. Juni 1928 an de Partiell Chamberwale vum 3. Juni 1934 gouf hie jeeweils erëmgewielt ginn an ass am November 1937 duerch de Marcel Feller ersat ginn, wéi hie selwer Minister gouf.[2]
Gemengeconseiller
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1924 bis 1937 war hien am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
Minister
[änneren | Quelltext änneren]De 5. November 1937 gouf hien Aarbechtsminister an der Regierung Dupong-Krier. Hien huet dëse Portefeuille bis zu sengem Doud 1947 bäibehalen, och an der Zäit vun der Exilregierung.
Famill
[änneren | Quelltext änneren]De Pierre Krier war mat der Gewerkschaftlerin a Fraerechtlerin Lily Becker bestuet. Hie war de Brudder vum Antoine Krier.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]An der Stad Lëtzebuerg, zu Bäreldeng, Bieles, Déifferdeng, Diddeleng, Schëffleng, Sëll a Walfer goufe Stroossen no him genannt; zu Esch-Uelzecht e Boulevard, eng Plaz an eng Cité, an zu Éiner eng Plaz.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Regierungsmemberen
- Regierung vun der Befreiung
- Regierung vun der Nationaler Unioun
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Bras de fer 1918-1929 vum Charles Barthel S. 338, saint-paul 2006 ISBN 978-2-87996-735-6
- ↑ Lokalneuigkeiten am Escher Tageblatt vum 6. November 1937 op eluxemburgensia.lu