Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De G. Demnig setzt ee vu senge Stolpersteine zu Déifferdeng.
Ee Steen, ier e gesat gëtt.

An dëser Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg stinn all d'Stolpersteine, déi am Kader vum Konschtprojet mam selwechten Numm vum Gunter Demnig zu Lëtzebuerg geluecht goufen. D'Stolpersteng erënneren u Mënschen, déi an der Zäit vum Nationalsozialismus, zu Lëtzebuerg während der däitscher Occupatioun (1940-44/45) verfollegt, ermuert oder an de Suizid gedriwwe goufen.

Si gi wann ëmmer méiglech virun deem Haus, wou déi Persoun fir d'lescht fräi gelieft huet am Kader vun enger klenger Zeremonie vum Demning an den Trëttoir gesat.

Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell a 6 Uertschaften am ganzen 88 Stolpersteine, an an enger Uertschaft eng Stolperschwelle geluecht (Stand: Mäerz 2017).

Bieles[änneren | Quelltext änneren]

Zu Bieles gouf de 6. November 2015 den éischte Stolpersteen an der Gemeng Suessem geluecht. Dëst goung zréck op déi lokal Asbl CRIAJ (Centre de rencontre, d'information et d'animation pour jeunes), déi Ufank 2015 am Kader vu Recherchen iwwer de Faschismus sech och mam Lous vu fréiere jüdesche Bierger aus der Gemeng beschäftegt huet.

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Siegmund oder Sigismund Koppel geb. 1890 zu Trittenheim am Landkrees Tréier-Saarburg; gest. September 1942 zu Auschwitz
De Siegmund oder Sigismund Koppel war Véihändler an huet mat senger Fra Lina a sengem Jong Yvan zu Bieles an der Bréckestrooss, haut 35, rue des Alliés, gewunnt. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun den däitschen Truppen, flüchte si a Frankräich. Bis op de Siegmund verléiert sech do hir Spuer. Geséchert ass just datt si net erëmkomm sinn. De Siegmund Koppel gëtt am Camp vun Drancy internéiert, vu wou hien de 7. September 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht gouf.[1]
35, rue des Alliés Stolperstee Siegmund Koppel, 35 rue des Alliés, Bieles-103.jpg 49° 30’ 33.4’’ N
05° 55’ 29.3’’ E
6. November 2015
Commons: Stolpersteng zu Bieles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Déifferdeng[änneren | Quelltext änneren]

Den 28. Oktober 2014 goufen zu Déifferdeng am Kader vun der Ausstellung Quand Differdange devint "judenrein". Le jour où nos chemins se séparèrent 15 Stolpersteng geluecht.

De 5. November 2015 koumen der 23 neier derbäi.[2][3]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Isabelle Rose Cahen geb. Reh geb. 5. September 1880; gest. 1942 zu Belzec
Op Nummer 12, avenue de la Liberté huet déi deemools 62 Joer al Isabelle Cahen gewunnt. Wéi si am Abrëll 1942 den Deportatiounsuerder krut, wollt hire Fils Joseph Cahen se net eleng an den "Oste" goe loossen. Hien ass du fräiwëlleg mat senger Mamm an den Zuch fir an de Ghetto Izbica geklomm. D'Isabelle an den Joseph goufen zu Belzec ëmbruecht.
12, Avenue de la Liberté Stolpersteng Isabelle a Joseph Cahen, 12, avenue de la Liberté, Déifferdeng-001.jpg 49° 31’ 25.13’’ N
05° 53’ 20.19’’ E
28. Oktober 2014
Joseph Cahen geb. 1. Juni 1902 ; gest. 1942 zu Belzec
De Joseph Cahen war bestuet mat der Gertrud an hat véier Kanner. Wéi seng Mamm am Abrëll 1942 den Deportatiounsuerder krut, wollt hie se net eleng an den "Oste" goe loossen. Hien ass du fräiwëlleg mat senger Mamm an den Zuch no dem Ghetto Izbica geklomm an huet seng Fra Gertrud a Kanner zu Déifferdeng gelooss. D'Isabelle an den Joseph goufen zu Belzec ëmbruecht.
12, Avenue de la Liberté Stolpersteng Isabelle a Joseph Cahen, 12, avenue de la Liberté, Déifferdeng-001.jpg 49° 31’ 25.13’’ N
05° 53’ 20.19’’ E
28. Oktober 2014
Gustav Wolff geb. 26. Mäerz 1887; gest. 1943 zu Auschwitz
De Gustave Wolf hat op där Adress säi Geschäft d'"Maison Moderne", dat en 1938 vum Émile Lazard iwwerholl hat. De Gustave Wolf gouf de 6. Juni 1943 a Frankräich verhaft an an d'Internéierungslager zu Drancy bei Paräis verschleeft. Vun do koum hien am November mam "63. Ostransport" op Auschwitz wou hien ëmbruecht gouf.
30, Avenue de la Liberté Stolperstee Gustave Wolf, Déifferdeng, 30 ave de la Liberté-002.jpg 49° 31’ 27.46’’ N
05° 53’ 22.91’’ E
28. Oktober 2014
Jakob Joseph Finkelstein geb. 3. Abrëll 1904; gest. Mee 1942 zu Chełmno
Op Nummer 33, rue Émile Mark hat de Jakob Finkelstein e Coiffersalon. Hei huet hien och gewunnt, zesumme mat senger Mamm Esther, senger Fra Perla a senge Kanner Rachel a Julius. Déi ganz Famill koum de 16. Oktober 1941 am éischten "Osttransport" an de Ghetto op Łódź (Litzmannstadt). D'Groussmamm Esther huet de Ghetto net iwwerlieft, de Rescht vun der Famill gouf am Mee 1942 am Vernichtungslager Chełmno ëmbruecht.
33, rue Emile Mark Stolpersteng Famill Finkelstein, 33, rue Émile Mark, Déifferdeng.jpg 49° 31’ 22.3’’ N
05° 53’ 22.2’’ E
28. Oktober 2014
Esther Rosa Finkelstein geb.Schutzmann geb. 12. Juli 1866 ; gest. 16.4.1942 zu Łódź
33, rue Emile Mark Stolpersteng Famill Finkelstein, 33, rue Émile Mark, Déifferdeng.jpg 49° 31’ 22.3’’ N
05° 53’ 22.2’’ E
28. Oktober 2014
Perla Finkelstein geb. Langwajz geb. 12. November 1903; gest. Mee 1942 zu Chełmno
33, rue Emile Mark Stolpersteng Famill Finkelstein, 33, rue Émile Mark, Déifferdeng.jpg 49° 31’ 22.3’’ N
05° 53’ 22.2’’ E
28. Oktober 2014
Julius Isidor Finkelstein geb. 13. Mäerz 1935; gest. Mee 1942 zu Chełmno
33, rue Emile Mark Stolpersteng Famill Finkelstein, 33, rue Émile Mark, Déifferdeng.jpg 49° 31’ 22.3’’ N
05° 53’ 22.2’’ E
28. Oktober 2014
Rachel Roma Finkelstein geb. 1. Januar 1932 ; gest. Mee 1942 zu Chełmno
33, rue Emile Mark Stolpersteng Famill Finkelstein, 33, rue Émile Mark, Déifferdeng.jpg 49° 31’ 22.3’’ N
05° 53’ 22.2’’ E
28. Oktober 2014
Hélène Salomon geb. Wolff geb. 12. Juni 1875 ; gest. September 1943 zu Auschwitz
D'Hélène Salomon huet bis den 28. Juli 1942 op Nummer 25, rue Michel-Rodange zu Déifferdeng gewunnt. Du gouf déi 67 Joer al Fra op Terezín (Theresienstadt) an d'Konzentratiounslager deportéiert, wou si ënner schreckleche Konditiounen iwwer ee Joer iwwerlieft huet. Schliisslech gouf si am September 1943 op Auschwitz transferéiert an do vergast.
25, rue Michel Rodange Stolpersteen Hélène Salomon, 25, rue Michel-Rodange, Déifferdeng-001.jpg 49° 31’ 27.1’’ N
05° 53’ 27.3’’ E
28. Oktober 2014
Girsch ("Gerson") Aronow geb. 2. Februar 1888 a Russland; gest. Abrëll 1943 am Ghetto zu Łódź
De Gerson (Girsch) Aronow hat no der Russescher Revolutioun vun 1917 säi Land verlooss. Mat senger Fra Sophie Hertz hu si op der haiteger 42, rue J.-F- Kennedy 1937 d'"Confiserie de la Place du Marché" opgemaach. D'Koppel gouf de 16. Oktober 1941 mam éischten "Osttransport" an de Ghetto op Łódź (Litzmannstadt) verschleeft. Do goufe se wahrscheinlech getrennt. De Gerson dierft nach bis an den Abrëll 1943 am Ghetto zu Łódź aarmséileg iwwerlieft hunn.
42, rue J. F. Kennedy Stolpersteng Aronow-Herz, 42, rue J.-F. Kennedy, Déifferdeng.jpg 49° 31’ 21.2’’ N
05° 53’ 13.6’’ E
28. Oktober 2014
Sophie Aronow geb. Herz geb. 11. Juli 1897 zu Miedernach; gest. Oktober 1942 zu Chełmno
D'Sophie Hertz war vu Miedernach, wou seng Famill sech schonn am 19. Joerhonnert néiergelooss hat. 1937 huet si mat hirem Mann Gerson Aronow d'"Confiserie de la Place du Marché" opgemaach. D'Koppel gouf de 16. Oktober 1941 mam éischten "Osttransport" an de Ghetto op Łódź (Litzmannstadt) verschleeft. Do goufe se wahrscheinlech getrennt: d'Sophie koum am Fréijoer 1942 an d'Vernichtungslager zu Chełmno wou se am September 1942 ëmbruecht gouf.
42, rue J. F. Kennedy Stolpersteng Aronow-Herz, 42, rue J.-F. Kennedy, Déifferdeng.jpg 49° 31’ 21.2’’ N
05° 53’ 13.6’’ E
28. Oktober 2014
Isidor Lazard geb. 26. Oktober 1884; gest. November 1942 zu Auschwitz
Den Isidor Lazard war, wéi säi Brudder Sigismond, Véihändler a Metzler. Se hunn an der Rue Saint-Nicolas gewunnt. Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet d'Famill zu Poitiers gelieft. 1942 gouf hien, zesumme mat Brudder a Schwéiesch an der Géigend vu Verteuil verhaft an den 3. November 1942 via Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se wahrscheinlech direkt vergaast goufen.
11, rue Saint Nicolas Stolpersteng Famill Lazard, 11, rue Saint-Nicolas, Déifferdeng-001.jpg 49° 31’ 19’’ N
05° 53’ 14.2’’ E
28. Oktober 2014
Sigismond Lazard geb. 17. November 1886; gest. November 1942 Auschwitz
De Sigismond Lazard war, wéi säi Brudder Isidor, Véihändler a Metzler. Se hunn an der Rue Saint-Nicolas gewunnt. De Sigismond war mat der Berthe Mayer bestuet, si haten eng Duechter, d'Renée. Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet d'Famill zu Poitiers gelieft. 1942 gouf hien, zesumme mat Fra a Brudder, an der Géigend vu Verteuil verhaft an den 3. November 1942 via Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se wahrscheinlech direkt vergaast goufen.
11, rue Saint Nicolas Stolpersteng Famill Lazard, 11, rue Saint-Nicolas, Déifferdeng-001.jpg 49° 31’ 19’’ N
05° 53’ 14.2’’ E
28. Oktober 2014
Berthe Lazard geg. Mayer geb. 11. Januar 1902; gest. November 1942 zu Auschwitz
D'Berte LaZard-Mayer war d'Fra vum Sigismond Lazard, si haten eng Duechter, d'Renée. Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet d'Famill zu Poitiers gelieft. 1942 gouf si, zesumme mat Mann a Schwoer an der Géigend vu Verteuil verhaft an den 3. November 1942 via Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se wahrscheinlech direkt vergaast goufen.
11, rue Saint Nicolas Stolpersteng Famill Lazard, 11, rue Saint-Nicolas, Déifferdeng-001.jpg 49° 31’ 19’’ N
05° 53’ 14.2’’ E
28. Oktober 2014
Renée Jeanne Lazard geb. 6. Mee 1928; gest. 14. Januar 1942 zu Poitiers
D'Renée Latard, Renéechen genannt, war d'Duechter vum Sigismond Lazard a senger Fra Berthe Mayer. Hatt ass am Januar 1942 am Alter vun 13 Joer am Exil zu Poitiers un enger Blinddarmentzündung gestuerwen.
11, rue Saint Nicolas Stolpersteng Famill Lazard, 11, rue Saint-Nicolas, Déifferdeng-001.jpg 49° 31’ 19’’ N
05° 53’ 14.2’’ E
28. Oktober 2014
Christine Lehmann geb. 18. Dezember 1920; gest. Auschwitz
D'Christine Lehmann gouf den 29. Juli 1943 op Auschwitz verschleeft, wou si den 28. Mäerz 1944 ëmkoum. Och hir zwéi kleng Bouwen, den Egon an de Robert, goufen do ëmbruecht.
18, rue du Verger Stolperstee Christine Lehmann, 18 rue du verger, Nidderkuer-101.jpg 49° 32’ 01’’ N
05° 53’ 29.7’’ E
5. November 2015
Egon Karl Lehmann geb. 1. Januar 1939; gest. Auschwitz
Den Egon Karl Lehmann war der Christine Lehmann hire Jong.Hie gouf mat sengem Bridderche Robert de 7. Mäerz 1944 an d'"Zigeunerlager" op Auschwitz wou en d'Nummer Z-9319 krut. Seng Spur verleeft sech do, 't ass awer kaum unzehuelen, datt hien iwwerlieft huet.
18, rue du Verger Stolpersteen Egon Lehmann, 18 rue du verger, Nidderkuer-101.jpg 49° 32’ 01’’ N
05° 53’ 29.7’’ E
5. November 2015
Robert Georg Lehmann geb. 24. Mäerz 1942; gest. Abrëll 1944 Auschwitz
De Robert Georg Lehmann war der Christine Lehmann hire Jong. Hie koum de 7. Mäerz 1944 mat sengem Brudder Egon an d'"Zigeunerlager" op Auschwitz, wou en d'Nummer Z-9320 krut. Hien ass do ee Mount drop gestuerwen.
18, rue du Verger Stolperstee Robert Lehmann, 18 rue du verger, Nidderkuer-101.jpg 49° 32’ 01’’ N
05° 53’ 29.7’’ E
5. November 2015
Salomon Bornstein geb. 5. Juni 1896; gest. 21. Mee 1940 Wolz.
De Salomon Bornstein war Aarbechter op der HADIR. Hie stierft den 21. Mee 1940 an der Evakuation zu Wolz.
96 Avenue Charlotte Stolperstee Salomon Bornstein, 96 av Charlotte, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 04.765’’ N
05° 53’ 23.89’’ E
5. November 2015
Golda Bornstein, geb. Furleiser geb. 23. August 1896; gest. Mee 1942 zu Chełmo
D'Golda Furleiser war d'Fra vum Salomon Bornstein, deen am Mee 1940 an der Evakuation zu Wolz gestuerwen ass, sou dass si ewell leng an ouni Akommes mat den dräi Kanner Dina (gebuer 1924), Esther (gebuer 1926) a Rachmil (gebuer 1935) do stoung. De 16. Oktober 1941 goufe se alle véier mat deem éischten Deportatiounszuch dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto goung, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
96 Avenue Charlotte Stolperstee Golda Bornstein, 96 av Charlotte, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 04.76’’ N
05° 53’ 23.89’’ E
5. November 2015
Rachmil Bornstein geb. 28. September 1935; gest. Mee 1942 zu Chełmo
De Rachmil Bornstein war d'Kand vun der Golda Furleiser an dem Salomon Bornstein. De Papp ass am Mee 1940 an der Evakuation zu Wolz gestuerwen. Zesumme mat senge Schwësteren Dina (gebuer 1924) an Esther (gebuer 1926) goufen si mat hirer Mamm de 16. Oktober 1941 mat deem éischten Deportatiounszuch, dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto goung, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
96 Avenue Charlotte Stolperstee Rachmil Bornstein, 96 av Charlotte, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 04.76’’ N
05° 53’ 23.89’’ E
5. November 2015
Dina Bornstein geb. 03. August 1924; gest. Mee 1942 zu Chełmo
D'Dina Bornstein war d'Kand vun der Golda Furleiser an dem Salomon Bornstein. De Papp ass am Mee 1940 an der Evakuation zu Wolz gestuerwen. Zesumme mat senge Gesëschter Rachmil (gebuer 1935) an Esther (gebuer 1926) goufen si mat hirer Mamm de 16. Oktober 1941 mat deem éischten Deportatiounszuch, dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto goung, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
96 Avenue Charlotte Stolpersteen Dina Bornstein, 96 av Charlotte, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 04.76’’ N
05° 53’ 23.89’’ E
5. November 2015
Esther Bornstein geb. 2. Februar 1926; gest. Mee 1942 zu Chełmo
D'Esther Bornstein war d'Kand vun der Golda Furleiser an dem Salomon Bornstein. De Papp ass am Mee 1940 an der Evakuation zu Wolz gestuerwen. Zesumme mat senge Gesëschter Rachmil (gebuer 1935) an Dina (gebuer 1924) goufen si mat hirer Mamm de 16. Oktober 1941 mat deem éischten Deportatiounszuch, dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto goung, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
96 Avenue Charlotte Stolpersteen Esther Bornstein, 96 av Charlotte, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 04.76’’ N
05° 53’ 23.89’’ E
5. November 2015
Feige Bella Furleiser, geb. Vogelbaum geb. 14. Juli 1864; gest. Mee 1942 op der Pafemillen
D'Bella Furleiser, geb. Vogelbaum war d'Mamm vun der Golda Furleiser an huet zu Déifferdeng am Stot vun der Famill Bornstein gelieft. Wéi Déifferdeng nom Däitschen Iwwerfall am Mee 1940 evakuéiert gouf, konnt si duerch een Dokteschattest am Spidol zu Déifferdeng bleiwen a war um Enn déi leschte Jüddin zu Déifferdeng, bis si am Juli 1942 op d'Pafemillen verschleeft gouf an do den 8. Dezember 1942 gestuerwen ass.
96 Avenue Charlotte Stolperstee Heige Bella Furleiser, 96 av Charlotte, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 04.76’’ N
05° 53’ 23.89’’ E
5. November 2015
Georges Cahen geb. 6. Juli 1883 zu Lëtzebuerg; gest. Mee 1942 zu Chełmo
De Georges Cahen war Schlesser. Zesumme mat senger Fra Thérèse Isaak vun Düsseldorf huet an der Wisestrooss gewunnt. De 16. Oktober 1941 goufe se béid an de Getto op Łódź (Litzmannstadt) deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
8, rue des Prés Stolperstee Georg Cahen , 8, rue des Prés, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 28.77’’ N
05° 53’ 28.14’’ E
5. November 2015
Theresia "Thérèse" Cahen, geb. Isaak geb. 14. Mäerz 1890 zu Düsseldorf; gest. Mee 1942 zu Chełmo
D'Theresia (Thérèse) Isaak ass zu Düsseldorf gebuer an huet no hirem Bestietnes mat hirem Mann Georges Cahen an der Wisestrooss gewunnt. De 16. Oktober 1941 goufe se béid an de Getto op Łódź (Litzmannstadt) deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
8, rue des Prés Stolpersteen Theresia Cahen , 8, rue des Prés, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 28.77’’ N
05° 53’ 28.14’’ E
5. November 2015
Émile Goldmann geb. 4. Juli 1922 ; huet iwwerlieft
Beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg flücht d'Famill Goldmann-Taler a Süd-Frankräich. Den Émile, hire Jong geet 1942 an de Maquis wou en ë. a. u Sabotageaktioune géint däitsch Kommunikatiounsariichtunge bedeelegt ass. Beim Versuch d'Alliéiert Truppen an England ze erreechen, gëtt hien an de Pyrenäe gepëtzt an no Däitschland verschleeft. Hien iwwerlieft verschidden Aarbechts- a Konzentrationslager a kënnt 1944 op Auschwitz. Do gëtt hien de 27. Januar 1945 vun der Rouder Arméi befreit. Den Émile Goldmann ass deen eenzegen Déifferdenger Judd deen e Vernichtungslager iwwerlieft huet.
20, rue Dalscheidt Stolpersteen Émile Goldmann, 20, rue Dalscheidt, Uewerkuer-102.jpg 49° 30’ 29.9’’ N
05° 53’ 36.66’’ E
5. November 2015
Alfred Kaufmann geb. 28. Dezember 1895; gest. Auschwitz
Den Alfred Kaufmann, vu Beruff Véihändler, kënnt am Januar 1939 mat senger Fra Caroline, geb. Bonem, a senger Duechter Rosel, op Déifferdeng, wou se an der Famill vu sengem Schwoer Levy-Bonem opgeholl ginn. Si hu missen hir Heemecht zu Winnenden bei Stuttgart verloossen nodeems en "Arier" sech hir Wunneng ënner den Nol gerappt hat an dem Alfred Kaufmann mam Aarbechtslager gedreet gouf, sollt hien net stante pede Däitschland verloossen. D'Friemepolice zu Lëtzebuerg ass net grad begeeschtert iwwer hir Demande sech hei néierrzeloossen, a verlaangt mol gläich eng Bankgarantie vun 104.000,- Frang. Dem Alfred Kaufmann seng Demande fir e klenge Bauerenhaff ze pachten gëtt vum Ministère de la justice refuséiert. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, flücht d'Famill a Südfrankräich wou se ënner Hausarrest gestallt gëtt. Den 28. August 1942 gi se bei enger Groussrazzia vun der Vichy-Police festgeholl. Iwwer de Camp vun Drancy gi si den 2. September 1942 op Auschwitz verschleeft wou se ëmbruecht ginn.
3, rue de Hussigny Stolpersteen Alfred Kaufmann , 15 rue de la Grève nationale, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 12.4’’ N
05° 52’ 56.1’’ E
5. November 2015
Caroline Kaufmann, geb. Bonem geb. 16. Mäerz 1899; gest. Auschwitz
D'Caroline Kaufmann kënnt am Januar 1939 mat hirem Mann, dem Véihändler Alfred Kaufmann, an hirer Duechter Rosel, Joergang 1927, op d'Déifferdeng, wou hien an der Famill vu sengem Schwoer Levy-Bonem opgeholl gëtt. Si hu missen hir Heemecht zu Winnenden bei Stuttgart verloossen, nodeems en "Arier" sech hir Wunneng ënner den Nol gerappt hat an dem Alfred Kaufmann mam Aarbechtslager gedreet gouf, sollt hien net stante pede Däitschland verloossen. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, flücht d'Famill a Südfrankräich wou se ënner Hausarrest gestallt gëtt. Den 28. August 1942 gi se bei enger Groussrazzia vun der Vichy-Police festgeholl. Iwwer de Camp vu Drancy gi si den 2. September 1942 op Auschwitz verschleeft wou se ëmbruecht ginn.
3, rue de Hussigny Stolperstee Caroline Kaufmann , 15 rue de la Grève nationale, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 12.4’’ N
05° 52’ 56.1’’ E
5. November 2015
Rosel Kaufmann geb. 8. Abrëll 1927 ; gest. Auschwitz
D'Rosel Kaufmann war d'Duechter vun der Koppel Caroline an Alfrd Kaufmann-Bonem. Mat hiren Elteren ass si den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, a Südfrankräich geflücht, wou d'Famill ënner Hausarrest gestallt gëtt. Den 28. August 1942 gi se bei enger Groussrazzia vun der Vichy-Police festgeholl. Iwwer de Camp vu Drancy gi si den 2. September 1942 op Auschwitz verschleeft wou se ëmbruecht ginn.
3, rue de Hussigny Stolperstee Rosel Kaufmann , 15 rue de la Grève nationale, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 12.4’’ N
05° 52’ 56.1’’ E
5. November 2015
David Lieber Fenechel geb. 24. September 1901 a Polen; gest. Auschwitz
De Schonghändler David Fenechel huet mat senger Fra Nicha Stockmann an hirer gemeinsamer Duechter Malvy zënter 1931 an der Wierkstrooss (haut Rue Michel-Rodange) gewunnt. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, goufe si a Frankräich evakuéiert. Am September 1942 zu Herment am Puy-de-Dôme verhaft, gouf d'ganz Famill iwwer d'Sammellager Drancy op Auschwitz deportéiert, wou d'Fra an d'Kand am September 1942 direkt no der Arrivée vergast goufen. Och den David Fenechel huet Auschwitz net iwwerlieft.
41, rue Michel-Rodange Stolpersteen David Fenechel, 41, rue Michel-Rodange, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 24.27’’ N
05° 53’ 27.97’’ E
5. November 2015
Nicha Fenechel, geb. Stockmann. geb. 30. Oktober 1903 a Polen ; gest. September 1942 zu Auschwitz
D'Nicha Fenechel, geb. Stockmann, war d'Fra vum Schonghändler David Fenechel. Si haten eng Duechter, d'Malvy. D'Famill koum 1931 op Déifferdeng, wou s'an der Wierkstrooss (haut Rue Michel-Rodange) gewunnt hunn. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, goufe si a Frankräich evakuéiert. Am September 1942 gouf d'ganz Famill zu Herment am Puy-de-Dôme verhaft an iwwer d'Sammellager Drancy op Auschwitz deportéiert, wou d'Nicha Fenechel, grad wéi hir Duechter, am September 1942 direkt no der Arrivée vergast goufen. Och den David Fenechel huet Auschwitz net iwwerlieft.
41, rue Michel-Rodange Stolpersteen Nicha Fenechel, 41, rue Michel-Rodange, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 24.27’’ N
05° 53’ 27.97’’ E
5. November 2015
Malvy Fenechel geb. 7. Juni 1932 zu Tréier ; gest. September 1942 zu Auschwitz
D'Malvy Fenechel war d'Duechter vun der Nicha Fenechel, geb. Stockmann an hirem Mann, dem Schonghändler David Fenechel. D'Famill huet zu Déifferdeng an der Wierkstrooss (haut Rue Michel-Rodange) gewunnt. Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, goufe si a Frankräich evakuéiert. Am September 1942 gouf d'ganz Famill zu Herment am Puy-de-Dôme verhaft an iwwer d'Sammellager Drancy op Auschwitz deportéiert, wou d'Malvy Fenechel, grad wéi hir Mamm, am September 1942 direkt no der Arrivée vergast goufen. Och hire Papp David Fenechel huet Auschwitz net iwwerlieft.
41, rue Michel-Rodange Stolperstee Malvy Fenechel, 41, rue Michel-Rodange, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 24.27’’ N
05° 53’ 27.97’’ E
5. November 2015
Michel Levy geb. 6. Abrëll 1889 ; gest. Auschwitz
De Michel Levy war Véihändler. Hie war 9 Méint op der Pafemillen internéiert a gouf den 12. Juli 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht.
96, rue Dicks-Lentz Stolperstee Michel Levy, 96 rue Dicks-Lentz, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 07.44’’ N
05° 53’ 45.75’’ E
5. November 2015
Berthe Levy, geb. Bonem geb. 25. Juni 1900 ; gest. Auschwitz
D'Berthe Levy war d'Fra vum Véihändler Michel Levy. Si war 9 Méint op der Pafemillen internéiert a gouf den 12. Juli 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht.
96, rue Dicks-Lentz Stolperstee Berthe Levy, 96 rue Dicks-Lentz, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 07.44’’ N
05° 53’ 45.75’’ E
5. November 2015
Roger Levy geb. 21. Mäerz 1926 ; gest. Auschwitz
De Roger Levy war de Jong vun der Berthe Levy, geb, Bonem an dem Michel Levy. Hie war mat sengen Elteren war 9 Méint op der Pafemillen internéiert a gouf den 12. Juli 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht.
96, rue Dicks-Lentz Stolperstee Roger Levy, 96 rue Dicks-Lentz, Déifferdeng-101.jpg 49° 31’ 07.44’’ N
05° 53’ 45.75’’ E
5. November 2015
Alfons Goldschmidt geb. 25. Mäerz 1906 zu Hannover; gest. 1943 zu Sobibór
Den Alfons Golschmidt vun Hannover fënnt, zesumme mat senger Fra Erna, gebueren Hollstein, a senger Duechter Marlene, am Juni 1939 Refuge bei sengem Brudder Karl zu Déifferdeng, deen do an der Rue du Parc Gerlache zesumme mat senger Fra Alma, gebuere Polak, a senger Duechter Ellen wunnt. Nom Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg flüchten déi zwou Famillen op Paräis, wou sech hir Weeër trennen. D'Erna Goldschmidt, déi evangelesch ass, decidéiert mat hirer Duechter zréck op Déifferdeng an d'Wunneng vum Schwoer ze zéien. Och d'Alma iwwerlieft den Holocaust. Am Géigesaz zu hirer Famill hunn d'Bridder de Krich net iwwerlieft. Den Alfons Goldschmidt gëtt de 4. Mäerz 1943 bei enger Razzia festgeholl an op Drancy iwwerféiert. Vun do gëtt hien op Majdanek deportéiert a gëtt 1943 zu Sobibór ëmbruecht.
17 rue de la Grève nationale Stolpersteen Alfons Goldschmidt, 17 rue de la Grève nationale, Déifferdeng-102.jpg 49° 31’ 26.02’’ N
05° 53’ 21.27’’ E
5. November 2015
Karl Goldschmidt geb. 14. Januar 1900 zu Hannover; gest. 1942 Auschwitz
De Karl Goldschmidt huet an der Rue du Parc Gerlache zesumme mat senger Fra Alma, gebuere Polak, a senger Duechter Ellen gewunnt. Nom Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg flüchten si zesumme mat der Famill vu sengem Brudder Alfons, déi 1939 aus Däitschland bei him ënnerkomm waren, op Paräis, wou sech hir Weeër trennen. D'Alma an d'Ellen iwwerliewen den Holocaust. De Karl Goldschmidt gëtt de 26. August 1942 bei enger Razzia festgeholl an op Drancy iwwerféiert. Hie gëtt vun do op Auschwitz deportéiert, wou en ëmbruecht gëtt.
17 rue de la Grève nationale Stolperstee Karl Goldschmidt, 17 rue de la Grève nationale, Déifferdeng-102.jpg 49° 31’ 26.02’’ N
05° 53’ 21.27’’ E
5. November 2015


Commons: Stolpersteng zu Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Esch-Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]

Zu Esch-Uelzecht goufen den 22. Oktober 2013 14 "Stolpersteine" vum Gunter Demning, virun den Haiser vun den Affer, wou si fir d'lescht gewunnt hunn, geluecht. Et sinn dat all Affer vun der Shoah, ma méi spéit sollen och sou Gedenksteng fir Resistenzler nokommen.[4] Virum Zweete Weltkrich hu ronn 380 Judden zu Esch gelieft. Wann zwee Drëttel vun hinne virun den Nazie flüchte konnten, sinn der iwwer 100 deportéiert ginn. Nëmmen dräi vun deenen hunn iwwerlieft.[5]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Léon Adler geb. 1886 a Polen; gest. Aug 1942 (?) Auschwitz
De Léon Adler a seng Fra Léonie Einhorn hu sech virum Eischte Weltkrich zu Esch niddergelooss. Si krute 6 Kanner. Zu Esch hu s'e Schongbuttek opgemaach, deen 1929 an d'Brillstrooss verluecht gouf. D'Famill Adler ass no der Evakuatioun, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich bliwwen. D'Geschäft gouf konfiskéiert. Si hunn zu Signac (Hérault) an zu Amiens gelieft. De Léon Adler koum 1942 mam Transport Nr. 21 vun Drancy op Auschwitz, wou en ëmbruecht gouf, grad esou wéi säi Jong Léon Mar a seng Duechter Irma (kuckt ënnen).[6]
Brillstrooss 38 Stolperstein L. Adler Esch-Alzette, 38 rue du Brill 01.jpg 49° 29’ 29.9’’ N
05° 58’ 42.6’’ E
22. Oktober 2013.
Léon Marc Adler geb. 1911 ; gest. August 1942 Auschwitz
De Léon Marc Adler war de Jong vum Léon Adler a seng Fra Léonie Einhorn. Vun 1931 un huet hien zu Paräis fir Ingenieur studéiert. Hien huet dono ë. a. zu Amiens gelieft. De Léon Marc Adler koum 1942 zesumme mat sengem Papp mam Transport Nr. 21 vun Drancy op Auschwitz, wou en ëmbrecht gouf.[6]
Brillstrooss 38 Stolperstein L.M. Adler Esch-Alzette, 38 rue du Brill 01.jpg 49° 29’ 29.9’’ N
05° 58’ 42.6’’ E
22. Oktober 2013.
Maria Helena "Irma" Adler geb. 1915 ; gest. Auschwitz
D'Maria Helena genannt Irma Adler war d'Duechter vum Léon Adler a seng Fra Léonie Einhorn. Si ass mat hirer Famill no der Evakuatioun, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich bliwwen. Si hunn zu Signac (Hérault) an zu Amiens gelieft. Der Irma Adler hir Spuer verléiert sech do; wahrscheinlech gouf se mat hirem Papp an hirem Brudder op Auschwitz deportéiert. Si huet de Krich net iwwerlieft.[6]
Brillstrooss 38 Stolperstein M.H. Adler Esch-Alzette, 38 rue du Brill 01.jpg 49° 29’ 29.9’’ N
05° 58’ 42.6’’ E
22. Oktober 2013.
Ferdinand Cahen geb. 26. Abrëll 1888 zu Iewerleng ; gest. 27. Abrëll 1944 zu Auschwitz
De Ferdinand Cahen war mat der Lucie Kahn bestuet. Si haten ee Jong, deen 1926 gebuer ass. Hien hat fir d'éischt e Lieder- a Sportsartikelebuttelk zu Déifferdeng, ier e sech den 3. Oktober 1924 zu Esch néiergelooss huet, wou en och e Geschäft geleet huet. Nom däitschen Iwwerfall gouf hie mat senger Famill op Saint-Léonard-de-Noblat evakuéiert, wou hien op engem Baurenhaff geschafft huet. De 17. November 1943 gouf hie verhaft an an d'Gefaangelager Drancy bruecht. Vun do gouf hie mam Transport Nr.64 op Auschwitz bruecht, wou en de 27. Abrëll 1944 gestuerwen ass. Seng Fra a säi Jong sinn nom Krich op Esch zréckgaangen an hunn d'Geschäft nees opgebaut.[6]
Avenue de la Gare 24 Stolperstein F. Cahen Esch-Alzette, 24 av. de la Gare 01.jpg 49° 29’ 40.0’’ N
05° 58’ 58.9’’ E
22. Oktober 2013.
Julien Cerf geb. 24. Abrëll 1897 zu Esch/Uelzecht ; gest. 7. Abrëll 1944 zu Auschwitz
De Julien Cerf war mat der Camille Bonem bestuet, si kruten zwéi Jongen, de Georges an de Paul Cerf. Op Nr 57 an der Uelzechtstrooss hat hien e Geschäft, an en huet och d'Comptabilitéit vu sengem Brudder sengem Kleederbuttik Maison Sylvain gemaach. Nom däitschen Iwwerfall gouf hie mat senger Famill op Montpellier evakuéiert. Hien huet sech do der Resistenz ugeschloss. Seng Grupp gouf vun engem Marcel Reuter verroden an de Julien Cerf gouf de 17. Dezember 1943 an d'Gefaangenelager Drancy bruecht. Vun do gouf hie mam Transport Nr.63 op Auschwitz bruecht, wou en de 7. Abrëll 1944 gestuerwen ass[6]
Uelzechtstrooss 57 Stolpersteine J. Cerf Esch-Alzette, 57 rue de l'Alzette 01.jpg 49° 29’ 39.4’’ N
05° 58’ 55.8’’ E
22. Oktober 2013.
Frieda Freymann geb. Gallar geb. 18. Mäerz 1890 Warschau ; gest. 28. September 11942 Auschwitz
D'Frieda Freymann-Gallar war d'Fra vum Abraham Freymann. Zesumme si si 1911 op Lëtzebuerg komm an 1924 op Esch wunne gaangen, wou s'um Eck Dicks- an Uelzechtstrooss e Geschäft, d'Freymanns Verkaufshalle opgemaach hunn. 1932 huet den Abraham wéinst enger Faillite frauduleuse missen d'Land verloossen. D'Frieda ass mat hire 5 Kanner zu Esch bliwwen an huet d'Geschäft zesumme mat hirer Duechter Rose, déi 1914 zu Hollerech gebuer gouf, weidergefouert. D'Frieda Freymann ass no der Evakuatioun, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich, zu Bouliac (Gironde), bliwwen. Ier se festegeholl gouf, gouf se vun hire jéngste Kanner Minna Sara an Heinrich getrennt. Den 23. September 1942 gouf si iwwer Drancy mam Transport Nr.36 op Auschwitz bruecht, wou se den 28. September 1942 vergaast gouf.[6]
Uelzechtstrooss 119 Stolperstein F. Freymann Esch-Alzette, 119 rue de l'Alzette 01.jpg 49° 29’ 34.4’’ N
05° 58’ 43.6’’ E
22. Oktober 2013.
Heinrich Freymann geb. 20. Februar 1927 zu Esch-Uelzecht ; gest. Juli 1942 Auschwitz
Den Heinrich Freymann war dat jéngste Kand vum Abraham a vun der Frieda Freymann-Gallar. No der Evakuatioun vun Esch, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich, gouf hie mat senge Gesëschter vu senger Mamm getrennt. Mat senger Schwëster Minna huet hien zu Saint-Sauvant (Vienne) an zu Angers gelieft. Déi zwee sinn ënner den 824 Judde, déi de 15.-20. Juli 1942 am Departement Maine-et-Loire an an Ostfrankräich verhaft goufen. Den 20. Juli goufe si mam Transport Nr.8 vun Angers op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[6]
Uelzechtstrooss 119 Stolperstein H. Freymann Esch-Alzette, 119 rue de l'Alzette 01.jpg 49° 29’ 34.4’’ N
05° 58’ 43.6’’ E
22. Oktober 2013.
Sara Minna Freymann geb. 16. Juli 1925 zu Esch-Uelzecht ; gest. Juli 1942 Auschwitz
D'Sarah Minna Freymann war dat zweetjéngst Kand vum Abraham a vun der Frieda Freymann-Gallar. No der Evakuatioun vun Esch, als Folleg vum däitschen Amarsch, 1940 a Frankräich, gouf hatt mat senge Gesëschter vu senger Mamm getrennt. Mat sengem Brudder Heinrich huet hatt zu Saint Sauvant (Vienne) an Angers gelieft. Déi zwee sinn ënner den 824 Judde, déi de 15.-20. Juli 1942 am Departement Maine-et-Loire an an Ostfrankräich verhaft goufen. Den 20. Juli goufe si mam Transport Nr.8 vun Angers op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[6]
Uelzechtstrooss 119 Stolperstein M.S. Freymann Esch-Alzette, 119 rue de l'Alzette 01.jpg 49° 29’ 34.4’’ N
05° 58’ 43.6’’ E
22. Oktober 2013.
Léopold Nathan geb. 6. September 1884 zu Dippech ; gest. November 1942 Auschwitz
De Léopold Nathan ass ee vun de 5 Jonge vum Véihändler Michel Nathan a senger Fra Rosa Herz vun Dippech. 1907 huet hie sech mat der Agathe Moyse bestuet. 1918 huet hien zu Esch an der Neistrooss (haut Liberatiounsstrooss) etaléiert, wou hie mat Päerd gehandelt huet. Nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, gouf hie mat senger Famill, sou wéi och seng zwéi Bridder mat hire Famillen, a Südfrankräich evakuéiert. Si hu sech do zu Verteuil an der Charente niddergelooss. Nodeems se vun engem Dokter Viguier verrode gi waren, goufen déi 9 Familljememberen den 28. Oktober 1942 vun der Gendarmerie verhaft an an den Deeg dono iwwer Drancy mam Transport Nr.40 op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[6]
Liberatiounsstrooss 8 Stolperstein L. Nathan Esch-Alzette, 8 rue de la Libération 01.jpg 49° 29’ 35.4’’ N
05° 58’ 55.1’’ E
22. Oktober 2013.
Agathe Nathan-Moyse geb. 1895 (?); gest. November 1942 Auschwitz
D'Agathe Nathan-Moyse, gebuer 1895 (? - sou steet um Steen, ma da wier se mat 12 Joer bestuet ginn) zu Verny (Moselle) war zënter dem 26. Dezember 1907 d'Fra vum Päerdshändler Léopold Nathan. Nom däitschen Iwwerfall gouf si mat hirer Famill, sou wéi och der Famill vu hire Schwoeren, a Südfrankräich evakuéiert. Si hu sech do zu Verteuil an der Charente niddergelooss. Nodeems se vun engem Dokter Viguier verrode gi waren, goufen déi 9 Familljememberen den 28. Oktober 1942 vun der Gendarmerie verhaft an an den Deeg dono iwwer Drancy mam Transport Nr.40 op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[6]
Liberatiounsstrooss 8 Stolperstein S.R. Nathan Esch-Alzette, 8 rue de la Libération 01.jpg 49° 29’ 35.4’’ N
05° 58’ 55.1’’ E
22. Oktober 2013.
Sylvain Roger Nathan geb. 1921 zu Esch/Uelzecht ; gest. November 1942 Auschwitz
De Sylvain Roger Nathan ass de Jong vum Päerdshändler Léopold Nathan a senger Fra Agathe Moyse. Nom däitschen Iwwerfall gouf hie mat senger Famill, sou wéi och d'Famill vu sengem Papp senge Bridder, a Südfrankräich evakuéiert. Si hu sech do zu Verteuil an der Charente niddergelooss. Nodeems se vun engem Dokter Viguier verrode gi waren, goufen déi 9 Familljememberen den 28. Oktober 1942 vun der Gendarmerie verhaft an an den Deeg dono iwwer Drancy mam Transport Nr.40 op Auschwitz bruecht, wou se direkt ëmbruecht goufen.[6]
Liberatiounsstrooss 8 Stolperstein S.R. Nathan Esch-Alzette, 8 rue de la Libération 01.jpg 49° 29’ 35.4’’ N
05° 58’ 55.1’’ E
22. Oktober 2013.
Karoline Wachenheimer geb. Dreifuss geb. 10. Juli 1860 zu Schmieheim (Baden); gest. 9. Abrëll 1943 zu Theresienstadt
D'Karoline Wachenheimer-Dreifuss ass d'Wittfra vum Moses Wacheheimer a Mamm vun der Sophie Wachenheimer, sou wéi och vun der Ida Wachenheimer an der Thekla (genannt Dora), der Fra vum Eugen Marx. Den 29. Juni 1938 ass si virun der antisemitescher Politik an Däitschland bei hir Duechter Sophie op Esch geflücht, wou och schon d'Ida an d'Thekla waren. D'Thekla verléisst 1939 mat hirer Duechter Ingeborg Europa a fiert op Philadelphia. Nom däitschen Iwwerall am Mee 1940, an der Evakuatioun, koum d'Karoline Wachenheimer mam Sophie a mam Ida Enn Juli 1940 zréck op Esch. Wéi d'Sophie do hir Aarbecht verluer huet, si si Enn Oktober 1940 zesummen an d'Stad geplënnert. Den 28. Juli 1942 gouf si, mat hiren zwou Duechteren, mam Transport Nr.5 an d'Ghetto Theresienstadt bruecht. Den 23. Januar 1943 gouf si vun do, mat 2000 anere Judden, op Auschwitz transportéiert, wou se vergaast gouf, soubal se do waren.[6]
Uelzechtstrooss 23 Stolpersteine K. Wachenheimer Esch-Alzette, 23 rue de l'Alzette 01.jpg 49° 29’ 42.4’’ N
05° 59’ 02.5’’ E
22. Oktober 2013.
Sophie Wachenheimer geb. 15. November 1885 zu Schmieheim (Baden); gest. Januar 1943 zu Auschwitz
D'Sophie Wachenheimer ass 1901 op Lëtzebuerg geplënnert, wou s'an der Stad am Geschäft Rosenstiel & Schwarz geschafft huet. Den 11. Mäerz 1921 koum si op Esch wunnen, wou se Gérante vum Rosenstiel senger Succusale gouf. Si koum no der Evakuatioun 1940, nom däitschen Iwwerall, Enn Juli 1940 zréck op Esch, huet awer geschwënn dono, wéi d'Geschäft konfiskéiert gouf, entlooss. Den 29. Oktober 1940 ass si an d'Stad geplënnert, fir d'éischt an d'Longkecherstrooss 59, dono an de Millewee 80. Den 28. Juli 1942 gouf si mam Transport Nr.5 an d'Ghetto Theresienstadt bruecht. Den 23. Januar 1943 gouf si vun do, mat 2000 anere Judden, op Auschwitz transportéiert, wou se vergaast gouf soubal se do waren.[6]
Uelzechtstrooss 23 Stolpersteine S. Wachenheimer Esch-Alzette, 23 rue de l'Alzette 01.jpg 49° 29’ 42.4’’ N
05° 59’ 02.5’’ E
22. Oktober 2013.
Ida Blank geb. Wachenheimer geb. 15. Dezember 1887 zu Schmieheim (Baden); gest. 19. Januar 1943 zu Theresienstadt
D'Ida Blank, gebuer Wachenheimer huet vun hirem Mann getrennt gelieft. Si ass de 14. Juni 1939 virun der antisemitescher Politik an Däitschland geflücht bei hir Schwëster Sophie an dat vermeintlecht séchert Lëtzebuerg. Nom däitschen Iwwerall am Mee 1940, an no der Evakuatioun, koum si mam Sophie an hirer Mamm Karoline Enn Juli 1940 zréck op Esch. Wéi d'Sophie do hir Aarbecht verluer huet, si si Enn Oktober 1940 zesummen an d'Stad geplënnert. Den 28. Juli 1942 gouf si, mat hiren zwou Duechteren, mam Transport Nr.5 an d'Ghetto Theresienstadt bruecht. Den 23. Januar 1943 gouf si vun do, mat 2000 anere Judden, op Auschwitz transportéiert, wou se vergaast gouf, soubal se do waren.[6]
Uelzechtstrooss 23 Stolpersteine I. Blank Esch-Alzette, 23 rue de l'Alzette 01.jpg 49° 29’ 42.4’’ N
05° 59’ 02.5’’ E
22. Oktober 2013.


Commons: Stolpersteng zu Esch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Gréiwemaacher[änneren | Quelltext änneren]

Zu Gréiwemaacher goufen den 10. Mäerz 2017 siwe Stolpersteng vum Günter Demnig, als Erënnerung u jiddesch Affer, déi "an den Osten" deportéiert an do ermuert goufen, geluecht.[7]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Max Bonem geb. 26. Abrëll 1893; gest. 10. Mäerz 1943 zu Sobior Rue de Luxembourg, 25 Grevenmacher, Stolperstein 01 Max Bonem.jpg 50° 02’ 11.6’’ N
06° 04’ 38.1’’ E
10. Mäerz 2017
Raphael Cahen geb. 27. Juli 1895 zu ; gest. 1943 zu Majdanek Rue Sainte-Catherine, 38 Grevenmacher, Stolperstein 02 Raphael Cahen.jpg 49° 40’ 52.34’’ N
06° 26’ 30.61’’ E
10. Mäerz 2017
Félix Hayum geb. 30. September 1893 zu ; gest. 3. Mäerz 1942 zu Łódź/Litzmannstadt Rue de Trèves, 33 Grevenmacher, Stolperstein 03 Felix Hayum.jpg 49° 40’ 48.86’’ N
06° 26’ 40.03’’ E
10. Mäerz 2017
Fernand Hayum geb. 21. Abrëll 1924 zu ; gest. 24. Mee 1942 zu Łódź/Litzmannstadt Rue de Trèves, 33 Grevenmacher, Stolperstein 04 Fernand Hayum.jpg 49° 40’ 48.86’’ N
06° 26’ 40.03’’ E
10. Mäerz 2017
Oskar Hayum geb. 15. Juli 1887 zu ; gest. 1942 zu Izbica Rue de Trèves, 33 Grevenmacher, Stolperstein 05 Oskar Hayum.jpg 49° 40’ 48.86’’ N
06° 26’ 40.03’’ E
10. Mäerz 2017
Siegmund Hayum geb. 6. Mäerz 1891 zu ; gest. 21. Mee 1942 zu Łódź/Litzmannstadt Rue de Trèves, 33 Grevenmacher, Stolperstein 06 Siegmund Hayum.jpg 49° 40’ 48.86’’ N
06° 26’ 40.03’’ E
10. Mäerz 2017
Selma Sommer-Bonem geb. 15. August 1885 zu ; gest. 1942 zu Auschwitz Grand-Rue, 19 Grevenmacher, Stolperstein 07 Selma Sommer.jpg 49° 40’ 45.05’’ N
06° 26’ 28.87’’ E
10. Mäerz 2017


Commons: Stolpersteng zu Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Munneref[änneren | Quelltext änneren]

De 6. November 2015 huet d'Gemeng Munneref, als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess", eelef Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss.[8] 18 Lokalassociatiounen hunn de Parrainage iwwerholl. Zu Munneref goufen dann och zu Lëtzebuerg, mat de Steng fir d'Marie Faber-Siebenaler an de Bernard Weber, déi éischt Stolpersteng fir Resistenzler geluecht.[9]

Numm Liewensdaten Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Bernard Weber geb. 15. Okober 1890 zu Haler; gest. 25. November 1943 zu Hinzert
De Bernard Weber huet mat senger Fra, der Louise Molitor, an der Ellenger Strooss (haut rue John-Grün) zu Munneref gewunnt. D'Koppel hat ee Jong, de Roger, gebuer de 16. Abrëll 1923, wouduerch hien zu der Altersklass gehéiert huet déi als éischt zwangsrekrutéiert gouf. Am Éischte Weltkrich huet de Bernard Weber an der franséischer Friemelegioun gekämpft, woufir hien 1922 mat der Médaille militaire ausgezeechent gouf. De Bernard Weber war ee vun de Käpp an der Munnerefer Resistenz. Den 22. Oktober 1943 gouf hie vun der Gestapo verhaft an an de Prisong am Gronn agespaart. Vu do gouf hien den 2. November 1943 an d'KZ Hinzert verschleeft, wou hin duerch d'sadistesch Brutalitéit vun den SS-Verbriecher de 25. November 1943 ëmkomm ass. De 24. Oktober 1944, op der éischter Gemengerotsëtzung no der Liberatioun, gouf op Propositioun vun der Unio'n decidéiert d'"Place Flesgin" (Grous Plaz) a "Place Bernard-Weber" ëmzebenennen. De 25. November gouf d'Plaz feierlech ageweit. Seng stierflech Iwwerreschter goufen am September 1946 um Munnerefer Kierfecht begruewen. De Bernard Weber gouf posthum mam Ordre de la Résistance ausgezeechent.
25 rue John-Grün Stolpersteine Mondorf-les-Bains, 25 rue John Grün 01.jpg 49° 30’ 26.7’’ N
06° 16’ 25.7’’ E
6. November 2015.
Marie Faber geb. Siebenaler geb. 12. Januar 1878 zu Elleng; gest. 8. November 1944 zu Ravensbrück
D'Marie Si(e)benaler huet mat hirem Mann, dem Jean-Mathias Faber, op Nr 16 am Millewee zu Munneref gewunnt. Am Krich huet d'Famill d'Refractairen ënnerstëtzt. Op eng Denonciatioun vun der Frëndin vun hirem Jong hi gouf si, a fënnef aner Resistenzler, 1944 vun der Gestapo verhaft an an de Prisong am Gronn agespaart. Vun do koum si iwwer verschidden aner Lager an d'KZ Ravensbrück, wou si den 8. November 1944 gestuerwen ass. Si gouf posthum mam Ordre de la Résistance ausgezeechent.
16-18 rue du Moulin Stolpersteine Mondorf-les-Bains, 16-18 rue du Moulin 01.jpg 49° 30’ 18.2’’ N
06° 16’ 02.8’’ E
6. November 2015.
Oskar "Osias" Herschtritt geb. 25. September 1869 zu Radziechów; gest. 28. Juli 1942 zu Lëtzebuerg
Den Oskar "Osias" Herschtritt, hat e Miwwelgeschäft zu Berlin. Am Juni 1939 ass hie mat senger Fra, der Bertha Spiegel op Munneref geflücht, wou si a verschiddenen Hotele gewunnt hunn. Ënner der däitscher Besatzung vu Munneref war d'Koppel der permanenter Gewalt an den Humiliatioune vun den Nazien ausgesat. Dem Herschtritt seng Fra gouf de 16. September 1941 op der Pafemillen internéiert, vu wou si den 28. Juli 1942 an d'KZ Theresienstadt transportéiert gouf. Do ass si den 13. Februar 1943 ëmkomm. Ier den Oskar Herschtritt och op d'Pafemille sollt verschleeft ginn, huet hie sech den 28. Juli 1942 d'Liewe geholl. Hien ass um Kierfecht Bellevue um Lampertsbierg begruewen.
6 Place Bernard Weber Stolpersteine Mondorf-les-Bains, 6 Place Bernard Weber 01.jpg 49° 30’ 18.4’’ N
06° 16’ 14.2’’ E
6. November 2015.
Mayer Bonem geb. 1863 Könen; gest. 26. November 1942 zu Theresienstadt
De Mayer Bonem ass 1938 mat senge Gesëschter Albert a Pauline vun Tréier op Munneref geflücht wou si am deemolegen Hotel Belvédère am Millewee, e puer Schrëtt vis-à-vis vun der Synagog, ënnerkoumen. Den 28. Juli 1942 goufe si op Theresienstadt deportéiert - vun deem Dag u gouf Munneref als definitiv "judenfrei" betruecht. De Mayer Bonem gëtt 1942 zu Theresienstadt ëmbruecht, seng Geschwëster 1943.
42, Millewee Stolpersteine Mayer Bonem Mondorf-les-Bains, 42 rue du Moulin 01.jpg 49° 30’ 16.89’’ N
06° 15’ 55.81’’ E
6. November 2015.
Albert Bonem geb. 1872 Könen; gest. 2. Abrëll 1943 zu Theresienstadt
Den Albert Bonem ass 1938 mat senge Gesëschter Mayer a Pauline vun Tréier op Munneref geflücht wou si am deemolegen Hotel Belvédère am Millewee, e puer Schrëtt vis-à-vis vun der Synagog, ënnerkoumen. Den 28. Juli 1942 goufe si op Theresienstadt deportéiert - vun deem Dag u gouf Munneref als definitiv "judenfrei" betruecht. Den Albert Bonem gëtt, wéi seng Schwëster Pauline 1943 zu Theresienstadt ëmbruecht, säi Brudder Mayer war do schonn 1942 doutgemaach ginn.
42, Millewee Stolpersteine Albert Bonem Mondorf-les-Bains, 42 rue du Moulin 01.jpg 49° 30’ 16.89’’ N
06° 15’ 55.81’’ E
6. November 2015.
Pauline Bonem geb. 1875 Könen; gest. 13. Januar 1943 zu Theresienstadt
D'Pauline Bonem ass 1938 mat hire Bridder Mayer an Albert vun Tréier op Munneref geflücht wou si am deemolegen Hotel Belvédère am Millewee, e puer Schrëtt vis-à-vis vun der Synagog, ënnerkoumen. Den 28. Juli 1942 goufen si op Theresienstadt deportéiert a vun deem Dag u gouf Munneref als definitiv "judenfrei" betruecht. D'Pauline Bonem gëtt, wéi hire Brudder Albert, 1943 zu Theresienstadt ëmbruecht, de Mayer war do schonn 1942 doutgemaach ginn.
42, Millewee Stolpersteine Pauline Bonem Mondorf-les-Bains, 42 rue du Moulin 01.jpg 49° 30’ 16.89’’ N
06° 15’ 55.81’’ E
6. November 2015.
Joseph Kinman geb. 15. Dezember 1906 zu Warschau ; gest. 18. Mee 1944 zu Auschwitz
De Joseph Kinman huet seng Heemecht 1923 verlooss a koum 1927 op Munneref, nodeem hie virdunn zu Paräis an zu Bréissel geschafft hat. De 25. Mäerz 1928 bestit hien d'Jeanne d'Probst. 1935 associéiert säi Schwéierpapp, den Adolphe Probst hien un der Gérance vum Hotel Bristol, deen d'Famill Probst-Seckler kuerz virdrun iwwerholl hat. Wéi de Familjebetrib du richteg prosperéiert huet, war dat net zur Freed vun der Konkurrenz. Et goung sou wäit dat d'Gendarmerie obligéiert war eng Enquête ze maachen woubäi awer näischt Negatives iwwer de Probst oder de Kinman eraus koum. An hirem Rapport hunn d'Gendaarme awer missen antisemitisch Aussoen notéiere wéi "Wie ist es nur möglich, dass so einem polnischen Juden hier der Betrieb eines Hotels gestattet wird?" Beim Iwwerfall vun den däitschen Truppe flücht d'Famill Kinman-Probst a Frankräich wou se an der Géigend vun Nice ënnerkommen. 1943 wunne se ënner falschen Nimm zu Valence, wou si de 24. Dezember 1943 vun der Gestapo festgeholl gi wéinst "activité au profit de la résistance française, fabrication de fausses cartes d'identité pour les réfractaires du STO et pour les hommes du maquis". De Joseph Kinman kënnt an de Camp vun Drancy, vu wou hien de 27. Mäerz an d'KZ Auschwitz deportéiert gëtt. Ënner der Nummer 176258 gëtt hien engem "Arbeitskommando" zougedeelt. Hie stierft den 18. Mee 1944 - "tödlich verunglückt".
4, Avenue Dr. Klein Stolpersteine Joseph Kinman Mondorf-les-Bains, 4 avenue Dr. Klein 01.jpg 49° 30’ 14,36’’ N
06° 16’ 48.29’’ E
6. November 2015.
Jakob "Jacques" Hayum geb. 19. Juli 1908 zu Könen, haut e Staddeel vu Konz; gest. 1943 zu Majdanek
De Jakob Hayum gouf 1935 beschëllegt, eng Falschausso an engem Prozess gemaach ze hunn a wéinst Meeneed zu engem Joer an 9 Méint Prisong condamnéiert, déi hien zu Tréier, Münster an Herford ofgesat huet. Den 21. Juni 1938 koum hien als "Häftling 3823" an d'KZ Sachsenhausen, wou hien als "arbeitsscheuer Jude" agedroe gouf. Dunn huet säi Cousin Sylvain Hayum, Directeur adjoint beim Comptoir des fers et métaux, sech dofir agesat, datt hien e Permis de séjour fir Lëtzebuerg sollt kréien. Sou krut hien eng Openthaltserlaabnes fir zwéi Méint a koum den 28. September 1938 iwwer de Prisong vun Tréier op Lëtzebuerg. Well seng Pläng no Iwwerséi z'emigréieren awer kee Succès haten, huet hie gefrot fir de Permis prolongéiert ze kréien. Ënner der Conditioun op Munneref wunnen ze goen ass dat du geschitt. Hien huet sech am jiddeschen Hotel Hemmendinger ugemellt a schéngt am Hotel Bristol bei der Famill Probst-Seckler geschafft ze hunn. 1939 huet de Jacques (wéi hie sech lo genannt huet) Hayum d'däitsch Nationalitéit verluer a krut provisoresch lëtzebuergesch Pabeieren. Kuerz virum Amarsch vun den däitschen Truppen ass hien zesumme mat der Famill Probst a Süd-Frankräich geflücht, wou hien deenen hir jéngst Duechter d'Relly bestuet huet. De 7. Abrëll koum hir Duechter Paulette zu Montpellier op d'Welt. Zu Pierrefiche, wou hie bei engem Bauer geschafft huet, gouf den Hayum bei enger Razzia opgegraff a koum de 25. Februar 1943 an de Camp zu Gurs, an den Dag drop an de Camp zu Drancy. Mam "Convoi 50" gouf hien de 4. Mäerz an d'KZ Majdanek deportéiert, vu wou hien net méi zréck koum. Seng Fra Relly, seng Duechter an d'Schwéiereltere konnten de 4. Mäerz 1943 an d'Schwäiz flüchten an hunn de 15. Juni 1945 d'Heemrees op Lëtzebuerg ugetrueden. Vum Hayum senger Famill huet just eng Schwester an e Brudder den Holocaust iwwerlieft.
4, Avenue Dr. Klein Stolpersteine Jakob Hayum Mondorf-les-Bains, 4 avenue Dr. Klein 01.jpg 49° 30’ 14,36’’ N
06° 16’ 48.29’’ E
6. November 2015.
Colette Cerf geb. 18. Februar 1922 zu Munneref ; gest. 15. Februar 1943 zu Auschwitz
D'Colette Cerf war d'Duechter vum Sylvain Cerf a senger Fra Rose, geb. Levy. De 17. Oktober 1939 mellt d'Famill sech vu Munneref no Mondorff of. Wéinst der Krichsgefor gëtt d'Uertschaft kuerz drop evakuéiert an d'Famill kënnt zu Melun an der Seine-et-Marne ënner. Den 13. Februar 1943 gi se aus dem Camp de Drancy an d'KZ op Auschwitz deportéiert, wou si de 15. Februar 1943 ukommen an allen dräi direkt vergast ginn.
Allée Jean Linster Stolpersteine Colette Cerf Mondorf-les-Bains, Allée Jean Linster 01.jpg 49° 30’ 22.46’’ N
06° 16’ 16.03’’ E
6. November 2015.
Sylvain Cerf geb. 30. Mee 1881 zu Pëttleng ; gest. 15. Februar 1943 zu Auschwitz
De Sylvain Cerf huet sech den 29. Januar 1913 mam Rose Levy bestuet. Vu September 1913 bis an d'Joer 1918 hu si zu Munneref gewunnt, bis se op Metz geplënnert sinn. D'Koppel kënnt awer schonn am Juni 1920 zréck op Munneref, wou si um Schoulbierg (Allée Jean-Linster) wunnen an de Sylvain Cerf sengem Beruff als Véihändler nogeet. 1922 gëtt do hir Duechter Colette gebuer. De 17. Oktober 1939 mellt d'Famill sech no Mondorff of. Wéinst der Krichsgefor gëtt d'Uertschaft kuerz drop evakuéiert an d'Famill kënnt zu Melun an der Seine-et-Marne ënner. Den 13. Februar 1943 gi se aus dem Camp vun Drancy an d'KZ op Auschwitz deportéiert, wou si de 15. Februar 1943 ukommen an allen dräi direkt vergast ginn.
Allée Jean-Linster Stolpersteine Sylvain Cerf Mondorf-les-Bains, Allée Jean Linster 01.jpg 49° 30’ 22.46’’ N
06° 16’ 16.03’’ E
6. November 2015.
Rose Cerf, geb. Levy geb. 29. Januar 1892 zu Puttelange-aux-Lacs; gest. 15. Februar 1943 zu Auschwitz
D'Rose Levy huet sech den 29. Januar 1913 mam Sylvain Cerf bestuet. Vu September 1913 bis an d'Joer 1918 hu si zu Munneref gewunnt, bis se op Metz geplënnert sinn. D'Koppel kënnt awer schonn am Juni 1920 zréck op Munneref, wou si um Schoulbierg (Allée Jean-Linster) wunnen. 1922 gëtt do hir Duechter Colette gebuer. De 17. Oktober 1939 mellt d'Famill sech no Mondorff of. Wéinst der Krichsgefor gëtt d'Uertschaft kuerz drop evakuéiert an d'Famill kënnt zu Melun an der Seine-et-Marne ënner. Den 13. Februar 1943 gi se aus dem Camp vun Drancy an d'KZ op Auschwitz deportéiert, wou si de 15. Februar 1943 ukommen an allen dräi direkt vergast ginn.
Allée Jean-Linster Stolpersteine Rose Cerf Mondorf-les-Bains, Allée Jean Linster 01.jpg 49° 30’ 22.46’’ N
06° 16’ 16.03’’ E
6. November 2015.


Commons: Stolpersteng zu Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Réimech[änneren | Quelltext änneren]

De 24. Juni 2016 goufen zu Réimech, als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess", 17 Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig geluecht. Si erënneren un déi 13 Judden aus Réimech, déi d'Shoah net iwwerlieft hunn, wéi och u 4, déi der Ermuerdung entkomm waren.[10]

Numm Liewensdaten[11] Plaz Bild Geokoordinaten Datum vun der Pose
Alice-Deichmann-Aron geb. 1903 zu Nürnberg; gest. 31.7.1942 zu Auschwitz
. D'Alice Deichmann, geb. Aron, ass 1903 zu Nürnberg gebuer. Zesumme mat hirem Mann Kurt Deichmann hu si vun 1934 bis 1938 zu Réimech gewunnt. 1938 huet d'Koppel sech getrennt. Nom preiseschen Iwwerfall op Lëtzebuerg ass d'Alice Deichmann-Aron mat hirer Duechter Marion a Frankräich geflücht. Si gouf do verhaft an am Camp vun Drancy internéiert, vu wou si 1942 op Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht gouf. D'Duechter Marion huet, a Frankräich verstoppt, d'Shoah iwwerlieft.
54, rue de Macher Stolpersteen Alice Deichmann-Aron, 54, rue de Macher, Réimech-102.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Kurt Deichmann geb. 1907 zu Algrange ; gest. 2000 a Brasilien
De Kurt Deichmann ass 1907 zu Algrange gebuer. 1934 bis 1938 huet hien zesumme mat senger Fra Alice Deichmann-Aron zu Réimech gewunnt. 1938 huet d'Koppel sech getrennt an de Kurt Deichmann ass no Brasilien ausgewandert, wou en 2000 gestuerwen ass.
54, rue de Macher Stolperstee Kurt Deichmann, 54, rue de Macher, Réimech-102.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Heinrich Herrmann geb. 1879 zu Oberemmel; gest. 1944 zu Theresienstadt
Den Heinrich Herrmann, 1879 zu Oberemmel bei Konz gebuer, huet zu Réimech als Véihändler gewunnt. Hie war de Mann vun der d'Klara Herrmann-Kahn. D'Koppel hat zwéi Jongen. Zesumme mat senger Fra gouf hie fir d'éischt op der Pafemillen (Cinqfontaines]] internéiert an ass duerno op Theresienstadt deportéiert ginn. Hie gouf 1944 ermuert.
4, rue Dauvelt Stolpersteen Heinrich Herrmann, 4, rue Dauvelt Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Klara Herrmann-Kahn geb. 1882 zu Gréiwemaacher; gest. 1944 zu Auschwitz
D'Klara Herrmann, geb. Kahn, ass 1882 zu Gréiwemaacher gebuer. Si war mam Heinrich Herrmann bestuet a Mamm vun zwéi Jongen, dem Myrtil an dem Roger. Zesumme mat hirem Mann gouf si 1941 op der Pafemillen (Cinqfontaines) internéiert a vun do aus op Theresienstadt, spéider op Auschwitz, verschleeft, wou se 1944 ermuert gouf.
4, rue Dauvelt Stolperstee Klara Herrmann-Kahn, 4, rue Dauvelt Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Myrtil Herrmann geb. 1912 zu Réimech; gest. 1945 zu Bergen-Belsen
De Myrtil Herrmann ass 1912 zu Réimech gebuer an och do an d'Schoul gaang. Hie gouf de 16.Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. 1945, am Abrëll, e puer Deeg vrun der Befreiung duerch d'Rout Arméi, gouf hien am KZ Bergen-Belsen ëmbruecht.
4, rue Dauvelt Stolperstee Myrtil Herrmann, 4, rue Dauvelt Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Roger Herrmann geb. 1920 zu Réimech; gest. 1969 an den USA
De Roger herrmann, Jong vun der Klara an dem Heinrich Herrmann, ass 1920 zu Réimech gebuer. Hien hat eng Metzleschléier gemaach. Zesummen mat sengem Brudder gouf hien op Litzmannstadt verschleeft. Hien huet den Holocaust iwwerlieft an ass spéider no den USA ausgewandert wou hien 1969 bei engem Accident ëmkoum.
4, rue Dauvelt Stolperstee Roger Herrmann, 4, rue Dauvelt Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Erna Hilb geb. 1915 zu Réimech; gest. zu Litzmannstadt
D'Erna Hilb, 1915 zu Réimech gebuer an do an d'Schoul gaang. Wéi och hir Eltere gouf si de 16.Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou si qualvoll gestuerwen ass.
13, rue Enz Stolpersteen Erna Hilb, 13, rue Enz, Réimech-102-8545.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Leopold Hilb geb. 1884 zu Aufhausen; gest. 17.8.1941 zu Litzmannstadt
De Leopold Hilb, 1884 zu Aufhausen an Däitschland gebuer, huet an drëtter Generatioun zu Réimech gelieft. Hien hat do e Konfektiouns- a Schongbuttek. De 16.Oktober 1941 gouf hie mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou hien de 17. August qualvoll gestuerwen ass. Um nämmlechten Transport ware seng Fra Regina a seng Duechter Erna.
13, rue Enz Stolperstee Leopold Hilb, 13, rue Enz, Réimech-102-8544.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Regina Hilb-Bonem geb. 1886 zu Réimech; gest. zu Chełmno
D'Regina Hilb, geb. Bonem, 1886 zu Réimech gebuer, war d'Fra vum Leopold Hilb. Zesumme mat hirem Mann huet si zu Réimech e Konfektiouns- a Schongbuttek gefouert. De 16.Oktober 1941 gouf si, wéi och hire Mann Leopold an hir Duechter Erna, mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Vun do koum s'an d'Vernichtungslager Chełmno, wou s'an engem Gascamion ermuert gouf.
13, rue Enz Stolperstee Regina Hilb-Bonem, 13, rue Enz, Réimech-101-8546.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Heinz Joseph geb. 1925 zu Laufersweiler; gest. 2002 an den USA.
Den Heinz Joseph, 1925 zu Laufersweiler am Hunsrück gebuer, war en Neveu vum Leo Hayum. Hien ass 1938 op Lëtzebuerg bei d'Famill op Réimech geflücht. De 16. Oktober 1941 gouf hien an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Hien huet e puer Lageren, ë. a. Auschwitz a Bergen-Belsen iwwerlieft. Den Heinz Joseph ass 2002 an den USA gestuerwen.
6, rue de la Gare Stolpersteen Heinz Joseph, 6, rue de la Gare, Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Emma Marx-Nathan geb. 1878 zu Gau-Algesheim; gest. zu Izbica, Bełżec oder Sobibor
D'Emma Marx, geb. Nathan, gouf 1878 zu Gau-Algesheim an Däitschland gebuer. Si war mam Véihändler a Versécherungsagent Felix Marx bestuert, zesummen haten s'ee Jong, de Gaston. Den 23. Abrëll 1942 gouf si, zesumme mat hirem Mann Felix, op Lublin an de Ghetto Izbica deportéiert. Béid goufen do, oder zu Bełżec oder Sobibor ëmbruecht.
36, rue Neuve Stolpersteen Emma Marx-Nathan, 36, rue Neuve, Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Felix Marx geb. 1875 zu Schwéidsbeng; gest. zu Izbica, Bełżec oder Sobibor
De Felix Marx, 1875 zu Schwéidsbeng gebuer, war Véihändler a Versécherungsagent. Den 23. Abrëll 1942 gouf hien, zesumme mat senger Fra Emma, op Lublin an de Ghetto Izbica deportéiert. Béid goufen do, oder zu Bełżec oder Sobibor ëmbruecht.
36, rue Neuve Stolperstee Félix Marx, 36, rue Neuve, Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Gaston Marx geb. 1909;
De Gaston Marx, Jong vum Felix an Emma Marx-Nathan, war am Mee 1940, beim preiseschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, a Frankräich geflücht an huet als eenzege vun der Famill den Holocaust iwwerlieft. Hien ass an den 1990er Joren a Frankräich, wou seng Duechter lieft, gestuerwen.
36, rue Neuve Stolperstee Gaston Marx, 36, rue Neuve, Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Arthur Meyer geb. 1909 zu Réimech; gest. zu Chelmno
Den Arthur, 1909 zu Réimech gebuer, war mat der Caroline Kahn vu Miedernach verloobt. Hie gouf de 16.Oktober 1941 zesumme mat senger Mamm a senger Schwester an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Duerno koum hien an d'Vernichtungslager Chelmno, wou hien an engem Gascamion ermuert gouf.
6, rue de la Gare Stolpersteen Arthur Meyer, 6, rue de la Gare, Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Fanny Meyer-Kahn geb. 1878 zu Bus; gest. 1944 zu Auschwitz
D'Fanny Meyer, geb. Kahn, 1878 zu Bus gebuer, huet mat hiren dräi Kanner, dem Jules, dem Arthur an dem Renée,zu Réimech gewunnt. Hire Mann, den Herrmann Meyer (gebuer 1870 zu Wawern bei Prüm) war schonns 1932 zu Réimech gestuerwen. D'Mme Mayer gouf, zesumme mam Arthur a am Renée, de 16. Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Den Arthur gouf zu Chelmno an engem Gascamion ermuert, d'Fanny an d'Renée sinn op Auschwitz koum, wou si 1944 ermuert goufen (De Jules, 1906 gebuer, war 1927 a Frankräich op Vitry-le-François ausgewandert an do 1991 gestuerwen).
6, rue de la Gare Stolperstee Fanny Meyer-Kahn, 6, rue de la Gare, Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Renée Hayum-Meyer geb. 1914 zu Réimech; gest. 1944 zu Auschwitz
D'Renée Hayum, geb. Meyer, war d'Duechter vun der Koppel Herrmann a Fanny Meyer-Kahn. De 16.Oktober 1941 gouf si zesumme mat hirem Mann, dem Leo Hayum, hirer Mamm an hirem Brudder Arthur an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Duerno koumen déi zwou Fraen op Auschwitz, wou se 1944 ermuert goufen.
6, rue de la Gare Stolperstee Renée Hayum-Meyer, 6, rue de la Gare, Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Leo Hayum geb.1907 zu Kirf bei Tréier; gest. zu Litzmannstadt
Leo Hayum, 1907 zu Kirf bei Tréier gebuer war mat der Renée Meyer bestuet an hat ee Liederhandel. Och hie gouf de 16. Oktober 1941 an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou hie qualvoll gestuerwen ass.
6, rue de la Gare Stolperstee Leo Hayum, 6, rue de la Gare, Réimech-101.jpg _ _N_06_ _ _E_ 49°  ’  ’’ N
06°  ’  ’’ E
24. Juni 2016.
Commons: Stolpersteng zu Réimech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Ettelbréck[änneren | Quelltext änneren]

Ettelbruck Grand-Rue Stolperschwelle 1940 1945.jpg

De 25. Januar 2013 gouf zu Ettelbréck an der Foussgängerzon eng "Stolperschwelle", och vum Demnig, geluecht. Déi ass sou breet wéi 8 Steng an erënnert, am Géigesaz vun de "Stolpersteine", net un eenzel Persounen, mä kollektiv un déi 127 Judden aus där Stad, déi deportéiert goufen, a vun deenen an der Folleg der 105 ëm d'Liewe koumen, déi meescht a KZer.[12]

Commons: Stolpersteng zu Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Usprooch vum Suessemer Schäffe Marco Goelhausen archivéiert
  2. "23 'Stolpersteine' fir d'Erënnerung." rtl.lu, 05.11.2015, 18:30:52.
  3. D'Liewensdate vun den Affere berouen op de Recherche vum Historiker Cédric Faltz, déi hien 2014 am Optrag vun der Stad Déifferdeng, zesumme mat de Geschichstfrënn Déifferdeng fir d'Ausstellung «Quand Differdange devint "judenrein". Le jour où nos chemins se séparèrent» gemaach huet.
  4. "Stolpersteine in Esch/Alzette verlegt." wort.lu, 23.10.13 07:07; Nicolas Anen, Steine zum Stolpern und zum Nachdenken, Luxemburger Wort, 23.10.2013, S. 20-21.
  5. Paul Cerf, Isi Finkelstein: Les Juifs d'Esch - Déi Escher Judden. Chroniques de la communauté juive de 1837 à 1999. Editions Les Cahiers Luxembourgesois, S.58.
  6. 6,00 6,01 6,02 6,03 6,04 6,05 6,06 6,07 6,08 6,09 6,10 6,11 6,12 6,13 Proje(k)t Stolperstein. (Broschür). [Frënn vum Resistenzmusée, Resistenzmusée a Stad Esch], [2013].
  7. Maacher erënnert sech. Bulletin 1/2017, S.36-37.
  8. Guy Schadeck, Daniel Thilman, Roland Schumacher: Stolpersteine. Commune de Mondorf-les-Bains; Broschür, 23 S. Oktober 2015
  9. Liewensdate vun de Munnerefer Affer baséieren op verschidden Aarbechte vum Historiker Daniel Thilman.
  10. Artikel an De Buet, Juni/Juli 2016, S.24-25-
  11. D'Liewensdate vun de Réimecher Affer baséiere sech op d'Recherche vum Norbert Lindenlaub.
  12. "Stadt Ettelbrück verlegte die landesweit erste „Stolperschwelle“ zu Ehren der Shoah-Opfer." mywort.lu, 26.01.2013.