Guillaume Leidenbach
Ausgesinn
| Guillaume Leidenbach | |
|---|---|
| Gebuer |
13. Januar 1863 Ettelbréck |
| Gestuerwen |
8. Mee 1943 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Riichter |
| Partei | Rietspartei |
| Fonctioun | Conseiller am Staatsrot, Justizminister vu Lëtzebuerg |
| Gielercher | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
| Famill | |
| Kanner | Joseph Leydenbach |
|
| |
De Guillaume Leidenbach, gebuer den 13. Januar 1863 zu Ettelbréck[1], a gestuerwen den 8. Mee 1943 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Politiker (Rietspartei) a Riichter.
Hie war Riichter um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg (Tribunal d'arrondissement de Luxembourg) a gouf den 31. Dezember 1912 zum Vizepresident vun deem Geriicht ernannt.[3]
Vum 15. Abrëll 1921 bis zu senger Nominatioun als Member vum Staatsrot de 14. Abrëll 1923[4] war hie Generaldirekter (Minister) fir Justiz a Bauten an der Regierung Reuter.
Hie war vum 14. Abrëll 1923 bis den 8. Mee 1943 Member vum Staatsrot.[5]
Hie war de Papp vum Joseph Leydenbach.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1932)[6]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Acte de mariage vun der Gemeng Lëtzebuerg
- ↑ Doudesannonce vum Guillaume (Wilhelm) Leidenbach am Luxemburger Wort vum 10. Mee 1943 Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt den 09.07.2014.
- ↑ Memorial A N°2 vun 1913 mat der Ernennung vum Guillaume Leidenbach Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt den 19.01.2013.
- ↑ Publikatioun am Memorial vun der Demissioun vum Guillaume Leidenbach als Minister Archivéiert de 27.11.2012. Gekuckt den 19.01.2013.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- ↑ Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert goufen
