Andy Bausch

Vu Wikipedia
Andy Bausch
am Joer 2006
Gebuer 12. Abrëll 1959
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller

Den Andy Bausch gebuer den 12. Abrëll 1959 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.[1]

Hien ass deen éischte Lëtzebuerger Regisseur, deen och international Succès hat.[1] Zënterhier huet hie vill Filmer gedréint, dorënner eng ganz Rei Documentairen zu Lëtzebuerger Theemen. Zu senge bekanntste Spillfilmer gehéieren Troublemaker (1989), Le club des chômeurs (2003) a Rusty Boys (2017).

Bis zu sengem Doud huet de Schauspiller Thierry van Werveke (1958-2009) a bal all dem Andy Bausch senge fiktive Wierker matgespillt.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

E Filmpionéier zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Seng Passioun fir d'Filmen huet den Andy Bausch 1976 entdeckt, wéi hie mat der Super-8-Kamera vu sengem Papp op e Rockfestival zu Offenburg gaangen ass an do d'Sänger an d'Gruppe gefilmt huet.[2] Nodeem hie Molerei a Fotographie studéiert huet, huet hien Enn der 1970er ugefaange Kuerzfilmer ze produzéieren. Seng éischt Filmer huet hien dunn nach als Andy Bauschansky signéiert.[2] Seng éischt Filmer hunn Theeme behandelt, déi soss éischter marginal waren,[3] wéi zum Beispill den Drogekonsum, oder d'Homosexualitéit am Kuerzfilm Stefan (1982). Dat war och deen éischte Film, an deem den Thierry van Werveke ze gesi war, dee spéider a ville vun dem Andy Bausch senge fiktive Wierker ze gesi sollt sinn. Zu där Zäit gouf et ausser den AFO-Filmer, deene vum Marc Thoma an den Tourismusdocumentaire vum Philippe Schneider esou gutt wéi keng lëtzebuergesch Filmproduktioun.[3]

1984 huet den Andy Bausch säi Kuerzfilm One Reel-Picture Show erausbruecht, dee sech un enger Novell vum Edgar Allan Poe an dem däitschen expressionistesche Kino aus den 1920er inspiréiert. Mat deem Film krut fir d'éischte Kéier e Lëtzebuerger Cineast eng gewëssen Opmierksamkeet am Ausland, an de Film gouf um Filmfestival EuropaCinema zu Rimini an um Festival international du film fantastique de Bruxelles gewisen. En ass och op der däitscher Tëlee gelaf.[3]

D'Joer drop huet hien de Schrëtt zu engem Spillfilm gewot, mat Gwyncilla, Legend of Dark Ages, engem däitschsproochege Schwaarz-Wäiss-Film, deen am Februar 1986 an de Kino koum. Hien hat zwar schonn 1981 mat When the Music's Over en éischte Laangfilm produzéiert, mee dee war nach am Amateurformat Super 8 gedréint. Gwyncilla ass e Fantasyfilm. Zu deem Zäit war d'Lëtzebuerger Filmindustrie quasi inexistent.[4] Vill vun de Schauspiller an Techniker, déi um Tournage geschafft hunn, hu sech spéider professionell an der jonker Lëtzebuerger Filmindustrie etabléiert.[3][5]

Troublemaker an Produktioune fir déi däitsch Tëlee[änneren | Quelltext änneren]

Affiche vum Troublemaker, deen dem Andy Bausch och Dien an der Filmregie baussent Lëtzebuerg opgemaach huet

Mat sengem nächste Projet, dem Spillfilm Troublemaker, huet den Andy Bausch sech dunn definitiv als Schwéiergewiicht an der Lëtzebuerger Filmzeen etabléiert. Am Film, deen am Juli 1986 gedréint gouf, huet den Thierry van Werveke d'Haaptroll vum Jacques Goudebour alias Johnny Chicago gespillt. D'Filmproduktioun gouf vum Saarländischer Rundfunk kofinanzéiert[6] an hat domat en e bësse méi héije Budget wéi déi aner Lëtzebuerger Filmer zu där Zäit. Troublemaker gouf e grousse kommerziellen Erfolleg, dee ronn 17.000 Leit an de Kino kucke waren.[7] D'Fernseepremière war den 11. Oktober 1988 um däitschen ARD.[6]

Säin nächste Film A Wopbopaloobop A Lopbamboom aus dem Joer 1989, fir deen hien d'Dréibuch zesumme mam Armand Strainchamps geschriwwen huet, spillt zu Diddeleng an den 1960er Joren. E gouf um Filmfestival vu San Sebastian gewisen, wou den Andy Bausch de Präis fir de beschte jonke Regisseur gewonnen huet.[8] Beim Europäesche Filmpräis 1990 waren de Gast Waltzing an d'Maggie Parke fir hir Musek an d'Schauspillerin Sabine Berg fir déi bescht weiblech Nieweroll am Film nominéiert.

An de Joren duerno huet den Andy Bausch eng Rei Filmer fir déi däitsch Televisioun gedréint, dorënner Ex und hopp - Ein böses Spiel um Liebe, Geld und Bier (1991) mam Mario Adorf, dee fir seng Roll als Brauereimanager Heinrich Hartholz a fir aner Filmer de Film- a Mediepräis Goldene Kamera krut. Wärend den Andy Bausch fir dee Film nach vun der Kritik gelueft gouf, ass een anere Fernseefilm, Struppi & Wolf, net gutt bei der Kritik ukomm.[9][10] Zu deenen anere Fernseefilmer zielen Immer wenn sie Krimis liest (1994) mat der Marie-Luise Marjan a Fünf Millionen und ein paar Zerquetschte (1994) mam Rolf Zacher.

Tëscht 1993 an 2001 huet hien och nach eng Rei eenzel Episodë fir bekannt däitsch Televisiounsserië gedréint, dorënner Die Männer vom K3 (1994), Doppelter Einsatz (1995) a Balko (1999).

Éischt Documentairen a Back in Trouble[änneren | Quelltext änneren]

1993 huet hie mat Three Shake-a-leg Steps to Heaven erëm e lëtzebuergesche Film an de Kino bruecht. En hat e Budget vu 40 Millioune Lëtzebuerger Frang[11] a gouf vu ronn 5.000 Leit am Kino gesinn.[12]

Am selwechte Joer huet hie säin éischte vu ville lëtzebuergeschen Dokumentarfilmer erausbruecht. Thés dansants handelt iwwer d'Rockmusek an den 1960er zu Lëtzebuerg. E puer Joer drop huet hien der Rockmusek e weideren Documentaire gewidmet, iwwer indianesch Rockmuseker an den USA (Rockin' Warriors, 1998). Och iwwer d'Lëtzebuerger Rockmusek huet hie weider Documentaire gedréint, mat The Very Last Cha Cha Cha iwwer d'Grupp Taboola Rasa, a Leslie Kent, a Tale of Sex, Booze and the Blues iwwer de Rockmuseker Guy Theisen, deen hie scho fir Thés dansants interviewt hat.

Zéng Joer no sengem Succès mat Troublemaker huet hien 1997 eng Fortsetzung erausbruecht. Am Film Back in Trouble hu vill prominent däitsch Schauspiller Gaaschtrollen iwwerholl, dorënner den Heinz Hoenig, de Moritz Bleibtreu, de Richy Müller, d'Katharina Thalbach an de Regisseur Fatih Akin. E war zwar e bësse manner erfollegräich wéi säi Virgänger, an trotzdeem waren iwwer 15.000 Leit fir de Film an de Kino gaangen.

1999 huet hien dunn nach e kuerzen Documentaire iwwer de Moler Jean-Marie Biwer gedréint, als Deel vun der Rei Portraits d'artistes.

Fokus op Lëtzebuerger Filmer[änneren | Quelltext änneren]

De Film Le club des chômeurs (2002) ass och haut nach ee vun de Lëtzebuerger Filmer mat de meeschte Kinozuschauser

An den 2000er huet den Andy Bausch Däitschland de Réck gedréint a bal just nach u Lëtzebuerger Filmer geschafft.[2] No engem weideren Documentaire, déi Kéier iwwer den Ufank vum Kino zu Lëtzebuerg (Electric Theatre, 2000), huet den Andy Bausch 2001 de Spillfilm Le Club des Chômeurs erausbruecht. De Film krut zwar gemëschte Kriticken an der Press, mee war e risege kommerziellen Erfolleg. Et war bis 2018, wéi De Superjhemp retörns an Kino koum, offiziell de lëtzebuergesche Film mat de meeschte Kinoszuschauer.[13][14]

Duerno huet hien zesumme mam Claude-Oliver Rudolph e leschte Film fir déi däitsch Tëlee gedréint, Dirty Sky (2003), éier en sech definitiv der Filmproduktioun a sengem Heemechtsland zougedréint huet. Säin Documentaire L'homme au cigare iwwer de Fred Junck, de Grënner a spéidere Conservateur vun der Stater Cinemathéik, gouf bei der éischter Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis als "Beschte Lëtzebuerger Film" ausgezeechent. E krut dee Präis ex aequo mat J'ai toujours voulu être une sainte vum Geneviève Mersch.

2004 ass mat La Revanche dem Andy Bausch seng indirekt Fortsetzung vum Club des Chômeurs an de Kino komm. Mat iwwer 14.000 Leit, déi de Film an de Kino kucke waren, war och deen erëm e kommerzielle Succès,[12] och wann d'Press dem Film net ëmmer frëndlech géigeniwwer agestellt war.[15]

An deem Joer koum och säi fënnef-Minutte laange Kuerzfilm The Language School als Deel vum Projet Visions of Europe eraus, fir dee 25 europäesch Regisseure 25 Kuerzfilmer bäigesteiert hunn.

An de Joren duerno huet den Andy Bausch haaptsächlech Documentaire gedréint, dorënner 2004 iwwer de Camillo Felgen (Monsieur Warum), 2005 iwwer d'Geschicht vum Lëtzebuerger Fernseesender RTL (Télé Luxembourg 50 ans), an 2007 iwwer d'Swing- an Jazzmusek an den 1920er bis 1960er Joren zu Lëtzebuerg (Entrée d'artistes). Dem Schauspiller Thierry van Werveke huet den Andy Bausch eng Hommage am Documentaire inthierryview (2008) gesat. De van Werveke ass d'Joer gestuerwen. Beim Lëtzebuerger Filmpräis 2009 krut den Andy Bausch direkt zwee Präisser, deen als "Beschten Documentaire" fir Entrée d'artistes an de Publikumspräis fir inthierryview.

Säi leschten däitschsprooche Spillfirlm war Deepfrozen (2006) mam Peter Lohmeyer an der Haaptroll. E gouf haaptsächlech zu Welleschten gedréint a krut mëttelméisseg Kriticken.

Seng Filmtrilogie ëm den Johnny Chicago huet den Andy Bausch 2010 mat dem Film Trouble No More ofgeschloss. Mee well de van Werveke an Tëschenzäit gestuerwe war, huet hien d'Dréibuch mussen ëmschreiwen: den Haaptprotagonist am Film war och dout a just a Form vun enger Urn mat Äschen ze gesinn. Ronn 7.000 Leit waren Trouble No More an de Kino kucken.[12] Dat war déi klengsten Zuel un Zuschauer vun den dräi Filmer.

Documentairen iwwer verschidden Epochen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Mat Rusty Boys (2017) konnt den Andy Bausch un de Succès vu senge fréiere Spillfilmer uknäppen

2010 huet den Andy Bausch mat Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher en Documentaire iwwer d'Presenz vu den Amerikaner zu Lëtzebuerg tëscht dem Enn vum Zweete Weltkrich an den 1960er Jore gedréint. Spéider huet hien nach weider Documentairen iwwer bestëmmten Epochen zu Lëtzebuerg erausbruecht, dorënner D'Belle Époque (2012) iwwer d'Zäitperiod mam selwechten Numm, an deem ënner anerem d'Vicky Krieps an d'Gintare Parulyte an nogestallten Zeene matspillen, D'Fifties zu Lëtzebuerg (2013) iwwer 1950er Joren, Sixty8 (2018) iwwer d'Zäit ëm de Mee 1968, a Lost in the 80s (2019) iwwer d'1980er.

Fir d'Police huet hien 2013 de Spot Net cool als Deel vun enger Sensibiliséierungscampagne géint de Kannabiskonsum bei Jugendleche gedréint.[16][17]

Dem Sänger Fausti huet hien 2015 mat Faustino One Man Show en dokumentarescht Denkmal gesat. Wéinst Streidereien tëscht dem Fausti a sengem laangjäregem Produzent Jang Linster huet deen d'Filmproduktiounsfirma Juliette Films verklot, well fënnef Lidder, déi am Film ze héiere sinn, ouni Accord benotzt goufen. Doropshi koum et Mëtt Mäerz 2016 zum Geriichtsurteel, datt den DVD vum Film huet missen aus dem Verkéier gezu ginn.[18][19]

Fir den OGBL huet den Andy Bausch 2016 am Kader vum Centenaire vun de fräie Gewerkschaften zu Lëtzebuerg (1916-2016) d'Optragswierk Streik! produzéiert.[20] Do hunn ënner anerem den Historiker Denis Scuto an de Schauspiller an Historiker Marc Limpach bei de Recherche fir de Film gehollef.[21]

2016 huet den Andy Bausch fir d'éischte Kéier zënter den 1990er nees e fiktive Kuerzfilm gedréint. A Freddie spillt den Nilton Martins d'Roll vum Freddie Mercury kuerz virun engem Optrëtt. De Film ass am Februar 2018 op YouTube gesat ginn, wou iwwer 82.000-mol ugeklickt gouf.[22]

Siwe Joer no Trouble No More huet den Andy Bausch mat Rusty Boys (2017) dunn och nees ee Spillfilm an de Kino bruecht. De Film war e grousse kommerzielle Succès zu Lëtzebuerg, wou en am Ganze vun 21.817 Leit am Kino gesi gouf.[12] Och vun de Kritiker gouf e gutt opgeholl.

Am Mee an am Juni 2022 waren d'Dréiaarbechte fir dem Andy Bausch säi Spillfilm Little Duke, ënner anerem am Filmland an am Pafendall.[23][24] D'Dréibuch dofir huet hie wéi scho fir Rusty Boys zesumme mam Frank Feitler geschriwwen.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Andy Bausch huet am ganze véier Kanner.[25] Seng Fra Rike huet hien 1998 bestuet.[26] Zesummen hu si ee Jong, deen 1998 gebuer gouf, an eng Duechter, déi 2000 gebuer gouf.[26][27]

Hien huet eng Zeit zu Hamburg an och zu Lübeck gewunnt.[4]

Säi Markenzeechen ass säin Outfit aus Kap a Cowboystiwwelen.[2][3][28]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Impakt[änneren | Quelltext änneren]

Den Andy Bausch gëllt als Pionéier vun der Lëtzebuerger Filmindustrie,[3][29] dee mat Troublemaker an dem Protagonist Johnny Chicago e Film, respektiv e Personnage erschaf huet, déi dacks als "Kult" bezeechent ginn.[30][31][32][33][34][35][36] Ufank den 1990er huet den Andy Bausch als Nowuesstalent vun der däitscher Regiezeen gegollt.[9]

Dem Andy Bausch säi Wierk ass och duerch seng laangjäreg Zesummenaarbecht a Frëndschaft mam Schauspiller Thierry van Werveke markéiert, dee bis zu sengem Doud a sechs vum Bausch senge Kinosfilmer matgespillt huet, dorënner an der Roll vum Johnny Chicago.[30][37] Donieft war hien och a villen Televisiounsproduktiounen a Kuerzfilmer vum Bausch ze gesinn. Den Andy Bausch huet mat The Very Last Cha Cha Cha (2000) an inthierryview (2008) och zwee Documentairen iwwer de Van Werwecke gedréint.

Theemen a Stiler[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptprotagonisten an dem Andy Bausch senge Filmer sinn dacks léif, mee liicht chaotesch Verléier um Rand vun der Gesellschaft.[3][38]

E regelmééisegt Theema an senge Produktiounen ass de Bezuch zu Amerika an zu US-amerikanescher Popkultur, op déi regelméisseg Referenz gemaach gëtt. Dat selwecht gëllt fir d'Rockmusek a Rockmuseker. Bei enger Rei vun sengen Documentaire sinn déi Sujeten d'zentraalt Theema, wéi bei Rockin' Warriors (1998) iwwer indianesch Rockmusker an den USA, The Very Last Cha Cha Cha (2000) iwwer de leschte Concert vun der Lëtzebuerger Rockband Taboola Rasa, oder bei Leslie Kent, a Tale of Sex, Booze and the Blues iwwer de lëtzebuergesche Rockmuseker Guy Theisen.

Eng Charakteristik vun dem Andy Bausch sengen Documentaire si mat Schauspiller nogestallte Sequenzen, déi tëscht Archivmaterial agebaut sinn.[39][40]

Kontroversen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Andy Bausch seng Wierker goufe regelméisseg der Fraefeindlechkeet accuséiert a seng Personnage fir sexistesch Bemierkunge kritiséiert.[3][36][41][42] Och seng Documentaire goufen dofir kritiséiert, datt generell vill méi Männer wéi Fraen interviewt ginn.[43][44]

Donieft gouf seng Duerstellung vun Auslänner a verschiddene Wierker kritiséiert, an deels als rassistesch bezeechent.[3][36]

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Filmer, bei deenen den Andy Bausch Regie gefouert huet
Joer Titel Remark
1978 Rubbish Kuerzfilm
1979 Vicious Circle Kuerzfilm
1979 Vu Kanner fir Kanner Kuerzfilm
1980 Abgrenzungen Kuerzfilm
1980 Hoffnung Kuerzfilm
1981 When the Music's Over Spillfilm
1982 Stefan Kuerzfilm
1982 Lupowitz Kuerzfilm
1983 Die letzte Nacht Kuerzfilm
1983 Cocaine Cowboy Kuerzfilm
1984 One-Reel Picture Show Kuerzfilm
1984 Van Drosselstein Kuerzfilm
1984 ... der Däiwel Kuerzfilm
1986 Gwyncilla, Legend of Dark Ages Spillfilm
1988 Troublemaker Spillfilm
1989 A Wopbopaloobop A Lopbamboom Spillfilm
1992 Ex und hopp - Ein böses Spiel um Liebe, Geld und Bier Spillfilm (Televisioun)
1992 Mit tödlicher Sicherheit Spillfilm (Televisioun)
1992 Stuppi und Wolf Spillfilm (Televisioun)
1993 Three Shake-a-leg Steps to Heaven Spillfilm
1993 Thés dansants Documentaire
1994 Fünf Millionen und ein paar Zerquetschte Spillfilm (Televisioun)
1994 Immer wenn sie Krimis liest Spillfilm (Televisioun)
1996 Letters Unsent Kuerzfilm
1997 Back in Trouble Spillfilm
1998 Rockin' Warriors Documentaire
1999 Film iwwer de Jean-Marie Biwer an der Rei Portraits d'artistes Documentaire
2000 Electric Theatre Documentaire
2000 The Very Last Cha Cha Cha Documentaire
2001 Le Club des Chômeurs Spillfilm
2003 Dirty Sky Spillfilm
2003 L'homme au cigare Documentaire
2004 La Revanche Spillfilm
2004 Visions of Europe (Kompilatiounsfilm): Segment The Language School Kuerzfilm
2004 Monsieur Warum Documentaire
2005 Télé Luxembourg 50 ans Documentaire
2006 Leslie Kent, a Tale of Sex, Booze and the Blues Documentaire
2006 Deepfrozen Spillfilm
2007 Entrée d'artistes Documentaire
2008 inthierryview Documentaire
2010 Trouble No More Spillfilm
2010 Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher Documentaire
2012 D'Belle Époque Documentaire
2013 D'Fifties Documentaire
2016 Streik! Documentaire
2015 Faustino One Man Show Documentaire
2016 Freddie Kuerzfilm
2017 Rusty Boys Spillfilm
2017 Sixty8 Documentaire
2019 Lost in the 80s Documentaire
2023 Little Duke Spillfilm (a Postproduktioun)

Televisiounsserien[änneren | Quelltext änneren]

TV-Serien, bei deenen den Andy Bausch Regie gefouert huet
Joer Serie Episod
1993 Die Männer vom K3 Tanz auf dem Seil
1994 Die Männer vom K3 Keine Chance zu gewinnen
1995 Doppelter Einsatz Brisante Geschäfte (Teil 1)
1995 Doppelter Einsatz Brisante Geschäfte (Teil 2)
1995 Doppelter Einsatz Faustpfand
1995 Doppelter Einsatz Kais kleiner Bruder
1995 Doppelter Einsatz Privatpatienten
1999 Balko Verkaufte Unschuld
1999 Balko Dinojagd
1999 Balko Der Mönch mit der Todeskralle
2000 Die Verschwörung HeliCops - Einsatz über Berlin
2000 Verschwundene Kinder HeliCops - Einsatz über Berlin
2001 Abschied Zwei Brüder

Aneres[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013 huet hien de Spot Net cool fir eng Sensibiliséierungscampagne vun der Police géint de Kannabiskonsum bei Jugendleche gedréint.[16][17]
  • 2014 huet hie fir de Kuerzfilm Asta um Dréibuch matgeschriwwen.
  • 2020 huet hien e weider Spot am Optrag vun der Regierung gedréint, als Deel vun enger Preventiounsampagne géint alkoholiséiert Autofueren.[45]

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard Roderes (Hg.), Zelluloid Cowboy: Die Filme von Andy Bausch. Echternach, Prophil/Éditions Phi, 1993. ISBN 3-88865-100-X.
  • Steve Hoegener, Fabrice Génot: The Big Bauschansky. Interview mam fréieren LNB-Schüler Andy Bausch. In: 50 Joer LNB 1968-2018. Dudelange, Lycée Nic. Biever, 2018, S.70-82.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andy Bausch – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Filmographie vum Andy Bausch an Däitschland op www.filmportal.de (nëmme fir däitsch Produktiounen a Koproduktiounen)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Biographie op der Websäit vum Filmfong
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Mid-Life, Der Mannunter derKappe vum Danièle Michels, Nr. 5, Hierscht 2016, S. 54-61
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 3,6 3,7 3,8 L’homme à la casquette - Un regard sur la carrière d’Andy Bausch, Viviane Thill, Forum Nr. 215, Abrëll 2002, Säit 39-44
  4. 4,0 4,1 Biographie op webartproject.de
  5. rtl.lu: Am Gespréich - De Freides-Invité vum 20. Januar: Andy Bausch (23. November 2017)
  6. 6,0 6,1 Troublemaker op filmportal.de
  7. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018
  8. 8,0 8,1 sansebastianfestival.com: Fiche vum Film A wopbopaloobop a lopbamboom
  9. 9,0 9,1 Der Spiegel 9/1992: Filmkritik (23. Februar 1992)
  10. filmdienst.de: Filmkritik
  11. paperjam.lu: 1993: Three shake-a-leg steps to heaven vum France Clarinval (15. November 2015)
  12. 12,0 12,1 12,2 12,3 "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
  13. lequotidien.lu: Déjà 50 000 spectateurs : Superjhemp superstar ! (17. Dezember 2018)
  14. De Film Congé fir e Mord (1983) hat zwar de Produzenten no iwwer 42.000 Zuschauer ugezunn, mä dat sinn inoffiziell Zuelen déi net kënnen iwwerpréift ginn.
  15. Elle n'a dansé qu'un seul été vum Marie-Amandine, d'Lëtzebuerger Land, 8. Oktober
  16. 16,0 16,1 wort.lu: Hard-hitting anti-cannabis campaign launches in Luxembourg (8. Oktober 2013)
  17. 17,0 17,1 tageblatt.lu: Video-Clip statt Haschisch vum Lucien Montebrusco (8 . Oktober 2013)
  18. Fausti-Film "Faustino"muss aus der Vente geholl ginn vum Nico Graf (23. Mäerz 2016)
  19. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 2 mai 2014
  20. ogbl.lu: Le documentaire «Streik!» est désormais disponible en DVD (net datéiert, gekuckt den 9. Dezember 2021>
  21. lessentiel.lu : «"Streik!", c'est l'histoire du travailleur» vum Cédric Botzung (10. Mee 2016)
  22. De Kuerzfilm Freddie op YouTube
  23. lequotidien.lu: «Little Duke» : Andy Bausch paye son tournage (15. Mee 2022)
  24. rtl.lu: Casting Little Duke vum Andy Bausch (21. Mäerz 2022)
  25. delano.lu: The “naïve and stubborn” film pioneer (1. Juli 2017)
  26. 26,0 26,1 Biographesch Eckdaten op webartproject.de
  27. woxx.lu: Bausch Andy: Back in Luxemburg vum Sylvie Bonne (6. Juli 2001)
  28. wort.lu: „Mein Kameramann nennt mich Spielzwerg“ vum Pol Schock (30. Mäerz 2017)
  29. paperjam.lu: From Troublemaker to Routine vum Duncan Roberts (3. Abrëll 2010)
  30. 30,0 30,1 woxx.lu: KINO: Immer trouble mit Andy vum Brigitte Lichtfuß (4. September 2009)
  31. luxfilmfest.lu: TROUBLE(RE)MAKER – A CINELIVE BY SH’NAPAN BASED ON ANDY BAUSCH'S "TROUBLEMAKER" (gekuckt den 3. August 2022)
  32. luxembourg.public.lu: 10 films luxembourgeois à regarder (gekuckt den 3. August 2022)
  33. cnc.fr: Cinq films qui ont marqué l’histoire du cinéma luxembourgeois (22. August 2019)
  34. saarbruecker-zeitung.de: Erinnerung an einen Troublemaker vum Martin Rolshausen (11. November 2010)
  35. cineuropa.org: Inthierryview célèbre van Werveke vum Boyd van Hoeij (28. November 2008)
  36. 36,0 36,1 36,2 woxx.lu: ANDY BAUSCH: La revanche des chômeurs vum Renée Wagener (1. Oktober 2004)
  37. wort.lu: Der Über-Lebende - Andy Bausch über Thierry van Werveke (15. Mäerz 2012)
  38. woxx.lu: Bausch Andy: Le Club des Chômeurs vum Germain Kerschen (1. Februar 2002)
  39. wort.lu: Filmkritik der Woche: Der neue Andy Bausch vum Marc Thill (12. Oktober 2019)
  40. woxx.lu: ANDY BAUSCH: Gute Zeiten, schlechte Zeiten vum Christiane Walerich (22. Mäerz 2012)
  41. woxx.lu: Andy Bausch: Senioren in Aufbruchstimmung vum Tessie Jakobs (2. Februar 2017)
  42. wort.lu: A Country for Old Men vum Vesna Andonovic (24. Januar 2017)
  43. tageblatt.lu: Als die Gesellschaft erwachte vum Claude Wolf (26 . September 2017)
  44. woxx.lu: Film: Männer vu gëscht a vun haut vum Renée Wagener (4. Dezember 2017)
  45. lequotidien.lu: Luxembourg : alcool au volant, une campagne choc marque les esprits (25. Juni 2020)
  46. tageblatt.lu: Ein großer Dirigent mit kleinen Gesten vum Marina Nickels (2. Februar 2009)