Op den Inhalt sprangen

Rheinland-Pfalz

Vu Wikipedia
Rheinland-Pfalz

Fändel vu Rheinland-Pfalz

Wope vu Rheinland-Pfalz

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Däitsch
Haaptstad: Mainz
  Awunner: 217 123
Staatsform: Parlamentaresch Republik (semi-souverän)
  Ministerpresidentin: Malu Dreyer (SPD)
Fläch: 19 854,21 km²
Bevëlkerung: 4 098 391
  Bevëlkerungsdicht: 206/km²
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .de
Internationalen
Telefonsprefix
:
+49

D'Rheinland-Pfalz ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland, wat den 18. Mee 1947 gebilt gouf. Gëlteg Ofkierzunge sinn RLP, RPF respektiv RP (woubäi dat lescht mat der neier Autosplack vum Rhein-Pfalz-Krees ka verwiesselt ginn).

D'Rheinland-Pfalz grenzt un d'Bundeslänner Nordrhein-Westfalen, Hessen, d'Saarland, Baden-Württemberg an un d'Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg.

Wopen a Symboler

[änneren | Quelltext änneren]

De Landeswope vu Rheinland-Pfalz besteet aus dem Léiw vun der Pfalz, dem Kräiz vum Äerzbistum a Kurfürstentum Tréier souwéi dem Mainzer Rad an erënnert domat un d'Kurfürstentümer Tréier, Mainz a Pfalz, déi bis 1806 existéiert hunn.

Am ieweschte rietsen Drëttel ass dat zanter 1273 attestéiert Symbol vum Äerzbistum Tréier, d'rout Kräiz op wäissem Hannergrond. Am lénksen ieweschten Drëttel ass op roudem Hannergrond d'Sëlwerrad mat sechs Speechele vum Äerzbistum Mainz, wat och zanter dem 13. Joerhonnert als Sigel agefouert gi war. De gëllene Léiw am ënneschte schwaarzen Drëttel steet fir d'Kurpfalz, an ass op de besonnesche Rang vun den Herzoge vu Bayern als "Pfalzgrafen bei Rhein" zeréckzeféieren. Iwwer dem Schëld steet eng Kroun aus fënnef gëllene Wäiblieder, Rheinland-Pfalz ass e bedeitend Däitscht Wäibaugebitt.

D'Rheinland-Pfalz ëmfaasst am Norde vun de Rheinesche Schieferbierger de südlechen Deel vun der Äifel, den Honsréck, de westleche Westerwald an den nordwestlechen Deel vum Taunus, souwéi am südleche Beräich d'Rhäinhessescht Hiwwelland, d'Nordpfälzer Biergland, de Landstuhler Bruch, d'Südwestpfälzesch Héichfläch, de Pfälzer Bësch an en Deel vun der Uewerrheinescher Déifebene. Den héchste Bierg ass den Erbeskopf (816 m) am Honsréck. Kuckt heizou och Bierger a Rheinland-Pfalz.

Duerch Rheinland-Pfalz fléissen déi grouss Bundeswaasserstroosse Rhäin, Musel, Saar a Lahn. Weider Flëss sinn Nahe, Sauer, Our, Glan a Sieg.

Administratioun

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt dozou och d'Lëscht vun de Landkreesser an Däitschland

A Rheinland-Pfalz gëtt et 24 Landkreesser:

Kaart vun de Landkreesser a Rheinland-Pfalz

Kreesfräi Stied

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt dozou och d'Lëscht vun de kreesfräie Stied an Däitschland.

Rheinland-Pfalz ass an 9 Regiounen agedeelt:

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Bauwierker a Kierchen

[änneren | Quelltext änneren]
Festung Ehrenbreitstein zu Koblenz
Doum zu Mainz
Doum zu Speyer
Porta Nigra zu Tréier
Uertschaft Kuckeswäertes
Andernach
Bingen um Rhäin
Bad Kreuznach
  • Bréckenheiser
  • Pauluskierch
Idar-Oberstein
Koblenz
Mainz
Rhens
Remagen
Sankt Goarshausen
Schifferstadt
Speyer
Tréier
Worms
Vulkaneifel

UNESCO Weltierwen

[änneren | Quelltext änneren]

Buergen a Schlässer

[änneren | Quelltext änneren]
Marksburg zu Braubach
Trifels
Kurfürstlecht Schlass zu Koblenz
Buerg Pfalzgrafenstein
Schlass Stolzenfels
Buerg Thurant
Numm Aart/Zoustand Uertschaft/Lag
Buerg ArrasBuergAlf
Al BuergBuergBoppard
Al BuergBuergKoblenz
Räichsbuerg CochemBuergCochem
Dahner BuergegruppBuregruinenDahn
Festung EhrenbreitsteinFestungKoblenz
EhrenburgBuergBrodenbach
Buerg EltzBuergMünstermaifeld
Buergruin Birkenfeld (Stammbuerg vun de Wittelsbacher)BuergruinBirkenfeld
Feste Kaiser FranzFestungKoblenz
Buerg FalkensteinBurgruinFalkenstein
FraebuergBurgruinFrauenberg
Hambacher SchlassSchlassNeustadt op der Wäistrooss
Buerg HohenfelsBurgruinImsbach
Buerg a Schlass Idar-ObersteinBuerg, SchlassIdar-Oberstein
Kurfürstlecht SchlassSchlassKoblenz
Kurfürstlecht SchlassSchlassMainz
Buerg LahneckBuergLahnstein
LandskronBuergruinOppenheim
LiebensteinBuergKamp-Bornhofen
Buerg AltleiningenBuergAltleiningen
MarksbuergBuergBraubach
Buerg NassauBuergNassau
NürburgBuergNürburg
Buerg OlbrückBuergNiederdürenbach
Buerg PfalzgrafensteinBuergmatzen am Rhäin bei Kaub
Schlass PhilippsburgzerstéiertKoblenz
Buerg ReichensteinBuergTrechtingshausen
Buerg RheinfelsBuergruinSankt Goar
RheinsteinBuergTrechtingshausen
Schlass und Buerg SaynSchlass, BuergBendorf
Schlass BürresheimSchlass, BuergSankt Johann (Mayen)
Schlass StolzenfelsSchlassKoblenz
SchmidtburgBurgruinSchneppenbach
SchönburgBuergOberwesel
Buerg SooneckBuergNiederheimbach
Buerg StahleckBuergBacharach
Räichsbuerg TrifelsBuergAnnweiler am Trifels
Schlass MontabaurSchlassMontabaur
Buerg ThurantBuergAlken
Zitadell vu MainzFestungMainz

D'Ministerpresidenten zanter dem 13. Juni 1947:

 Commons: Rhineland-Palatinate – Biller, Videoen oder Audiodateien