Andrée Viénot

Vu Wikipedia
Andrée Viénot
Gebuertsnumm Andrée Mayrisch
Gebuer 7. Juni 1901
Diddeleng
Gestuerwen 20. Oktober 1976
Charleville-Mézières
Nationalitéit Frankräich
Educatioun London School of Economics
Aktivitéit Politiker
Partei SFIO
Member vun Franséisch Liga fir Mënscherechter
Famill
Bestuet mat Pierre Viénot
Papp Émile Mayrisch
Mamm Aline de Saint-Hubert

D'Andrée Viénot, gebuer als Andrée Maria Mathilde Mayrisch de 7. Juni 1901 zu Diddeleng, a gestuerwen den 20. Oktober 1976 zu Charleville-Mézières, war eng franséisch Politikerin.

D'Andrée Mayrisch ass am Diddelenger Casino an an der Villa Mayrisch um Kräizbierg opgewuess. 1921 huet si d'Grënnung vun der éischter Guide-Sektioun zu Diddeleng ënnerstëtzt. Wärend hirem Studium kënnt si a Kontakt mat de sozialistesche Studentekreesser a war 1929 un der geheimer Rekonstruktioun vun der sozialistescher Partei a Frankräich bedeelegt[1].

1944 fänkt hir politesch Karriär un a si war vun 1946 bis 1947 Deputéiert an der Assemblée nationale an 1946-47, als Ënner-Staatssekretärin an de Regierunge Georges Bidault I a Léon Blum III, eng vun den dräi Fraen, déi wärend der 4. Republik Member vun enger Regierung waren.

Vun 1953 bis zu hirem Doud, 1976, war si Buergermeeschtesch vu Rocroi.

D'Andrée Mayrisch war d'Duechter vun der Aline an dem Emile Mayrisch. Am Juli 1928 huet si de franséische sozialistesche Politiker Pierre Viénot bestuet. Deen ass 1944 gestuerwen.

No der Liberatioun, 1944, gouf si Conseillère générale vum Canton de Rocroi (bis 1970), kuerz drop fir ee Joer Ënnerstaatssekretärin fir Jugend a Sport an der franséischer Regierung.

1957 huet si ënner Protest d'SFIO verlooss a sech dono an enger Rëtsch lénkse Parteien engagéiert.

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Strooss zu Diddeleng
  • Collège Andrée-Vienot (1978-2007, Rocroi (Ardennes).
  • Piscine Pierre-et-Andrée-Vienot, Guyancourt (Yvelines).
  • Rue Pierre-et-Andrée-Viénot, Chooz (Ardennes)
  • Salle Pierre-et-Andrée-Viénot, Givet (Ardennes)
  • Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Andrée Viénot-Mayrisch an Erënnerung un d'Andrée Mayrisch[1].

Theateropféierung[änneren | Quelltext änneren]

  • SCHNOUKY, E Monolog, deen op Bréiwer vum Andrée Mayrisch u seng Mamm baséiert. D'Andrée Viénot huet dës Bréiwer mat "Andrée" oder mat "ton fils", resp. "Schnouky" ënnerschriwwen. Konzeptioun a Auswiel vun den Texter: Marc Limpach a Charles Meder, Uropféierung mam Eugénie Anselin am Abrëll 2021 am Kasemattentheater[2][3].

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Quell: Anne Julie Heintz an der Literatur
  2. SCHNOUKY, gekuckt den 3. Juni 2021
  3. Post-scriptum: cette pièce est trop parfaite, d'Lëtzebuerger Land, 30. Abrëll 2021