Regierung vun der Nationaler Unioun

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Regierung vun der Nationalunioun ass aus den éischte Chamberwalen nom Enn vum Zweete Weltkrich, déi den 21. Oktober 1945 ofgehale goufen, ervirgaangen. Si huet hiert Amt de 14. November 1945 ugefaangen.

Et war eng grouss Koalitiounsregierung, an där déi 4 Parteie mat deene meeschte Sëtz an der Chamber (CSV, LAP, Groupement Démocratique a KPL) vertruede waren.

Den 29. August 1946 koum et zu enger Ëmbildung; de Guillaume Konsbruck gouf ersat duerch de Lambert Schaus, d'Portefeuillë goufe liicht anescht verdeelt. Och zwéi Ministeren, déi am Amt gestuerwe waren (de Charles Marx an de Pierre Krier) goufen deelweis remplacéiert.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 14. November 1945 bis den 29. August 1946[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Dupong (CSV): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
  • Joseph Bech (CSV): Ausseminister, Minister fir Wäibau
  • Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung a Minnen (Erëmopbau)
  • Nicolas Margue (CSV): Minister fir Erzéiung, Kultus, Konschten a Wëssenschaften a Landwirtschaft
  • Victor Bodson (Aarbechterpartei): Minister fir Justiz, Transport a Bauten
  • Guillaume Konsbruck: Minister fir Ravitaillement a Wirtschaft
  • Eugène Schaus (Groupement Démocratique): Inneminister (Krichsschied)
  • Charles Marx (KPL): Minister fir Sozialhëllef an ëffentlech Gesondheet (Rapatriement) (no engem déidlechen Accident den 13. Juni 1946 ersat duerch den Dominique Urbany)

Vum 29. August 1946 bis den 1. Mäerz 1947[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Dupong (CSV): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Finanzen an d'Arméi
  • Joseph Bech (CSV): Ausseminister, Minister fir Wäibau
  • Pierre Krier (Aarbechterpartei): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung a Minnen (+ 20. Januar 1947)
  • Nicolas Margue (CSV): Minister fir Erzéiung, Kultus, Konschten a Wëssenschaften a Landwirtschaft
  • Victor Bodson (Aarbechterpartei): Minister fir Justiz, Transport a Bauten (huet nom Doud vum Pierre Krier och deem seng Portefeuillen iwwerholl)
  • Eugène Schaus (Groupement Démocratique): Inneminister (Krichsschied)
  • Dominique Urbany (KPL): Minister fir Sozialhëllef an ëffentlech Gesondheet
  • Lambert Schaus (CSV): Minister fir Ravitaillement a Wirtschaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]