Eugénie Anselin
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Eugénie Anselin | |
---|---|
Gebuer | 1991 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller |
D'Eugénie Anselin, gebuer 1991[1] zu Paräis, ass eng franséisch Schauspillerin.
Si ass an Däitschland, an duerno zu Lëtzebuerg opgewuess. Mat 16 Joer huet si ugefaangen, hir éischt "One-woman-show" Attention chantier en cours ze schreiwen, déi ë. a. um Festival Humour pour la paix opgefouert gouf. Si huet nom Lycée op der Zürcher Hochschule der Künste Schauspill studéiert.[2]
Zënter 2009 spillt si am Theater.
Si huet an der Sitcom Weemseesdet an och an e puer Filmer matgespillt. 2015 huet si am Christophe Wagner sengem Eng nei Zäit d'Mathilde interpretéiert.
Filmographie[änneren | Quelltext änneren]
- Weemseesdet (2011) (verschidde Regisseuren)
- Mobile home (2012) vum François Pirot
- Errances (Kuerzfilm, 2013), vum Marylene Andrin
- Die dunkle Seite des Mondes (2015) vum Stephan Rick
- Eng nei Zäit (2015) vum Christophe Wagner
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Fiche op cna.public.lu.
- ↑ Fiche op imdb.com vum Jean-Paul Bissieux.