Op den Inhalt sprangen

Gemeng Esch-Sauer

Vu Wikipedia
Gemeng Esch-Sauer
déi fréier Märei zu Esch-Sauer
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Esch-sur-Sûre
de: Esch-Sauer
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Wolz
Chef-lieu Eschduerf
Buergermeeschter Laurent Hilger
Awunner 3.188
  1. Januar 2024
Fläch 5.126 ha
Héicht 282 m
Koordinaten 49° 54’ 41’’ N
      5° 56’ 5’’ O
LAU-Code LU0802
Websäit https://esch-sur-sure.lu

D'Gemeng Esch-Sauer ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Eschduerf.

D'Gemeng Esch-Sauer ass zanter 2012 mat 5.126 ha flächeméisseg déi gréisst am Kanton Wolz.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der fréierer Gemeng Esch-Sauer

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der fréierer Gemeng Heischent

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der fréierer Gemeng Néngsen

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Heischent

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Néngsen

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 1. Januar 2012 sinn d'Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen fusionéiert[2]. De Sëtz vun der neier Gemeng ass zu Eschduerf.

Beschreiwung am Originaltext:

Écartelé aux I et IV d'argent au sanglier de sable défendu d'argent, langué de gueules, arrêté derrière le tronc d'un chêne de sinople, fruité d'or, le tout sur une terrasse de sinople; au II et III burelé d'argent et de gueules.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Stand virun der Fusioun

Quell:STATEC

Stand no der Fusioun

De Gemengerot, deen aus de Gemengewale vun 2011 erausgoung, setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen, an zwar

  • 7 aus der fréierer Gemeng Heischent;
  • 3 aus der fréierer Gemeng Esch-Sauer;
  • 3 aus der fréierer Gemeng Néngsen.

Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 gouf et keng Sektioune méi an der Gemeng.

Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot vun der Gemeng Esch-Sauer eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.

Sektioun Esch-Sauer
[änneren | Quelltext änneren]

gewielt: 1. Gilles Kintzelé (535 Stëmmen), 2. Myriam Goedert (bestuet Zoetaert) (497 Stëmmen), 3. Jeannot Sanavia (381 Stëmmen), net gewielt: 4. Silvia Jeanne Kirchens (bestuet De Brouwer) (331 Stëmmen), 5. Xavier Miller (328 Stëmmen).

Sektioun Heischent
[änneren | Quelltext änneren]

gewielt: 1. Serge Zeien (648 Stëmmen), 2. Robert Everling (629 Stëmmen), 3. Christiane Ferber (bestuet Weiler) (558 Stëmmen), 4. Marc Binsfeld (529 Stëmmen), 5. Roger Origer (492 Stëmmen), 6. Yves Karier (488 Stëmmen), 7. John Sliepen (449 Stëmmen), net gewielt: 8. Georges Weyer (408 Stëmmen), 9. Romain Grethen (295 Stëmmen), 10. Nico Hottua (231 Stëmmen), 11. Peter Hundsrucker (187 Stëmmen), 12. Robert Schroeder (146 Stëmmen).

Well de Robert Everling säi Mandat am Gemengerot vun der Gemeng Esch-Sauer net ugeholl huet, ass de Georges Weyer fir hien nogeréckelt.

Sektioun Néngsen
[änneren | Quelltext änneren]

An der Sektioun Néngsen hate sech geneesou vill Kandidaten ageschriwwe wéi Plazen ze besetze waren an dofir waren déi dräi Kandidaten automatesch gewielt. Et sinn: Joël Feyerstein, Roger Lanners a Léon Rippinger.

De Schäfferot huet follgendermoossen ausgesinn:

  • Buergermeeschter: Gilles Kintzelé;
  • 1. Schäffen: Christiane Ferber (bestuet Weiler) (bis zum 31. Dezember 2014); Serge Zeien (vum 1. Januar 2015 un);
  • 2. Schäffen: Marc Binsfeld (bis zum 31. Dezember 2014); Yves Karier (vum 1. Januar 2015 un);
  • 3. Schäffen: Léon Rippinger (bis zum 31. Dezember 2014); Roger Lanners (vum 1. Januar 2015 un).

Follgend Leit sinn 2017 an de Gemengerot vun Esch-Sauer gewielt ginn: Marc Binsfeld, Romain Brimmeyer, Laurent Hilger, Annette Lutgen, Roger Origer, Franco Pereira Concalves, Jeannot Sanavia, Marco Schank a Mireille Welter (bestuet Missavage).

De Marco Schank gouf zum Buergermeeschter ernannt, déi zwéi Schäffe goufen de Franco Pereira Concalves an de Jeannot Sanavia.

2023 gouf eng éischt Kéier nom Proporz-System gewielt. D'Biergerlëscht "Mat Iech" hat 8 vun 11 Sëtz kritt a stellt domat den neie Schäfferot. Neie Buergermeeschter gouf den Éischtgewielte Laurent Hilger, Éischt Schäffin gëtt déi Drëttgewielt Jenny Schank an Zweet Schäffin déi Fënneftgewielt Mireille Welter[3].

Joer Mat Iech Fräi Lëscht
2023 8 3

Buergermeeschtere vun der Gemeng Esch-Sauer

[änneren | Quelltext änneren]
  • Peter Herman (1806 - 1807)
  • Joseph Herman (1808 - 1816)
  • Laurent-Jos Schoetter (1816 - 1825)
  • Nicolas Herman (1825 - 1836)
  • Henri Greisch (1836 - 1851)
  • Pierre Schloesser (1851 - 1859)
  • Jean-Nicolas Feider (1859 - 1861)
  • Henri Greisch (1861 - 1865)
  • André Eischen (1866 - 1878)
  • Henri Greisch (1879 - 1883)
  • Laurent-Jos Schoetter (1883 - 1901)
  • Guillaume Feider (1901 - 1913)
  • Nicolas Greisch (1913 - 1915)
  • Friederich Goedert (1915 - 1918)
  • Nicolas Greisch (1918 - 1928)
  • Guillaume Feidt (1929 - 1945)
  • Charles Huberty (1945 - 1952)
  • Ewald Demuth (1952 - 1969)
  • Jos Becker (1969 - 1980)
  • Christophe Goedert (1980 - 1982)
  • Guy Hansen (1982 - 1988)
  • Claude Thilges (1988 - 2006)
  • Gilles Kintzelé (2006 - 2017)
  • Marco Schank (2017 - 2023)
  • Laurent Hilger (Mat Iech; zanter 2023)

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Esch-Sauer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

  • Chorale Ste. Cécile Heiderscheid
  • Club des Jeunes Eschduerf-Metscheet
  • Comité Heischtermaart
  • Da Capo 96 a.s.b.l.
  • Dëschtennis Ënsber-Heischent
  • F.C. Racing Heiderscheid-Eschdorf
  • Fanfare Heiderscheid
  • Fraën a Mammen
  • Jongen a Medercher vun Heischent
  • Konschthaus "a Frantzen"
  • Les Amis du Renard
  • Pool Billard Club Heiderscheid
  • Sapeurs Pompiers Heiderscheid
  • Jugendpompjeeën Gemeng Heischent
  • Senioren Heischent
  • Spuerveräin Önner Ons
  • Syndicat d'Initiative Heiderscheid
  • Tennisclub Fuussekaul Heiderscheid
  • Turnveräin "Heischter Sprangmais"

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
De Waassertuerm zu Heischent.
Commons: Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes d'Esch-sur-Sûre, de Heiderscheid et de Neunhausen. legilux.public.lu (30.05.2011). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  3. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (2023-07-13). Gekuckt de(n) 2023-07-14.