Kreesfräi Stad

Vu Wikipedia
Landkreesser an Däitschland. Kreesfräi Stied sinn orange markéiert.
Politesch Struktur vun Däitschland a Länner, Regierungsbezierker, (Land-)Kreesser a kreesfräi Stied.

Eng kreesfräi Stad (de.: kreisfreie Stadt; a Baden-Württemberg Stadtkreis genannt) ass eng kommunal Territorial Kierperschaft an Däitschland. Si erfëllt souwuel d'Funktioune vun enger Gemeng, wéi och déi vun engem Arrondissement (Landkrees), dohier den Numm. Si ënnersteet kengem Landkrees, ma direkt dem Regierungsbezierk, resp. dem Land.

An der Reegel si kreesfräi Stied Groussstied – deemno Stied mat méi wéi 100.000 Awunner –; et gëtt awer historesch bedéngt souwuel Groussstied, déi keng kreesfräi Stad sinn, grad sou wéi kreesfräi Stied, déi éischter kleng sinn (déi klengst ass Zweibrücken a Rheinland-Pfalz mat enger 34.000 Awunner).

Och an anere Länner wéi Däitschland gëtt et änlech Strukturen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]