Die dunkle Seite des Mondes

Vu Wikipedia
Die dunkle Seite des Mondes
Film
Produktiounsland Däitschland
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2016
Première 14. Januar 2016
Dauer 97 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Stephan Rick
Dréibuch Stephan Rick,
Catharina Junk
Fotografie Felix Cramer,
Stefan Ciupek
Musek Gast Waltzing
Produzent Amir Hamz,
Jan Krüger
Nicolas Steil
Schauspiller
Moritz Bleibtreu als Urs Blank
Jürgen Prochnow als Pius Ott
Nora von Waldstätten als Lucille
Doris Schretzmayer als Evelyne
André M. Hennicke als Joe
Luc Feit als Wenger
Nickel Bösenberg als Konrad Geiger
Marco Lorenzini als Dr. Fluri
Sabine Rossbach als Petra Decarli
Germain Wagner als Von Berg
Eugénie Anselin als Pat
Ian T. Dickinson als Jack Taylor
Anuk Ens als Barbara
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Die dunkle Seite des Mondes ass en däitsch-lëtzeburgesche Spillfilm aus dem Joer 2016 vum Stephan Rick, nom Bestseller-Roman mam nämmlechten Numm vum Martin Suter. Den Thriller koum de 14. Januar 2016 an Däitschland an d'Kinoen, an den 28. Januar 2016 zu Lëtzebuerg.

E gouf deelweis zu Lëtzebuerg gedréint, ë. a. an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz a beim Barrage Esch-Sauer.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Urs Blank ass en Affekot am Ekonomiesberäich ouni Skrupelen. Wéi säi Geschäftspartner sech viru sengen Aen erschéisst, geréit säi Liewen aus der Bunn. Hie léiert d'Lucille kennen, déi hien dozou bréngt, halluzinogen Champignonen ze konsuméieren. Dëst bleift net ouni Suitten op seng Psyche; hie verléiert ewell all Hemmungen...

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Websäit vum Film

Referenzen[Quelltext änneren]