Uertsgemeng

Vu Wikipedia

Ënner Uertsgemeng versteet een a Rheinland-Pfalz eng Gemeng, déi zesumme mat aneren Uertsgemengen (a Stied) zu enger Verbandsgemeng gehéiert. Am Géigesaz dozou gëtt et verbandsfräi Gemengen (a Stied), déi zu kenger Verbandsgemeng gehéieren. D'Uertsgemeng ass no däitschem Recht eng Gebittskierperschaft.

All Uertsgemeng ass rechtlech onofhängeg an huet hiren eegenen Uertsbuergermeeschter an e Gemengerot. An aneren däitsche Bundeslänner heeschen déi entspriechend Strukturen einfach Gemeng.

Uertsgemengen hunn awer am Géigesaz zu Verbandsgemenge keng eege Verwaltung. D'Verbandsgemengeverwaltung verwalt am Numm an op Uerder vun den Uertsgemengen. Si ass un d'Beschlëss vun den Uertsgemengeréit an un d'Entscheedunge vun den Uertsbuergermeeschtere gebonnen.

Dës fir Rheinland-Pfalz speziell Reegelung am Kader vun der Gemengereform an den 1970er Joren huet et fäerdeg bruecht, engersäits de klengen Uertsgemengen eng Eegestännegkeet z'erhalen, anerersäits d'Effizienz vun der Kommunalverwaltung däitlech ze verbesseren. An deene meeschten anere Bundeslänner hunn déi meescht lokal Gemengen hir Eegestännegkeet verluer a sinn als Uertsdeeler oder Quartiere vu gréissere Gemengen opgaangen.