Uelzechtstrooss

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Rue de l'Alzette
Schëld Uelzechtstrooss, Esch.jpg
Numm lb: Uelzechtstrooss
fr: Rue de l'Alzette
Fréieren Numm fr: bis 1923:
Ave. de l'Hôtel de Ville (1. Deelstéck)
Rue de la Poste (2. Deelstéck)
Rue Marie-Thérèse (3. Deelstéck)
de: 1940-44: Adolf-Hitler-Straße
Längt ca. 900 m
Gemeng Esch-Uelzecht
Uertschaft Esch Uelzecht
Quartier Al Esch, Brill
Postcode 4010
Koordinaten 49° 29’ 38.2’’ N
     05° 58’ 52.2’’ O
An der Uelzechtstrooss (2014).

D'Uelzechtstrooss (offiziell: Rue de l'Alzette) ass eng Strooss an de Quartieren Al Esch a Brill zu Esch Uelzecht. Se huet hiren Ufank op der Stadhausplaz (Place de l'Hôtel de ville) a leeft a südwestlecher Richtung iwwer d'Brillplaz ewech (offiziell: Place de la Résistance) bis op de Prënzeréng (Boulevard Prince-Henri).

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Uelzechstrooss huet hiren Numm vun der Uelzecht, déi op hirer ganzer Längt ënnendrënner an engem zouene Kanal leeft.

Se ass d'Haaptgeschäftsstrooss vun Esch a gouf bal op hirer ganzer Längt uganks vun den 1990er Joren als Foussgängerzon amenagéiert an ass déi längste Strooss vun där Zort zu Lëtzebuerg.[1] Opfälleg sinn déi 29 hellmof ugestrache stolen Dunnen, déi wéi Masten, liicht ugewénkelt aus dem Buedem stinn. Op sechs dovu si seegelähnlech 'Diech' (stiliséiert Vigel) festgemaach. D'Maste stinn an Ofstänn vu jee 18 Meter tëscht der Stadhausplaz an der Brillplaz, an hir Spëtzte sinn an engem Kreessegment ausgeriicht, fir der Tatsaach Rechnung ze droen, datt d'Strooss net ganz riicht ass. Am ieweschten Drëttel si se duerchlächert, fir dem Wand manner Ugrëffsfläch ze bidden. Nieft hirer Roll als Dekoratioun si si beliicht an droen d'Stroosseluuchten, an et kann een op hinnen och Fändelen oder Callicote fir besonnesch Evenementer ophänken.[2] Se goufe vum Peter Rice an vun der Grupp Arquitectura konzipéiert.

D'Bebauung ass gréisstendeels aus den éischten 2 Joerzéngte vum 20. Joerhonnert, a sou fënnt ee vill intressant architektonesch Stiler aus där Zäit erëm (kuckt ënnendrënner: Bemierkenswäert Gebaier).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den historesche Kär vun Esch ass an engem Hank gebaut, nërdlech vun der Uelzecht. Wéinst Iwwerschwemmungsgefor an och wéinst hire suppegen Uwänner ass net no beim Floss gebaut ginn. D'Uelzechtstrooss gehéiert deemno net zu den historesch gewuessene Stroosse vun Al Esch. Eréischt mat der schëtzeger Entwécklung vun der Stad gouf ëm d'Joerhonnertwenn vum 19. op d'20. Joerhonnert decidéiert, d'Uelzecht ze kanaliséieren an z'iwwerdecken, fir esou eng Strooss driwwer kënnen unzeleeën, mat Haiser op béide Säiten.

Fir d'éischt, 1885-89, gouf dat op der Héicht vun der haiteger Stadhausplaz gemaach, dono, 1906 bis bei d'Avenue de la Gare, 1907 bis op den Eck mat der Wisestrooss (der haiteger Liberatiounsstrooss) an nach dono, bis erop op d'Brillplaz. Fir dee leschtgenannten Deel gouf 1910-11 vum Entreprener Alfred Lefèvre de Laf vun der Uelzecht ëmgeleet[3]: Si ass nämlech virdrun duerch d'Kanalstrooss gelaf, fir dann op der Héicht vun der Rue du Fossé, resp. der Rue des Remparts, an zwéin Äerm no Süden ze béien, woubäi een Aarm eng Mille bedriwwen huet (kuckt den Numm Millestrooss), an dann op der Héicht vum haitege Schollesch Eck no Osten ze béien. Ewell gouf de Kanal riicht duerchgezunn. No an no hu sech ëmmer méi Geschäfter, absënns am ënneschten Deel néiergelooss, an d'rue du Commerce an Al Esch, déi traditonnell Buttécksstrooss, huet déi Funktioun verluer.

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Hiren haitegen Numm krut d'Uelzechtstrooss eréischt duerch eng Decisioun vum Gemengerot, den 9. Mee 1923. Virdrun huet den Deel vun der Stadhausplaz (déi dunn nach Maartplaz housch) bis bei d'Avenue de la Gare Avenue de l'Hôtel de Ville geheescht, dat, well op Nr. 12 e Gebai stoung, dat 1898 als Schoul gebaut gi war, ma dono als Stadhaus funktionéiert huet, bis 1937 dat neit Stadhaus fäerdeg gouf (Et gouf 1965 ofgerappt, an an d'Plaz koum de Centre Mercure). Den zweeten Deel, vun der Avenue de la Gare bis bei d'Dicksstrooss, hat ufanks den Numm Rue de la Poste, wéinst der Post déi bis 1931 op Nr. 54 war, ier s'an dat nei Gebai geplënnert ass, wou se haut nach dran ass. Den Deel vun der Dicksstrooss bis un d'Enn um Prënzeréng hat sengersäits 1914 den Numm Rue Marie-Thérèse kritt. Wärend der däitscher Besatzung 1940-44 huet d'Uelzechtstrooss missen als Adolf-Hitler-Straße duerhalen.[4]

Den Tronçon tëscht der Stadhausplaz an dem Boulevard Berwart, deen eréischt 1969/70 ugeluecht gouf, wéi d'Uelzecht bis bei de Schlassgoart zougedeckelt gouf, huet ufanks och Uelzechtstrooss geheescht. De 24. November 2006 gouf en awer an Helen-Buchholz-Strooss ëmgedeeft, no der Komponistin Helen Buchholtz, där hiert Familljenhaus net wäit ewech an der Lëtzebuergerstrooss stoung.

Bemierkenswäert Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

4 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Uelzechtstrooss 4, Gebai am Nanzeger Jugendstil

D'Haus op Nummer 4 gouf 1904 vum Nicolas Biwer baue gelooss. Et ass vum Nanzeger Jugendstil inspiréiert: D'Fënsterrumme sinn a Form vu vegetale Mustere skulptéiert, Blummen, Käschteblieder, Wuerzelen. Lénks a riets vum Balcon um 3. Stack, an och iwwer der zentraler Fënster, si Pohunnen. Am Gelänner vum Balcon si fer-forgés Sonneblummen. [5]

5-9 rue de l'Alzette (Maison Sichel)[änneren | Quelltext änneren]

Maison Sichel, gebaut 1909 (ëstlechen Ubau vun 1924), Architekt war den C. Dietrich vu Neustadt an der Hardt, als Wunn- a Geschäftshaus fir d'Famill Sichel. Opfälleg Tiermercher op béide Säiten; d'Fassad ass dekoréiert mat Girlanden a Friichten. Um den Tierm Skultpture vum Merkur a vun engem Grouwenaarbechter. Nieft dem Ochsena-Fënster: Beien als Symbol vun der Äerdegkeet.[6]

30 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Eckhaus mat der Avenue de la Gare, op der Nr. 30.

55 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Nr.55

D'Duebelhaus op Nr.55 ass vum Nicolas Schmit-Noesen aus dem Joer 1929. Bauhäre waren den C. Rollinger an den H. Marnach. Ze gesinn op der Art-Deco-Fassad sinn zwee Flaachreliefer vun engem jonke Mann mat enger Âskulap-Schlaang an engem jonke Meedchen, dat sech de Schong zoustréckt. Déi éischt Proprietärem, déi iwwert hirem Geschäft gewunnt hunn, waren Apdikter, resp. Schouschter. D'Fassad um Rez-de-chaussée an um éischte Stack ass mat wäissem Marber bekleet.[6]

57 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Uelzechtstrooss 57, Gebai am neogotesche Stil

Gebai am neo-gotesche Stil, gebaut 1909.[6]

60 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Eckgebai mat der Liberatiounsstrooss.

Gebaut 1909-10, wéi d'Uelzecht iwwerdeckt gouf. Deemools Eck Wisestrooss/Poststrooss. Gebaut fir de Josy Wester. Méi spéit war do, bis 1953, eng Agence vum Wort dran.[7]

61 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Uelzechtstrooss 61, Gebai am Jugendstil

64 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Haus am Stil vun de Gelsenkirchener Wierkswunnengen, mam Giewel zur Strooss hin; gebaut ëm 1910. Et ënnerscheet sech däitlech vum Stil vun den Haiser ronderëm, déi sech no belschen oder franséische Virbiller orientéieren.[2]

65 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Uelzechtstrooss 65, Gebai am gotesch-barocke Stil

67 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Uelzechtstrooss 67, Gebai am gotesche Stil-Jugendstil

90 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Eckgebai Uelzechtstrooss 90
Kapp vum Merkur iwwer dem Agank vum Geschäft

Gebaut 1915.

91 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Uelzechtstrooss 91

D'Haus op Nummer 91, genannt Maison Heldenstein (nom Bauhär Francis Heldenstein, engem Apdikter), ass 1911 am Neo-barock-, Neo-Louis-XVI-Stil, gebaut ginn, no Pläng vum Architekt Joseph Nouveau.[8]

96 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Uelzechtstrooss 96, Gebai am Jugendstil

Opfälleg bei dësem Gebai am Jugendstil si besonnesch d'Skulpture vun de Käpp vun zwou jonke Fraen, ënnert dem Balcon.

120 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Haus am Art-Deco-Stil, 1927 vum Nicolas Schmit-Noesen fir de Bauhär A. Thiel gebaut.[2]

122 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

De Stadtheater vun Esch-Uelzecht op der Kräizung mat der Brillstrooss

Op dëser Plaz gouf 1911 deen éischte Kino vun Esch, den Nouveautés Palace, gebaut. Dëse gouf an den 1950er Joren ofgerappt an an d'Plaz koum den Escher Theater, deen 1962 ageweit gouf.

135 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

D'Eckhaus mat der Brillstrooss
Uelzechtstrooss 135 (Eck mat der Brillstrooss), Mascaron ënner der Corniche

D'Haus gouf 1913, zesumme mam Rescht vum Block, vum Entrepreneur Alfred Lefèvre baue gelooss, wéi d'Brillplaz an d'Stroosse ronderëm ugeluecht goufen. Den Architekt kéint den Albert Brick gewiescht sinn.[9]

137 rue de l'Alzette[änneren | Quelltext änneren]

Brillschoul um Eck mat der Brillstrooss

D'Brillschoul, am nei ugeluechte Quartier Brill, gouf den 12. Dezember 1911 ageweit. Si war déi 9. Primärschoul vun der Gemeng Esch.[10]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uelzechtstrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. La Rue de l'Alzette - la plus longue Zone Piétonne du Pays
  2. 2,0 2,1 2,2 Denis Scuto: Industriekultur in Esch: Eine stadtgeschichtliche Wanderung durch die Luxemburger Minettemetropole. Editions Le Phare 1993, ISBN 2-87964-025-3
  3. Joseph Flies: Das Andere Esch - an der Alzette: Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 1979, S.432-435.
  4. Willy Allamano; Gilbert Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues - Esch-an-der-Alzette und seine Straßen. De l'Histoire à chaque pas - Geschichte mit jedem Schritt. Selbstverlag, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.17-20.
  5. Denis Scuto: "La découverte de l'urbain. Maison Biwer, 4, rue de l'Alzette, Esch-sur-Alzette." in: Antoinette Lorang, Denis Scuto: La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Edition Le Phare, 1995, S-103-106.
  6. 6,0 6,1 6,2 Esch-sur-Alzette: eine Stadt in Bewegung; Architektur Rundgang. Infoprospekt vum Office de tourisme vun Esch-Uelzecht.
  7. Flies, Das andere Esch, S.488.
  8. Denis Scuto: "Deux poids, deux mesures: Maison Heldenstein, 91, rue de l'Alzette, et Maison Liégeois, 5, rue d'Audun, Esch-sur-Alzette." in: Antoinette Lorang, Denis Scuto: La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Edition Le Phare, 1995, S-111-114.
  9. Antoinette Lorang: "Schönheitsoperation gefällig?" in: Antoinette Lorang, Denis Scuto: La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Edition Le Phare, 1995, S-115-118.
  10. Flies, S.513.