Guillaume Soisson
Guillaume Soisson | |
---|---|
Gebuer |
18. November 1866 Luerenzweiler |
Gestuerwen |
27. August 1938 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
Partei | Rietspartei |
De Guillaume Soisson, gebuer den 18. November 1866 zu Luerenzweiler, a gestuerwen de 27. August 1938 an der Stad, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
No senger Ausbildung zum Ingenieur huet de Guillaume Soisson am Stater Kolléisch ënnerriicht. 1913 an dann nees 1923 bis 1925 war hie Minister vun den ëffentlechen Aarbechten.
De Guillaume Soisson war Auteur vun enger ganze Rëtsch vu wëssenschaftlechen a populärwessenschaftlechen Aarbechten, ë. a. iwwer Radio a Radioaktivitéit, d'Kuel an der Meurthe-et-Moselle, iwwer ugewannte Geologie a Flësseggas, iwwer elektresch Iewen an der Elektro-Siderurgie, iwwer Dampturbinnen an de Plang vun engem Meuse-Musel-Kanal. Hie war am Ingenieurs-Verband aktiv an huet sech ëm deem säi Bulletin gekëmmert.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[1]
- Grand officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[2]
- Grand officier vum Ordre de Léopold
- Commandeur vun der Légion d'honneur
- Officier vun der Instruction civique
Minister vun den ëffentlechen Aarbechten | ||
Virdrun Victor Thorn |
1915 - 1916 | Duerno Antoine Lefort |
Virdrun Guillaume Leidenbach |
1923 - 1925 | Duerno Norbert Dumont |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert de(n) 26.09.2011. Gekuckt de(n) 12.01.2013.
- ↑ Doudesannonce vum Guillaume Soisson am Luxemburger Wort vum 29. August 1938
- Lëtzebuergesch Auteuren
- Lëtzebuergesch Ingenieuren
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
- Gebuer 1866
- Gestuerwen 1938
- Grand officier de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand officier vum Ordre de Léopold
- Commandeur de la Légion d'honneur
- Landwirtschaftsministere vu Lëtzebuerg