Ettelbréck

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Ettelbréck
LUX Ettelbruck 017 2016 - Hotel de Ville.jpg
Ettelbréck logo.svg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Ettelbruck
de: Ettelbrück
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Coat of arms ettelbruck luxbrg.png Ettelbréck
Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf (CSV)
Awunner 7.795
  1 Januar 2021; 1 Januar 2022
Fläch 792,2215 ha[1]
Koordinaten 49° 50’ 47’’ N
      06° 05’ 57’’ O
Websäit http://www.ettelbruck.lu/
Ettelbréck ëm 1600 (Zeechnung vum Jean Bertels)

D'Stad Ettelbréck ass eng Uertschaft am Zentrum vu Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng mat deem selwechten Numm. Et ass eng vun den 12 Stied aus dem Land.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ettelbréck läit op enger Héicht vun 199 Meter (NG-L). Duerch d'Uertschaft Ettelbréck fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Den déifste Punkt ass tëscht Déifert an Al op 191.5 m do wou d'Uelzecht an d'Sauer leeft.

Déi héchst Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbréck am Wald nieft dem CR345 op der Grenz mat der Gemeng Feelen tëscht dem Kräizwee an der Useldéngerfréin op enger Héicht vun 386 m.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zu den Originne vum Numm "Ettelbréck" gëtt et verschidden Theorien: Enger vun hinnen no wier den Numm op "Atilbriga", zréckzeféieren, dat op indogermanesch "fruchtbare Buedem" bedeite géif. Eng aner seet, e géif op den Hunnekinnek Attila (och als "Etzel" bekannt) zréck. D'Hunne solle bei der haiteger Gemeng Schieren eng Bréck iwwer d'Uelzecht gebaut hunn an der spéiderer Stad sou den Numm ginn hunn. (Etzelbréck -> Ettelbréck).

Duerch eng Poopstbull vun 1148 an 1161 ass Ettelbréck ënner d'Herrschaft vun der Abtei Iechternach komm.

Ettelbréck huet a senger Geschicht schwéier Zäite matgemaach. Et ass puermol verbrannt, well d'Stréidiech hunn deemools d'Feierkatastrophe begënschtegt. Déi schroost Feierkatastroph war 1778, wéi gläich 480 Haiser ganz verbrannt sinn. Eng Strooss vun Ettelbréck, den Aeschenhiwwel, erënnert haut nach un dës Katastroph. Well d'Bierger schlecht dru waren, hu si der deemoleger Landesfürstin Maria-Theresia geschriwwen a si ëm Hëllef gebieden. Si huet hinnen dunn d'Erlabnes ginn, fir all Mount e grousse Maart ofzehalen.

Ettelbréck als Portal vum Norden huet vill vum Bauerewiesen am Éislek profitéiert. D'Véi- an d'Bottermäert, d'Akerbauschoul, de Landwirtschaftleche Verband, d'Ettelbrécker Molkerei an d'Ettelbrécker Gare, wou d'Baueren hir geschlasse Lou verfracht hunn, ware lauter positiv Elementer an dëser Entwécklung.

Ettelbréck hat eng gréisser jiddesch Gemeinschaft. Déi éischt jiddesch Famillen hu sech Ufanks vum 19. Joerhonnert hei niddergelooss.[2]

Am Laf vun der Zäit ass Ettelbréck eng Industriestad ginn, wéi géint Mëtt vum 19. Joerhonnert d'Bridder Godchaux zu Ettelbréck eng Wollwäscherei an eng Spannfabréck opgemaach hunn. Och d'Miwwel- an d'Tubaksbranche hu sech zu Ettelbréck niddergelooss.

Z'ernimmen ass och nach een historescht Ereegnes: Um Kiosk op der Schoulplaz gouf de 5. Juni 1864 déi Lëtzebuerger Nationalhymn, Ons Heemecht, fir d'éischt ëffentlech opgefouert.

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 huet Ettelbréck den Titel "Stad" kritt (zesumme mat Diddeleng a Rëmeleng).

Hir schwéierst Zäit hat d'Stad wéi all aner Gemenge vum Éislek am Zweete Weltkrich wéi de Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv gebilt huet.

Nom Zweete Weltkrich ass zu Ettelbréck de Brauch ageféiert ginn, den alliéierte Befreier ze gedenken. Ettelbréck gouf zur "Patton"-Stad an huet dem Generol George S. Patton e Square Patton ageriicht.

Eckdaten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1532 an 1543: Ettelbréck ass duerch e Feier zerstéiert ginn; op déi Zäit zréck geet warscheinlech de Begreff Äschenhiwwel, d'Bezeechnung fir een Deel vun der Uertschaft, zréck
  • 1742: Déi éischt stenge Bréck iwwer d'Uelzecht gëtt gebaut
  • 1778; Neit grousst Feier zu Ettelbréck; 480 Haiser ginn zerstéiert, d'Kierch an den Deel rondrëm bleiwe verschount
  • 1780: D'Maria Theresia acordéiert der Uertschaft 11 zouätzlech Mäert, datt si d'Käschte vum Opbau bestreide kann
  • 1795: Ettelbréck gëtt, wéi déi aner Uertschafte vu franséischen Truppe besat
  • 1841: De Grondstee vun der Ettelbrécker Parkierch vun haut gëtt geluecht
  • 1862: D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ettelbréck gëtt ageweit, an am selwechte Joer geet och d'Deelstreck Ettelbréck-Dikrech fir de Verkéier op
  • 1864: Op engem Gesangfest gëtt d'Nationalhymn Ons Heemecht zu Ettelbréck fir d'éischt opgeféiert
  • 1865: D'Godchaux-Duchfabrik entsteet
  • 1883: D'Chamber beschléisst de Bau vun enger Akerbauschoul zu Ettelbréck
  • 1883: Éischt Akerbauaustellung zu Éttelbréck
  • 1907: Ettelbréck kritt den Titel Stad, en neit Stadhaus gëtt ageweit.
  • 1914: 1. Weltkrich: D'Gare an d'Post gi vun däitschen Truppe besat
  • 1919: Den amerikanesche Generol Pershing hëlt an de Wisen tëscht Ettelbréck an Ierpeldeng eng Truppeparade vun 21.000 Zaldoten of
  • 1932: Déi nei Akerbauschoul gëtt a Presenz vum Prënz Felix ageweit
  • 1938: De 7. Mee 1938 huet den Ettelbrécker Gemengerot eng Ufro bei der CFL gemaach fir ënnert der Plaz virun der Gare e Loftschutzbunker (île de refuge avec candélabre dans l'avant-cour de la gare) ze bauen. Den 29. August 1939 ginn d'Pläng guttgeheescht. Am Entréesberäich vum Bunker steet d'Joreszuel 1942[3][4]
  • 1940: Däitsch Truppe besetzen d'Land
  • 1941: Déi däitsch Éierepaart gëtt vun Ettelbrécker Patrioten ugestach an och Hakekräizfändelen um Foussballsterrain erofgerappt. Dofir mussen 21 Ettelbrécker Geiselen an de Prisong
  • 1944: Den 10. September gëtt d'Uelzecht-Bréck vun den Amerikaner gesprengt.[5] Den 11. September gett Ettelbréck vun amerikaneschen Truppe befreit.
  • 1944: Ardennenoffensiv, bei där e groussen Deel vun Ettelbréck zerstéiert gëtt.
  • 1949: Aweiung vun der neier Uelzecht-Bréck
  • 1954: Aweiung vum Patton-Monument
  • 1976: Den Edouard Juncker gëtt Buergermeeschter a behält déi Funktioun bis 1998
  • 1978: Aweiung vum klenge Contournement iwwer de Kanal
  • 1997: Aweiung vun der Foussgängerzon am Zentrum vun der Uertschaft
  • 2013: Verleeën vun der Stolperschwelle an der Foussgängerzon

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

Zu Ettelbréck si ronn 285 Geschäfter an 88 Branchen, souwéi 10.000 Quadratmeter Foussgängerzon.

Ettelbréck huet ëm déi 1500 ëffentlech Parkplazen, déi quasi all eppes kaschten.[6] 2021 ass d'Parkhaus am Däich mat ronn 450 Parkplazen opgaangen.[7]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Ettelbrécker[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flies, Joseph: Ettelbrück, die Geschichte einer Landschaft, 2274 Säiten, 1970, Imprimerie Saint-Paul
  • 100 Joer Ettelbréck, Bäilag vum Wort vum 6. Juni 2007, 36 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. (de)Will Dondelinger, Arthur Muller, Romain Dockendorf, Théo Krier, Zeugnisse jüdischen Lebens, Jüdische Bevölkerung in Ettelbrück, Zum Gedenken an eine einst blühende Religionsgemeinschaft, überarbeitet und erweitert von Romain Dockendorf und Théo Krier, A.s.b.l Al Synogag Ettelbréck, 19. A.s.b.l Al Synogag Ettelbréck (2020). Gekuckt de(n) 28 November 2021.
  3. Arlette SCHMIT-THIERING, Virtuelle Besichtigung, Ettelbrücks geheimer Luftschutzbunker, wort.lu, 24. September 2021; Gegen das Vergessen, Virtueller Rundgang durch den Luftschutzbunker in Ettelbrück, ein kriegshistorischer Schauplatz, Luxemburger Wort, 24. September 2021, S. 24-25
  4. Virtuell Visitt vum Ettelbrécker Loftschutzbunker
  5. (de)De Reider 80 62-63. Gemeng Ettelbréck (Januar 2021). Gekuckt de(n) 29 November 2021.
  6. (fr)Parkings en ville. Gemeng Ettelbréck. Gekuckt de(n) 28 November 2021.
  7. (de)Neues Parkhaus im Ettelbrücker Deich eröffnet am 1. April. wort.lu (30 März 2021). Gekuckt de(n) 28 November 2021.