Esch-Sauer

Vu Wikipedia
Esch-Sauer
Luxembourg Esch-sur-Sure 12 June 2011.jpg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Esch-sur-Sûre
de:Esch-Sauer
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Coat of arms esch sauer luxbrg.png Esch-Sauer
Buergermeeschter Marco Schank
Awunner 405
  1 Januar 2021; 1 Januar 2022; 1 Januar 2023
Fläch 676,2269 ha
Koordinaten 49° 54’ 41’’ N
      5° 56’ 5’’ O
Vue vum Stauséi-Uewersauer-Circuit op Esch-Sauer

Esch-Sauer (vereelzt och Esch am Lach[1]), ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Esch-Sauer am Kanton Wolz, mat 389 Awunner (Stand: Mäerz 2020)[2].

Si huet sech am Laf vun de Joerhonnerte ronderëm e Fiels am Dall vun der Sauer entwéckelt, op deem nach haut d'Ruine vun der Buerg stinn. Vun uewe gesinn huet Esch-Sauer eng Schléngeform. D'Duerf läit tëscht den Uertschafte Kauneref, Lëlz an Eschduerf.

Am Dezember 2021 huet de Magasinn GEO plus Esch-Sauer zu engem vun den 20 schéinsten Dierfer aus Europa gewielt.[3]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'éischt Kéier gëtt Esch-Sauer am Liber Aureus Epternacensis ernimmt. Do steet geschriwwen, datt e gewëssen Nebulungus seng Gidder a seng Sklaven der Iechternacher Abtei vermaach huet. Dat war am drëtte Joer vun der Herrschaft vum Karel dem Groussen, also tëscht dem 9. Oktober 773 an dem 9. Oktober 774.

Grënnung vun der Buerg Esch-Sauer[änneren | Quelltext änneren]

Am Mount Juni vum Joer 927, huet e gewësse Maingaud, seng Fra Hiltrud an hire Jong Godfrid vun der Abtei Stavelot Land, Wisen an 146 Awunner an der Uertschaft Esch krut. Op dem Bierg deen dozou gehéiert huet ass d'Buerg Esch Sauer opgeriicht ginn.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buerg Esch-Sauer.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Modern Uertschaft[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. LLU - Lexikon der Luxemburger Umgangssprache. engelmann.uni.lu. Gekuckt de(n) 25.07.2020.
  2. Composition de la population par localité. S.I.G.I. - Gescom (04.03.2020). Gekuckt de(n) 25.07.2020.
  3. Klein, aber Oho, Von Italien bis Georgien – Europas schönste Dörfer, gekuckt den 11. August 2022.