Camille Felgen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Camillo Felgen)
Camille Felgen
Gebuertsnumm Camille Jean Nicolas Felgen
Pseudonym Camillo, Jean Nicolas, Jean Nicolas, Lee Montague
Gebuer 17. November 1920
Téiteng
Gestuerwen 16. Juli 2005
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger, Televisiounsmoderateur, Radiosspeaker, Liddertexter, Schauspiller

De Camille Jean Nicolas Felgen, bekannt als Camillo, gebuer de 17. November 1920 zu Téiteng a gestuerwen de 16. Juli 2005 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Sänger, Radiosspeaker, Televisiounsanimateur, Schlagertextschreiwer a Schauspiller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich gouf de Camille Felgen Schoulmeeschter, huet dee Beruff awer schonn no 6 Méint nees un den Nol gehaangen, fir bei der amerikanescher Arméi Dolmetscher ze ginn. Duerno huet hie fir d'Zeitung La Meuse geschriwwen. Parallel huet hie bis 1949 e Schauspill- a Gesangsstudium zu Bréissel an zu Léck absolvéiert. 1946 huet hien als Noriichtespriecher a Sänger beim franséische Radiosprogramm vun RTL ugefaangen. Mam Eugène Heinen huet hie Les Compagnons de la Scène gegrënnt.

1951 hat e säin éischten internationale Succès mam Lidd Bonjour les amis, der Erkennungsmelodie vum franséischen RTL-Programm. 1953 huet e seng éischt däitsch Plack, Onkel Toms altes Boot erausginn. 1953 kritt hie Congé sans solde, fir an den däitschsproochege Länner op Tournée ze goen. Do huet hie sech och den Numm "Camillo" zougeluecht, well do den Don Camillo grad "in" war. An där Zäit fänkt de Camille Felgen och un, Schlager-Texter (ënner dem Pseudonym Jean Nicolas, sengen 2 anere Virnimm) fir Anerer ze schreiwen: et waren der Honnerten. E puer Joer drop gëtt hie Produktiounschef fir Radiosreklammen (an domat och fir d'Musekprogramméierung) vun engem Saarbrécker Radio.

1958 huet hien den däitsche Radiosprogramm vun RTL op d'Bee gesat (De Begrëff Fröhliche Wellen ass och vun him). Hien huet déi éischt Hitparade iwwerhaapt op Däitsch agefouert, an do bis 1968 als Chef-Speaker geschafft.

1960 an 1962 huet hie Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest vertrueden. 1960 gouf en zu London mam Titel Sou laang wéi s du do bass Leschten, 1962 zu Lëtzebuerg mat Petit bonhomme ëmmerhin Drëtten. Zu senge bekanntste Lidder op Däitsch zielt Sag warum?, dat op enger Kompostioun vum Phil Spector baséiert huet[1] a besonnesch a Frankräich e grousse Succès hat (annerhallef Millioun verkaafte Placken), an Ich hab' Ehrfurcht vor schneeweißen Haaren (eng Adaptatioun vum vum Bobbejaan sengem Ik heb eerbied voor jou grijze haren). 1963 huet e fir d'Beatles den däitschen Text vun hire Succèsen Komm gib mir deine Hand (I want to hold your hand) an Sie liebt dich (She loves you) geschriwwen. An den 1960er Jore stoung hien um Héichpunkt vu senger Popularitéit; et gouf eng 120 Camillo-Fanclibb.

Vun 1965 bis 1973 huet en 125-mol d'Televisiounsemissioun Spiel ohne Grenzen/Jeux sans frontières geleet a moderéiert. Vun 1984 bis 1987 huet e beim nei gegrënnten däitschen Televisiounsprogramm RTL plus Wonschsendunge moderéiert. An den 1990er Joren huet e beim Radio RPR geschafft.

De Camillo Felgen huet och an e puer Filmer matgespillt: 1960 a Schlager-Raketen vm Erik Ode, wou e sech selwer gespillt huet; an dem engen oder anere Lidderfilm, wéi Mein Schatz, komm mit ans blaue Meer (1959) an an der Roll vun engem Paschtouer am Andy Bausch sengem Club des Chômeurs (2001) a La revanche (2004).

De Camille Felgen war dräimol bestuet an hat, aus sengem 2. Bestietnes 2 Kanner. Mat senger zweeter a mat senger leschter Fra hat hien e Moudegeschäft.

Am Joer 2004 huet den Andy Bausch en Documentaire vu 75 Minutten iwwer de Camille Felgen gedréint: Monsieur Warum.

De Camille Felgen ass am Juli 2005 zu Esch-Uelzecht gestuerwen.

CD[änneren | Quelltext änneren]

Camillo Felgen: Ich hab' Ehrfurcht vor schneeweissen Haaren, Bear Family Records, BCD 16317 AH.

    • 1.: Ich hab' Ehrfurcht vor schneeweissen Haaren (Déi däitsch Versioun vum Bobbejaan sengem "Ik heb eerbied voor jouw grijze haren".)
    • 2.: Wenn ein Stern vom Himmel fällt
    • 3.: Schaukelstuhl, bleib niemals stehen
    • 4.: Wann
    • 5.: Unser Glück, Mon Amour
    • 6.: Auch Du wirst einmal vergessen (& ELISABETH)
    • 7.: Zwei in einem weissen Boot (& ELISABETH)
    • 8.: Armer Piccolino
    • 9.: Mitternachtslied
    • 10.: Das kleine Märchen
    • 11.: Wanderer ohne Sterne
    • 12.: Sag, warum?, déi däitsch Versioun vum Phil Spector sengem Oh! Why?, gesonge vun den "Teddy Bears"
    • 13.: Golden Mary
    • 14.: Schwarzer Pierrot
    • 15.: Er ist ein Freund von mir
    • 16.: Du kleiner Mann
    • 17.: Bye Bye
    • 18.: Irgenwann erwacht ein neuer Tag
    • 19.: Bracero
    • 20.: Hoch in den Bergen von Mexico
    • 21.: Nur ein Schatten
    • 22.: An Daddy persönlich
    • 23.: Der Junge aus der Via Gluck, déi däitsch Versioun vum Adriano Celentano sengem Il ragazzo della Via Gluck
    • 24.: Ferne und Einsamkeit
    • 25.: Heut' abend kommt die Liebe
    • 26.: Edelweiss
    • 27.: Wie damals
    • 28.: Mon Amour, Tu m'attendras

Filmgraphie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Camillo Felgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Original war "Oh! Why" gesonge vun den Teddy Bears