Gemeng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Gemeng ass déi klengst administrativ Ënnerdeelung, déi vun engem exakt definéierten Territoire gebilt gëtt an déi normalerweis eng oder méi Uertschafte begräift. D'Gemeng gëtt gefouert vun demokratesch gewielte Volleksvertrieder.

Lëtzebuerg ass an 106 Gemengen opgedeelt.

Kommunal Autonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemengeresponsabel sollen d'lokal Interessen eegestänneg verwalte kënnen. Dëse Grondsaz ass am Artikel 107 vun der Lëtzebuerger Konstitutioun festgeschriwwen:

"Les communes forment des collectivités autonomes, à base territoriale, possédant la personnalité juridique et gérant leur patrimoine et leurs intérêts propres".

D'Gemenge stinn allerdéngs ënner staatlecher Kontroll.

De Gemengerot[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot ass souzesoen d'Parlament vun der Gemeng a gëtt all sechs Joer nei gewielt. D'Zuel vun de Conseilleren hänkt vun der Awunnerzuel vun der Gemeng of an ass ëmmer ongeruet. De Gemengerot kënnt wéinstens all dräi Méint zesummen a gëtt vum Schäfferot oder, wann et presséiert, vum Buergermeeschter ageruff. De Gemengerot ass beschlossfäeg wann d'Majoritéit vu senge Memberen do sinn. D'Séancë sinn an der Regel ëffentlech. De "Conseil" ass fir all kommunal Ugeleeënheeten zoustänneg a ka Reglementer, déi natierlech de Gesetzer vum Land entsprieche mussen, erloossen. De Gemengerot këmmert sech ëm d'Verwaltung a stëmmt de Budget, dee vum Schäfferot presentéiert gëtt. D'lokal Schoulorganisatioun, d'Astelle vu Personal (Beamten, Employéen, Léierpersonal), d'kommunal Verkéiersregelungen, d'Ausschaffe vun engem allgemenge Bebauungsplang mat engem Bautereglement falen ënner d'Kompetenz vum Gemengerot.

De Schäfferot[änneren | Quelltext änneren]

De Schäfferot ass d'Regierung um lokale Plang. Normalerweis besteet de Schäfferot aus dem Buergermeeschter an zwéi Schäffen, déi alleguer Member vum Gemengerot musse sinn. Grouss Gemenge kënnen awer och méi Schäffen hunn. Datselwecht gëllt fir Fusiounsgemenge während enger Iwwergankszäit vu maximal 12 Joer. De Buergermeeschter gëtt vum Groussherzog genannt, d'Schäffen aus de Stied vum Groussherzog, an déi aus deenen anere Gemenge vum Inneminister, ëmmer op Virschlag vun der Majoritéit vun de Conseilleren.

Nieft de kommunale Chargen handelt de Schäfferot a bestëmmte Fäll och als Organ vum Staat. Hien ass zoustänneg fir d'Ausféierung vun de Gesetzer a Reglementer op lokalem Plang.

De Schäfferot preparéiert d'Sëtzunge vum Gemengerot a suergt fir d'Publizéieren an Ausféiere vun den Decisiounen. Hie geréiert déi kommunal Aarbechten a iwwerwaacht d'Servicer vun der Gemeng.

De Buergermeeschter[änneren | Quelltext änneren]

De Buergermeeschter gëtt vum Groussherzog ënner de lëtzebuerger Memberen vum Gemengerot fir e Mandat vu sechs Joer ernannt, op Propose vun der Majoritéit vun de Membere vum Gemengerot. Dat Mandat ass erneierbar. De Buergermeeschter gëtt zu Lëtzebuerg also ni vun de Leit gewielt, weder direkt nach indirekt.

De Buergermeeschter spillt am Schäfferot an am Gemengerot vun der Gemeng eng primär Roll. E suergt vir d'Ausféiere vun de Policegesetzer a -reglementer. Dozou zielt och d'Bautereglement. De Buergermeeschter erdeelt (oder refuséiert) am Prinzip d'Baugeneemegungen. En iwwerwaacht d'ëffentlech Sécherheet, den ëffentleche Regëster an en ass Officier de l'état civil (Standesbeamten). Déi zivil Hochzäit gëtt virum Buergermeeschter oder sengem Remplaçant gefeiert.

Iewescht Opsiicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi sougenannten tutelle administrative ass d'iewescht Opsiicht, déi vum Inneministerium iwwer d'Gemenge waacht. D'Distriktskommissäre kontrolléieren d'Gestioun vun de Gemengen. Eng ganz Parti Decisioune gi vum Staat aprouvéiert oder, wa se géint d'allgemeng Intresse oder géint déi bestehend Legislatioun verstoussen, verworf. D'Gemeng kann awer géint d'Decisoune vum Staat virum Verwaltungsgeriicht kloen.

D'Gemengesyndikater[änneren | Quelltext änneren]

Aus techneschen oder finanzielle Grënn kann eng Gemeng bestëmmte Servicer an Aufgaben net eleng droen. D'Gemenge schléisse sech dofir a Syndikater zesummen. Zu Lëtzebuerg gëtt et momentan 64 sou Syndikater, vu Waasserversuergung a Knaschtentsuergung iwwer Sportinfrastrukture bis Schoulgebaier.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Interkommunal Syndikater zu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gemengen – Biller, Videoen oder Audiodateien