Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gemeng Esch-Uelzecht)
Esch-Uelzecht
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Esch-sur-Alzette
de: Esch-an-der-Alzette
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Christian Weis (CSV)
Awunner 36.625
  1. Januar 2023
Fläch 1.435 ha
Héicht 279 m
Koordinaten 49° 29’ 49’’ N
      05° 58’ 50’’ O
LAU-Code LU0204
Websäit http://www.esch.lu
Vue op Esch ëm 1600, vum Dipbechdall (Wobrécken) aus
Esch-Uelzecht, 1860. Déi al Kierch St. Jean stoung do, wou haut d'Groussgaassschoul ass
De Krounprënz Wilhelm von Preußen, 1914, virun der Groussgaassschoul
Bebauungsplang vum Joseph Stübben, 1924-25 (spéider nëmmen zum Deel ëmgesat).
Esch ~1900-1910.

Esch-Uelzecht ass eng vun den 100 Gemengen an eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Et gëtt keng aner Uertschaften an der Gemeng. Mat 36.625 Awunner (1. Januar 2023) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Laang en einfacht Bauerendierfchen, am Dall vun der Uelzecht, huet Esch mat der Entdeckung vun der Minett (ëm 1870), an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebrooche sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Sou ginn a goufen zanter 2005 op Belval nei administrativ, kulturell an edukativ Gebaier, mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter gebaut. An den 2020er Jore soll den Terrain vun der fréierer Schëfflenger Schmelz nei strukturéiert a bebaut ginn, an um fréiere Site vu Terres-Rouges soll virun allem Wunnraum geschafe ginn.

Den 10. November 2017 gouf Esch vum Europäesche Conseil, op Recommandatioun vum zoustännege Comité, zesumme mam litauesche Kaunas, zur Europäescher Kulturhaaptstad 2022 ausgewielt. Och déi 10 Gemenge vum Gemengesyndikat PRO-SUD an déi vum Pays-Haut Val d'Alzette, déi Säit der Grenz, solle matmaachen.[1],[2],[3]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fréizäit bis 19. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zanter der Eisenzäit, virun iwwer 2.500 Joer, gouf um Territoire vun der haiteger Gemeng Esch Boun- a Wisenäerz verschafft; um Flouer 'Op der Gläicht', e Plateau tëscht Esch a Rëmeleng, goufen 2003-2006 bei archeologeschen Ausgruewungen Reschter vun Iewen, Schlaken, Neel a soss paleometallurgesch Zeie fonnt.[4] Och d'Kelten hu sou do Eise gemaach. Nom Enn vun der Réimerzäit an der Vëlkerwanderung ass d'Wëssen dovu verluer gaangen.

Den 12. Abrëll 1128 ass Esch fir d'éischt Kéier, ënner dem Numm "Asch", an enger Bull vum Poopst Honorius II. ernimmt ginn. De Jang de Blannen huet hir de 16. Mee 1328 den Titel "Fräi Stad" iwwerdroen[5].

Am Laf vun de Joerhonnerte gouf Esch ëmmer nees vu friemen Truppen iwwerfall, an dacks staark zerstéiert. 1677, op Uerder vum Louis XIV., hunn d'Stadmauere misse geschleeft ginn. Am Juli 1830 huet Esch dunn och nach säin Titel Stad verluer. Mä net laang duerno, den 12. Oktober 1841, gouf se duerch eng kinneklech-groussherzoglech Veruerdnung zum Chef-lieu vum neie Kanton Esch ernannt.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ass et mat der industrieller Entwécklung ëmmer méi schëtzeg virugaangen. Fir d'éischt am Tagebau, duerno och a Galerien, gouf d'Minett ofgebaut, an an de Schmelzen, déi wéi Champignonen aus dem Buedem geschoss koumen, verschafft. Mat den neien Aarbechtsplazen ass och d'Populatioun vun Esch rasant an d'Luucht gaangen. D'Aarbechter koumen am Ufank aus anere Géigende vum Land, virun allem dem Éislek, mä scho fréi hu missen Aarbechtskräfte vu soss hier erbäigeruff ginn, aus den Nopeschlänner, mä och aus Polen an Italien. Esch huet sech dunn och iwwer säin historesche Stadkär (den haitege Quartier Al Esch) eraus ausgebreet: Ronderëm d'Schmelzen (Metze Schmelz, Brasseurs Schmelz) sinn nei Stroossen a Wunnengen entstanen (Quartiere Grenz an Neiduerf 1872, Hiel 1894-1904).

Den 31. August 1876 gouf, duerch Gesetz vum 6. Juli 1876, d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir déi eegestänneg Gemeng Schëffleng ze schafen.[6]

Uganks 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Mee 1906, huet de Grand-Duc Guillaume fir d'zweet Kéier Esch-Uelzecht zur Stad ernannt.[7]. Esch hat do 13.000 Awunner.

Tëscht 1909 an 1913 gouf eng nei Schmelz am Westen opgeriicht: d'Adolf-Emil-Schmelz op Belval. Dofir hu missen 91 Hektar Bësch (Clair-Chêne) ëmgehae ginn. Nei Aarbechterwunnenge gi ronderëm gebaut: am Quartier Uecht an d'Cité Welter.

Vun 1910 u gouf de Quartier Brill urbaniséiert. Vill Immigranten aus Italien hunn do hiert Doheem fonnt. D'Uelzecht gouf iwwerdeckelt, an d'Uelzechtstrooss mat hiren Niewestroosse gouf zum neie Mëttelpunkt vun der Stad.

Am Éischte Weltkrich war zu Esch e puer Méint d'Generalquartéier vum däitschen Ierfprënz Wilhelm von Preußen, a gouf souzesoen an e Krichslazarett transforméiert. D'Schmelzen hunn déi Zäit net oder net vill produzéiert. Vill auslännesch Aarbechter sinn nees an hir Heemecht geplënnert.

Um Enn vum Eischte Krich ware 5.000 amerikanesch Zaldoten zu Esch stationéiert, ë.a. an der Brillschoul, déi dofir requisitionéiert war.

Tëschekrichszäit[änneren | Quelltext änneren]

1920 koum duerch dat nei agefouert allgemengt Walrecht fir d'éischt eng sozialistesch Majoritéit an d'Gemeng, mam Victor Wilhelm als Buergermeeschter. Weidere Wunnraum gouf geschaaft duerch d'Gemeng, mä och d'ARBED an d'Société Métallurgique des Terres Rouges, deenen d'Schmelze gehéieren: laanscht d'Éilerenger Strooss, am Quartier Uecht an am Quartier Brouch. D'Gemeng huet sech vum Josef Stübben e Plang ausschaffe gelooss, wéi d'Stad no Norden hi wuesse kéint, fir bis zu 60.000 Awunner Plaz ze bidden. Tëscht 1926, dem Enn vun der däitscher Wirtschaftskris, an 1929, der Weltwirtschaftskris, huet Esch nach eng Kéier ee Bau-boom erlieft: am Quartier Dellhéicht gouf e Spidol gebaut, d'Spidol- an d'Emil-Mayrisch-Strooss sinn ugeluecht ginn. 1930 huet Esch 29.745 Awunner gezielt. 1937 gouf dat neit Escher Stadhaus ageweit.

Däitsch Occupatioun 1940-1944[änneren | Quelltext änneren]

Direkt nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, gouf Esch, wéi aner Uertschafte laanscht d'franséisch Grenz, komplett evakuéiert, well gefaart gouf, d'däitsch Arméi géif op der Maginot-Linn hänke bleiwen, an doduerch Esch an e Schluechtfeld verwandelt ginn. Déi meescht Leit koumen an Zentral- oder Südfrankräich ënner. Wéinst der séierer franséischer Defaite koume se no e puer Wochen nees zeréck. Bis op e puer Haiser, déi duerch eng Granat zerstéiert gi waren, gouf et keng gréisser Schied.

Wéi iwwerall zu Lëtzebuerg goufen och zu Esch d'Verwaltungsstrukture vum Nazi-Okkupant agefouert. D'Escher Synagog gouf, (wéi och déi an der Stad Lëtzebuerg) zerstéiert. Vum September 1942 u goufen Honnerte vun Zwangsaarbechter, sougenannt Ostarbeiter, déi virun allem aus dem vum Hitlerdäitschland besaten Deel vun Sowjetunioun koumen, an de Schmelzen an an de Galerien agesat. Esch gouf den 10. September 1944 vun den Amerikaneschen Truppe befreit.

Nokrichszäit 1945-1975[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich huet Esch sech weider ausgebreet, an den 1950er Jore si besonnesch zu Lalleng, am Bruch an zu Raemerech nei Quartieren entstanen. An den 1960er/70er Jore war et besonnesch Wobrécken, dat bebaut gouf.

Stolkris 1975-1985[änneren | Quelltext änneren]

Esch gouf, wéi aner Stied am Minett och, besonnesch haart vun der Stolkris getraff, virun allem sinn d'Recetten däitlech zeréckgaangen. Doduerch konnt d'Renovéierung vum ale Stadkär, deen zimmlech delabréiert war, eréischt an der Mëtt vun den 80er Joren an Ugrëff geholl ginn.

Vun den 1960er Joren un ass d'Populatioun vun Esch no an no zeréckgaangen: Vu bal 30.000 am Joer 1960 op 25.000 am Joer 1985. Vill jonk Stéit sinn an d'Schlofstied ronderëm d'Stad geplënnert. Eréischt vun den 90er Joren un ass dësen Trend gestoppt a souguer ëmgekéiert ginn; 2010 huet d'Awunnerzuel vun Esch 30.000 Awunner iwwerschratt[8].

Belval vu Weste gesinn (Summer 2013).

Nei Quartieren op de Frichen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Ufank vun den 2000er Jore gëtt op der Industriebrooch vu Belval en neie Quartier opgeriicht, no engem Masterplang, dee vun Agora a vum Fonds Belval koordinéiert gëtt, a wou vun ëffentlecher Säit ë. a. d'Uni Lëtzebuerg, Fuerschungsariichtungen, e Gebai fir ëffentlech Verwaltungen an en neie Lycée, vu privater Säit e Kino a Büros-, Wunn- a Geschäftsgebaier am Gaang sinn, gebaut ze ginn, oder scho fäerdeg sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belval.

Och op den Terraine vun de fréiere Schmelze vun Esch-Schëffleng ("Quartier Alzette")[9] an Terres-Rouges ("Rout Lëns")[10] soll vun der zweeter Hallschecht vun den 2020er Joren u virun allem Wunnraum fir eng 10.000 Leit geschafe ginn.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

D'argent à une tour de gueules ouverte et deux fois ajourée, à cinq crénaux, accostée de l'écusson des armes de l'ancien Duché de Luxembourg (burelé d'argent et d'azur de dix pièces, au lion de gueules, rampant, la queue fourchue, armé, lampassé et couronné d'or). Le pied de la tour est figuré par un terrain ondulé d'argent et d'azur.
D.C. 11. Mee 1871 - Mémorial 1871, Säit 73
D'Gemeng féiert de Wopen net geneesou wéi en am Text vum Gesetz fesgehalen ass. D'heraldesch Beschreiwung wier demno: Le pied ondé de cinq pièces d'azur et d'argent.

[änneren | Quelltext änneren]

2022 huet d'Escher Gemeng en neie Logo agefouert, an deem d'Haaptelementer vum Wopen - Tuerm a Waasser - op hir primär geometresch Forme vereinfacht sinn. Och d'Faarwe goufen op Schwaarz a Wäiss reduzéiert.[11]

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Zesummesetzung vun den Awunner no Nationalitéit[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung 2022
Lëtzebuerger 15.667
Portugisen 10.316
Fransousen 1.910
Italieener 1.409
Montenegriner 523
Belsch 404
Däitscher 325
Aner Europäer 950
Capverdianer 341
Chineesen 339
Aner Net-Europäer 2.757
Keng Donnéeën 21
Total 36.157

Quell: Den Escher Nr.57, S.26.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun Esch-Uelzecht gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 19 Conseilleren zesummen.

An den 1990er Jore souz eng LSAP-CSV-Koalitioun am Schäfferot. Bei de Gemengerotswale vum 10. Oktober 1999 koum et zu enger Pattsituatioun: Béid Parteie krute 6 Sëtz, an de Spëtzekandidat vun der CSV, den Ady Jung, huet den Usproch erhuewen, fir Buergermeeschter ze ginn. Wéi den CSV-Gemengerotsmember Jos Mischo kuerz drop aus der Partei ausgescheet ass, deemno d'LSAP nees 1 Sëtz méi hat, huet dës weider mat der CSV, déi op hirem Buergermeeschterposte bestanen huet, ouni Succès probéiert, eng Koalitioun op d'Been ze stellen. Och Verhandlungen tëscht LSAP an DP hate kee Succès. Sou koum et den 30. Abrëll 2000 zu Neiwalen, bei deenen d'LSAP 7 Sëtz krut, a sou eng Koalitioun mat Déi Gréng an Déi Lénk opgestallt huet.[12]

2005 koum et zu enger Koalitioun vun LSAP-déi Gréng, déi och 2011 virugefouert gouf. Bei de Gemengewale vun 2017 huet d'LSAP 3 Sëtz verluer, iwwerdeems d'CSV der 2 gewonnen huet. Als Resultat hu sech d'CSV, d'DP an déi Gréng op eng Koalitioun gëeenegt, déi eng Majoritéit am Schäfferot huet. Buergermeeschter gouf de Georges Mischo[13][14]. Déi Konstellatuioun ass och no de Wale vun 2023 bestoe bliwwen.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Joer ADR CSV DP gréng KPL Lénk LSAP PPLU BL Liberal SdP
1945 - 4 1 - 6 - 5 - - 1 -
1949 - 5 1 - 5 - 6 - - - -
1951 - 5 1 4 7 - - - -
1957 - 5 2 - 4 - 6 - - - -
1963 - 5 2 - 4 - 8 - - - -
1969 - 4 3 - 5 - 7 - - - -
1970 - 4 2 - 6 - 4 - - - 3
1975 - 5 2 - 5 - 6 - - - 1
1981 - 6 2 - 3 - 8 - - - -
1987 - 7 1 1 2 - 8 - - - -
1993 1 7 2 2 0 - 7 - - - -
1999 - - - -
2000* 1 5 2 2 0 2 7 - - - -
2005 1 5 1 2 0 1 9 - - - -
2011 0 4 1 2 1 2 9 - 0 - -
2017 0 6 2 3 0 2 6 0 - - -
2023 1 6 2 2 0 1 6 1 - - -

*No Neiwalen. BL: Biergerlëscht. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu; Luxemburger Wort vum 18. Oktober 1975 (fir d'Resultater vun 1945-1975),

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Den aktuelle Buergermeeschter ass de Christian Weis (CSV).

Déi Persounen, déi virdrun dee Posten haten, sinn an dëser Lëscht opgezielt:

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Buergermeeschtere vun Esch-Uelzecht.

Quartiere vun Esch-Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]

Esch-Uelzecht besteet zur Zäit aus 18 Quartieren[15] an zwéin Industrieterrainen, vun deenen deen zu Belval (Arcelor-Mittal) nach a Betrib ass, wärend dee vum fréieren Arcelor-Mittal Wierk Esch-Schëffleng zanter 2012 net méi a Betrib ass an 2016 un de Staat verkaaft gouf.

  • Neiduerf (Neidierfchen)
  • Park
  • Rämerech
  • Schlassgoart
  • Sommet
  • Universitéit
  • Uecht
  • Wobrécken
  • Zäpert

Panorama vun Esch (Quartieren Dellhéicht an Al Esch)
Panorama vun Esch (Quartieren Dellhéicht an Al Esch)


Transport[änneren | Quelltext änneren]

Esch-Uelzecht läit um südlechen Enn vun der Autobunn A4, déi et mat der Stad Lëtzebuerg verbënnt. Nërdlech vun Esch verleeft d'Autobunn A13, déi vu Péiteng bis op Schengen féiert (an do un déi däitsch A8 ugebonnen ass. Och d'Nationalstroossen N4 an N31 ginn duerch Esch.

Esch läit op den CFL-Linne 6a a 6f. Vun Esch aus féiert d'Ofzweigung 6f op Däitsch-Oth. Et gëtt zwou Garen um Territoire vun der Gemeng: d'Gare Esch-Uelzecht an d'Gare Belval-Université. Marchandisegaren am Neidierfchen an an der Hiel sinn net méi am Betrib.

De Bus-Syndikat TICE huet säi Sëtz zu Esch, d'Linnen 1, 2, 3, 4, 5, 7, 12, 13, 15 a 17 verbannen Esch a seng Quartiere mat den aneren Uertschafte vum Kanton. Ausserdeem läit Esch op de Strecke vun den RGTR-Linnen 306 (Belval), 307, 309 (Belval), 313, 314, 319, 321, 322, 332 an 750.[16]

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Kulturariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Rockhal op Esch-Belval

Schoulgebaier zu Esch[änneren | Quelltext änneren]

  • Primärschoulen
  • Ale Lycée
  • Brill
  • Brouch
  • Dellhéicht
  • Groussgaass
  • Lalleng
D'Jousefskierch

Reliéis Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Escher[änneren | Quelltext änneren]

Partnerschafte mat auslännesche Stied[änneren | Quelltext änneren]

Esch-Strooss zu Léck
Bethnal Green Vereenegt Kinnekräich Coimbra Portugal
Köln Däitschland Léck Belsch
Lille Frankräich Mödling Éisträich
Offenbach am Main Däitschland Puteaux Frankräich
Rotterdam Holland Saint-Gilles Belsch
Turin Italien Velletri Italien
Zemun Serbien João Monlevade Brasilien

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Erënnerungsplack un den Escher Fluchhafen an der Rue de l'Aérodrome

Fluchhafen[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Fluchhafen am Land war am Quartier Esch-"Lankelz" bei der haiteger rue de l'Aérodrome. Déi Zäit gouf et ë. a. eng Direktverbindung Esch-London.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fluchhafen Esch-Uelzecht.

Esch-Uelzecht am Sport[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Esch-sur-Alzette: Guide historique et architectural. [Textes: Georges Büchler, Jean Goedert, Antoinette Lorang, Antoinette Reuter, Denis Scuto: Photos: Christophe Weber]. Esch-sur-Alzette, Mersch: C2DH, Capybarabooks, 2020. ISBN 978-99959-43-27-1.
  • Willy Allamano a Gilbert Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues - Esch an der Alzette und seine Straßen, 2013, 256 S., ISBN 978-2-87964-136-2
  • Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.): 100 Joer Esch - 1906-2006, 2005, Éd. G. Binsfeld, 480 S., ISBN 2-87954-149-2
  • Ed Maroldt: Mythos Esch - Fragmente 1950 - 1962, 2004, Éditions Le Phare, 144 S., ISBN 2-87964-078-4
  • Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.): Esch-sur-Alzette, du village à la ville industrielle. Art et révolution industrielle au pays de la Terre Rouge. 13 octobre - 5 novembre 1989, Hôtel de Ville d'Esch-sur-Alzette. Catalogue de l'exposition organisée par la Ville d'Esch-sur-Alzette à l'occasion du 150e anniversaire de l'Indépendance du Grand-Duché de Luxembourg.
  • Joseph Flies: Das Andere Esch - An der Alzette - Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg 1979.
  • Norbert Ketter: esch 1970. éditions claude diderich, 1970. (E Schwaarz-wäiss-Fotoband).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Esch wird Kulturhauptstadt. tageblatt.lu, 10. November 2017.
  2. Esch/Alzette wird Kulturhauptstadt Europas. lessentiel.lu, 10. November 2017
  3. "Decisioun gefall: Esch gëtt Kulturhaaptstad 2022." rtl.lu, 10.11.2017 / Video, 00:01:59.
  4. Camille Robert: "Le sous-sol nous parle. Les fouilles archéologiques à Esch-sur-Alzette." In: 100 Joer Esch (1906-2006). Luxembourg 2006, S. 121-122 an 124.
  5. Frank Jost: "1.6. Die Herrschaft von Berwart und die Mauern von Esch"
  6. * Loi du 6 juillet 1876, concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Schifflange.
  7. Gesetz vum 29. Mee 1906 Gearchiveerd op 2012-07-22. Gekuckt de(n) 2012-06-14.
  8. "D'Populatioun zu Esch läit elo offiziell bei 30.000 Awunner" rtl.lu 03.06.2010, 07:59 - Fir d'lescht aktualiséiert: 03.06.2010, 10:03.
  9. "Bürgerbeteiligung für Brache Arbed/Schifflingen in Startlöchern." wort.lu, 07.03.2019.
  10. " 'Rout Lëns' mat Liewe fëllen." rtl.lu, 07.03.2019 20:00.
  11. La Ville d’Esch présente sa nouvelle identité visuelle. Communiqué op esch.lu, 28.10.2022.
  12. Jacques Ganser: "Wenn das der Josy wüsste." wort.lu, 11. Oktober 2017 um 07:00.
  13. "CSV, Gréng an DP hu Koalitiounsaccord ënnerschriwwen." rtl.lu, 24.10.2017, 22:15:36.
  14. (lb)Escher Koalitiounsaccord ofgeschloss: Changementer bei Ressorte Mobilitéit, Enseignement a Logement. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-07-14.
  15. Plan interactif Esch
  16. http://www.tice.lu/_HORAIRES/TICE%20Indicateur%202011.pdf