Lübeck

Vu Wikipedia
Lübeck
Land Däitschland
Bundesland Schleswig-Holstein
Krees Kreesfräi Stad
Awunner 218.095 (31. Dezember 2022)
Fläch 214.14
Héicht 13
Koordinaten 53°52'11"N, 10°41'11"O
Telefonszon 4502
Postcode 23552–23570
Websäit https://www.luebeck.de
Jumelage mat Klaipėda, Szczecin, La Rochelle, Venedeg, Wismar, Bergen, Gotland


D'Hansestad Lübeck ([ˈlyːbɛk]) ass eng kreesfräi Stad am Norde vun Däitschland an am Südoste vu Schleswig-Holstein. Se läit un der Ostséi (Lübecker Bucht). Et ass no der Landeshaaptstad Kiel déi zweetgréisst Stad am Land an ee vun dräi wichtegsten Zentren am Land. Der Fläch no ass et déi gréisst Stad a Schleswig-Holstein. Déi gutt erhalen Alstad, déi aus dem Mëttelalter staamt, ass en Deel vum UNESCO-Weltkulturierwen.

Aner méi grouss Stied sinn Hamburg zirka 58 km südwestlech, Kiel zirka 63 km nordwestlech a Schwerin zirka 54 km südëstlech. D'Awunnerzuel ass 1911 iwwer d'Grenz vun 100.000 geklommen, wouduerch Lübeck Groussstad ginn ass. Lübeck grenzt un d'Metropolregioun Hamburg. Déi Lübecker gesinn hir Stad mat de 7 Tierm haut nach als Tor zum Norden vun Europa.

Lübeck ass bekannt fir säi Marzipan.

Lübecker Stadsigel
D'"Holstentor", d'Symbol vu Lübeck
D'Helleg-Geescht-Spidol

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lübeck – Biller, Videoen oder Audiodateien