Op den Inhalt sprangen

Barrage Esch-Sauer

Vu Wikipedia
De Barrage zu Esch-Sauer

De Barrage Esch-Sauer steet am enken Éisleker Sauerdall op 1,2 km flossopwäerts vun der Uertschaft Esch-Sauer a faasst de Stauséi Uewersauer.

De Barrage, deen aus enger 47 m héijer Boustaumauer mat engem Krëmmungsradius vun 80 m am horizontale Plang besteet, ass tëscht 1955 an 1957 gebaut ginn, nodeem d'Lëtzebuerger Regierung am Joer 1953 d'Decisioun geholl hat, fir d'Drénkwaasserversuergung op Uewerflächewaasser zeréckzegräifen. D'Déckt vun der schmueler Konstruktioun variéiert tëscht 4,5 m um Fouss an 1,5 m op der Kroun. Iwwer déi 168 m laang Staumauer féiert eng zweespuereg 8 m breet Strooss mat engem Trottoir op all Säit, déi déi zwou Dallsäite verbënnt. Ënnen um 75 m laange Fouss ass de Barrage mat zwéi Schiberen ekipéiert.

Nieft dem primären Zil fir d'Drénkwaasserversuergung ze garantéieren, sollt de Barrage nach Fräizäitaktivitéiten, d'Produktioun vun Energie an d'Regulatioun vun der Sauer erméiglechen.

Geschichtleches

[änneren | Quelltext änneren]

En éischte Projet fir zu Esch-Sauer e Barrage ze bauen, war 1912 vum Louis Klein, deemools Direkter an der Akerbauverwaltung, opgestallt ginn.[1]

Produktioun vun Drénkwaasser

[änneren | Quelltext änneren]

An der Mëtt vum 20. Joerhonnert ass d'Demande fir Drénkwaasser, vun der Industrie a vum private Konsum gewuess, soudatt d'Offer vu Waasser, dat bis dohi gréisstendeels de Lëtzebuerger Sandstee geliwwert huet net méi grouss genuch war. 1962 gouf de Syndicat des Eaux du Barrage d'Esch-sur-Sûre, kuerz SEBES gegrënnt, mat der Missioun, fir Drénkwaasser aus dem Reservoir vun Esch-Sauer ze maachen. Éischt Konstruktiounsaarbechte vun der Statioun zu Esch-Sauer sinn 1969 ofgeschloss ginn. De SEBES konnt schliisslech am Juni vum selwechte Joer nach a Betrib geholl ginn.

D'Opbereedung vum Waasser an der Statioun Esch-Sauer duerchleeft en Traitement vu fënnef Phasen: eng Ozonisatioun, eng Koagulatioun, eng Filtratioun op Basis vu Sand, eng Entsaierung an eng Desinfektioun. Dëst Waasser, wat de strenge Qualitéitskrittäre vum Drénkwaasser entsprécht, gëtt an de Reservoir Eschduerf gepompelt a leeft vun do aus an déi verschidde Statiounen uechtert d'Land.

Fräizäitaktivitéiten

[änneren | Quelltext änneren]

Matzen am haitegen Naturpark Uewersauer implantéiert, mat ronderëm géie mat Bësch bewuessenen Häng, an enger wéineg bewunnter Regioun ouni Industrie sollt de Stauséi en touristeschen Unzéiungspunkt ginn. Staark vun hollänneschen a belsche Vakanzler besicht, bitt de Stau och dem Lëtzebuerger eng ganz Rëtsch vu Fräizäit- a Waassersportméiglechkeeten (Seegelen, Schwammen, Dauchen oder Fëschen), déi vu Lëlz u flossopwäerts erlaabt sinn. Motorboote sinn aus Waasserschutzgrënn net zougelooss. Toure mat engem Solarboot ginn ugebueden. E grousst Netz vu Wanderweeër an eenzel Plage si ronderëm de Séi ugeluecht.

Et gëtt 2 Seegelclibb um Stauséi, de Cercle Nautique de Lultzhausen an de Yacht Club du Grand-Duché de Luxembourg.

Prinzipiellen Opbau vum Staudamm a vun engem klenge Barrage

Produktioun vun Energie

[änneren | Quelltext änneren]

Am Barrage ass ënnen um Fouss eng elektresch Zentral, déi mat zwou Francis-Turbinne mat enger unitärer Leeschtung vu 6,4 MW ausstafféiert ass. Mat Hëllef vun dësen Turbinne gëtt déi potentiell Energie vun de Waasserquantitéiten am Maschinneraum vum Barrage wann Nofro do ass an elektresch Energie ëmgewandelt an un d'Enovos geliwwert.

Véier kleng Barragen hanner dem Haaptbarrage déngen dozou déi grouss Waasserquantitéiten, déi op ee Coup aus den Turbinne stréimen, opzefänken a kontrolléiert weiderfléissen ze loossen. Si hunn alleguer zwou Kaplan-Turbinnen, déi eng Leeschtung vu ronn 263 kW bréngen. D'Energieproduktioun hänkt vum Debit vun der Sauer of a variéiert sou vu Joer zu Joer a Funktioun vun den Nidderschléi. D'hydroelektresch Zentral huet am Laf vun de Joren u Bedeitung verluer.

Regulatioun vun der Sauer

[änneren | Quelltext änneren]

D'Flossbett vun der Uewersauer besteet aus geologesche Formatioune vum Devon mat kompakte wéineg poréisen a waasseronduerchlässege Schifersteng. Dësen Ënnergrond a well am Wanter wéineg Nidderschlagswaasser duerch d'Feele vun der aktiver Vegetatioun verdonst, bréngt et mat sech datt d'Sauer an där Joreszäit grouss Debite kritt. An där Hisiicht déngt de Stauséi an de Grenze vu senger Capacitéit als temporäre Baseng fir d'Debite vun der Sauer ze reegelen an Héichwaasser am ënneschte Laf ze reduzéieren.

Commons: Barrage Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Geschicht vum SES Archivéiert de(n) 17.01.2012. Gekuckt de(n) 09.08.2009.