Regierung Reuter

Vu Wikipedia

D'Regierung Reuter war zu Lëtzebuerg vum 28. September 1918 bis den 20. Mäerz 1925 am Amt. Si war aus de Chamberwale vum 28. Juli, respektiv dem 4. August 1918 ervirgaangen a gouf de 5. Januar 1920 ëmgebilt, als Resultat vun de Chamberwale vum 26. Oktober 1919.

De 15. Abrëll 1921 koum et zu enger weiderer Ëmbildung, wéi déi Liberal net méi an der Regierung dobäi waren.

D'Regierung Reuter hat virun allem domat ze dinn, déi wirtschaftlech a politesch Nei-Orientéierung vu Lëtzebuerg, nom Enn vum Éischte Weltkrich, z'organiséieren, d.h. d'Erausgoen aus der Douanesunioun mat dem Däitsche Räich, dem sougenannten Däitschen Zollveräin, an d'Opbaue vun enger Wirtschafts- a Wärungsunioun mat der Belsch, der Union économique belgo-luxembourgeoise (UEBL). Och d'Stolindustrie an d'Eisebunn hunn hir respektiv Besëtzer misse wiesselen.

1925 koum et zu enger Regierungskris well d'Chamber de Virschlag vun der Regierung, d'Eisebunnsgesellschafte Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri ze vereenegen, refuséiert huet. D'Regierung Reuter ass doropshin zeréckgetrueden.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 28. September 1918 bis de 5. Januar 1920[änneren | Quelltext änneren]

Vum 5. Januar 1920 bis de 15. Abrëll 1921[änneren | Quelltext änneren]

Vum 15. Abrëll 1921 bis den 20. Mäerz 1925[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]