1976
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1972 |
1973 |
1974 |
1975 |
1976
| 1977
| 1978
| 1979
| 1980
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1976.
D'Joer 1976 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 24. Januar: Äerdbiewe bei Muradiye, Tierkei, zirka 3.850 Doudeger
- 2. Abrëll: Portugal gëtt sech eng nei Verfassung.
- 5. Abrëll: Den James Callaghan gëtt Premierminister vu Groussbritannien.
- 25. Abrëll: Parlamentswalen a Portugal, déi vun der sozialistescher Partei gewonne ginn.
- 20. Juni: Parlamentswalen an Italien.
- 27. Juni: Den António Ramalho Eanes gëtt President a Portugal.
- 10. Juli: Ekologesch Katastroph zu Seveso, Italien.
- 13. Juli: Den Giulio Andreotti gëtt Premierminister an Italien.
- 23. Juli: De Mario Soares gëtt Premierminister a Portugal.
- 25. August: De Raymond Barre gëtt Premierminister a Frankräich.
- 3. Oktober: Bundestagswalen an Däitschland.
- 8. Oktober: Den Thorbjörn Fälldin gëtt Premierminister a Schweden.
- 17. November: A Spuenie gëtt per Gesetz d'Diktatur ofgeschaaft.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 30. Mee: Bei enger Serie vu Gasexplosiounen am Pafendall kommen 3 Leit ëm d'Liewen, iwwer 20 ginn der zum Deel schwéier blesséiert, an eng ganz Rëtsch Haiser zerstéiert oder onbewunnbar.
- 18. Dezember: 10.000 Leit bedeelege sech un engem Streik fir d'Vollbeschäftegung.
-
Erënnerungsplack un d'Affer vun der Gasexplosioun am Béinchen
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 16. Juni: Brutal Nidderschloen duerch Police an Arméi vun enger friddlecher Manifestatioun vu Schüler zu Soweto a Südafrika, déi géint d'Aféiere vun Afrikaans als Unterrechtsprooch protestéiert hunn (Opstand vu Soweto).
- 29. Juni: D'Seychellen ginn onofhängeg.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 2. Juli: Duerch de Supreme Court gëtt an den USA d'Doudesstrof erëm agefouert (Affär Gregg vs. Georgia).
- 2. November: De Jimmy Carter (Demokraten) gëtt mat 50,1 % vun de Stëmmen (40,8 Milliounen) géint den Gerald Ford (Republikaner) 48 % (39,2 Milliounen) als US-President gewielt. (47 % Enthalungen).
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 24. Mäerz: Putsch vum Generol Jorge Rafael Videla an Argentinien.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 2. Juli: Nord- a Südvietnam vereenege sech zu der Sozialistescher Republik Vietnam.
- 28. Juli: Äerdbiewen zu Tangshan a China: tëscht 650.000 (inoffiziell) a ronn 240.000 (offiziell) Doudeger.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 3. Abrëll: D'Grupp Brotherhood of Man gewënnt fir Groussbritannien mam Lidd Save Your Kisses for Me den 21. Eurovision Song Contest zu Den Haag.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Abrëll: De Steve Jobs an de Steve Wozniak grënnen d'Firma Apple.
- 20. Juli: Der onbemannter NASA-Sonde Viking I geléngt déi éischt erfollegräich Landung um Planéit Mars.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 4. - 15. Februar: Olympesch Wanterspiller zu Innsbruck.
- 24. Mee: De Muhammad Ali huet säi Boxkampf a Weltmeeschtertitel am Schwéiergewiicht géint de Richard Dunn an der Olympiahal zu München duerch technesche KO gewonnen.
- 17. Juli - 1. August: Olympesch Summerspiller zu Montréal a Kanada.
Foussball
[änneren | Quelltext änneren]- D'Jeunesse Esch gewënnt den nationale Foussballchampionnat an d'Coupe de Luxembourg.
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.[1]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lier 0:3 géint Belsch.[2]
- 21. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Reykjavík 1:3 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[3]
- 22. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Helsinki, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:7 géint Finnland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Zender geschoss.[4]
- 16. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:4 géint Italien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[5]
- 10. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zur Déifferdeng 0:4 géint Belsch.[6]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Gustavo Gimeno, spuenesche Museker.
- 4. Januar: August Diehl, däitsche Schauspiller.
- 4. Januar: Patrick Schiltz, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 8. Januar: Christian Lavey, lëtzebuergeschen Zauberkënschtler.
- 14. Januar: Benoît Joachim, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 21. Januar: Emma Bunton, brittesch Sängerin.
- 23. Januar: Vincenzo Centrone, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 23. Januar: Roland Bosco, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 1. Februar: Katrín Jakobsdóttir, islännesch Politikerin.
- 17. Februar: Fred Neuen, lëtzebuergesche Filmproduzent.
- 24. Februar: Yuval Noah Harari, israeeleschen Historiker an Auteur.
- 25. Februar: Martine Schaul, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1. Mäerz: Michéle Walerich, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 8. Mäerz: Freddie Prinze jr., US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Mäerz: Zhu Chen, chineesesch Schachgroussmeeschterin.
- 18. Mäerz: Malou Kerger, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 20. Mäerz: Chester Bennington, Sänger vun der Band Linkin Park
- 21. Mäerz: Héloïse Bock, lëtzebuergesch Affekotin a Member vum Staatsrot.
- 25. Mäerz: Wladimir Klitschko, ukrainesche Boxer.
- 29. Mäerz: Marc Vanacker, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 3. Abrëll: Ulrika Babiaková, slowakesch Astronomin.
- 24. Abrëll: Juan Manuel Gárate, spuenesche Vëlossportler.
- 27. Abrëll: Paul Manderscheid, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 14. Mee: Tom Jungen, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 8. Juni: Nancy Weiland, lëtzebuergesch Molerin.
- 18. Juni: Maxim Alexandrowitsch Galkin, russesche Parodist an Entertainer.
- 24. Juni: Julija Borissowna Nawalnaja, russesch Ekonomistin an Aktivistin.
- 3. Juli: Ralph Diseviscourt, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 30. Juli: Nikolai Kinski, franséisch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 1. August: Iván Duque, kolumbianesche Politiker.
- 4. August: Linda Eischen, lëtzebuergesch Konschthistorikerin.
- 5. August: Yves Braun, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 6. August: Sonja Kmec, lëtzebuergesch Historikerin.
- 13. August: Laurent Felten, lëtzebuergeschen Organist an Cembalist.
- 15. August: Irina Mazjoukhina, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 25. August: Patricia Huijnen, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 26. August: Gaby Keilen, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 27. August: Mark Webber, F1-Pilot.
- 11. September: Marc Wilwert, lëtzebuergesche Fotograf.
- 24. September: Claude Lamberty, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. September: Michael Ballack, däitsche Foussballspiller.
- 27. September: Francesco Totti, italieenesche Foussballspiller.
- 18. Oktober: Dirk Bockel, lëtzebuergeschen Triathleet.
- 29. Oktober: Xu Yuhua, chineesesch Groussmeeschterin.
- 2. November: Raquel Barreira, portugisesch Sängerin.
- 5. November: Diane Becker, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 15. November: Virginie Ledoyen, franséisch Schauspillerin a Mannequin.
- 16. November: Pierre Hansen, lëtzebuergesche Museker, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 29. November: Chadwick Boseman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. November: Ville Valo, finnesche Rockmuseker (HIM).
- 8. Dezember: Sandro Berettini, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 9. Dezember: Booba, franséische Rapper.
- 9. Dezember: Sumo, däitsche Graffiti-Artist a Moler.
- 23. Dezember: Martine Anne Breisch, lëtzebuergesch Schauspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Januar: Rudolf Minkowski, däitsch-amerikaneschen Astrophysiker.
- 8. Januar: Zhou Enlai, chineesesche Politiker.
- 9. Januar: Germaine Michel, franséisch Filmschauspillerin.
- 12. Januar: Agatha Christie, brittesch Schrëftstellerin.
- 21. Januar: Josy Polfer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 25. Januar: Johannes Meyer, däitsche Filmregisseur.
- 31. Januar: Fernand Sardou, franséische Schauspiller a Sänger.
- 17. Februar: Jean Servais belsche Schauspiller.
- 1. Februar: Werner Heisenberg, däitsche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 1. Februar: Jules Prussen, lëtzebuergesche Philosophieprofesser.
- 4. Februar: Pit Schneider, lëtzebuergesche Fotograf an Auteur.
- 11. Februar: Lee J. Cobb, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. Februar: Nicolas Huberty, lëtzebuergeschen Dokter a Resistenzler.
- 25. Februar: Paul May, däitsche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- ? Februar: Tommy Dallimore, britteschen Trompettist.
- 1. Mäerz: Albert Neumann, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 2. Mäerz: Kirsten Heiberg, norwegesch Shauspillerin a Sängerin.
- 14. Mäerz: Thérèse Dorny, franséisch Schauspillerin.
- 17. Mäerz: Luchino Visconti, italieenesche Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Nicolas Margue, lëtzebuergesche Politiker.
- 19. Mäerz: Albert Dieudonné, franséische Schauspiller.
- 24. Mäerz: Bernard Montgomery, brittesche Feldmarschall.
- 1. Abrëll: Max Ernst, däitsche Moler, Dadaismus & Surrealismus.
- 5. Abrëll: Howard Hughes, US-amerikanesche Pilot, Fligerbauer, Filmproduzent a Misanthrop.
- 15. Abrëll: Nicolas Amato, franséische Schauspiller.
- 20. Abrëll: Arno Stoffels, lëtzebuergesche Moler.
- 21. Abrëll: Léonide Moguy, franséische Filmregisseur.
- 22. Abrëll: Jos Kirpes, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Abrëll: Carol Reed, brittesche Filmregisseur a -produzent.
- 2. Mee: Jean Muller, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 9. Mee: Ulrike Meinhof, Journalistin a Matgrënnerin vun der Rouder Arméi Fraktioun.
- 16. Mee: Albert Ruppert, lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Wënzer.
- 24. Mee: Karl Hugo Wieslander, schweedesche Liichtathleet.
- 26. Mee: Martin Heidegger, däitsche Philosoph.
- 31. Mee: Jules Krüger, lëtzebuergesche Komponist.
- 6. Juni: Jean Paul Getty, US-amerikaneschen Industriellen a Konschtmäzen.
- 7. Juni: Henri Diederich, lëtzebuergesche Politiker.
- 11. Juni: René Delacroix, franséische Filmregisseur.
- 13. Juni: Jos Koetz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 29. Juni: Edouard Fellens, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.
- 25. Juni: Joseph Wolter, lëtzebuergeschen Affekot a President vum 'Sequester'.
- 7. Juli: Gustav Heinemann, däitsche Politiker.
- 18. Juli: Lucie Mannheim, däitsch Schauspillerin.
- 20. Juli: Guy de la Vasselais, franséische Colonel.
- 22. Juli: Rodolfo Zilli, italieenesche Moler a Sculpteur.
- 29. Juli: Jos Krecké, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- ? August: Théo Jeitz, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 2. August: Fritz Lang, éisträichesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 5. August: Pierre Foucaud, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 10. August: Lambert Schaus, lëtzebuergesche Politiker an Diplomat.
- 17. August: Pierre Schmol, lëtzebuergeschen Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire.
- 22. August: Juscelino Kubitschek, brasilianesche Politiker a Staatspresident.
- 9. September: Mao Zedong, chineesesche Politiker.
- 10. September: Dalton Trumbo, US-amerikanesche Regisseur an Dréibuchauteur.
- 12. September: Mathias Reckinger, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 14. September: Emile Burggraff, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 1. Oktober: Gust van Werveke, lëtzebuergesche Journalist.
- 20. Oktober: Andrée Viénot, franséisch Politikerin.
- 25. Oktober: Raymond Queneau, franséische Schrëftsteller an Dichter.
- 4. November: Massimo Dallamano, italieenesche Kameramann, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. November: Jean Gabin, franséische Schauspiller.
- 16. November: Anna Madeleine ("Pepy") Beicht, lëtzebuergesch Musikspedagogin, Pianistin a Komponistin.
- 18. November: Man Ray, US-amerikanesche Fotograf a Moler.
- 23. November: André Malraux, franséische Schrëftsteller a Politiker.
- 23. November: Pierre Hemmer, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 24. November: Ernest Wurth, lëtzebuergesche Moler a Jurist.
- 25. November: Will Ollinger, lëtzebuergeschen Architekt.
- 30. November: Fritz Rasp, däitsche Schauspiller.
- 1. Dezember: Jane Marken, franséisch Schauspillerin.
- 2. Dezember: Jane Marnac, belsch Schauspillerin.
- 4. Dezember: Benjamin Britten, englesche Komponist, Dirigent a Pianist.
- 8. Dezember: Albert Borschette, lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.
- 14. Dezember: Alphonse Willems, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 14. Dezember: Donald Howard Menzel, US-amerikaneschen Astronom an Ufolog.
- 22. Dezember: Paul Weber, lëtzebuergeschen Historiker a Schrëftsteller.
- 24. Dezember: Gianni Graglia, italieenesch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 1976 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 27. Mäerz 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Island-Lëtzebuerg den 21. August 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Finnland-Lëtzebuerg den 22. September 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 16. Oktober 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 10. November 1976 op der Websäit vun European Football