Kräizkapell Esch-Sauer

Vu Wikipedia
Kapell vun Esch-Sauer
D'Kapell vun Esch-Sauer (2012)
D'Kapell vun Esch-Sauer (2012)
Uertschaft / Plaz Esch-Sauer
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Helleg Kräiz
Koordinaten 49° 54’ 24.9’’ N
      5° 56’ 7.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kräizkapell vun Esch-Sauer, och Lochkapell genannt, ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.

D'Kapell ass dem hellege Kräiz geweit. Se steet baussent der Uertschaft a südlecher Richtung an der Eschduerferstrooss op enger Héicht vun 330 m (NG-L). Ronderëm d'Kapell ass de Kierfecht ugeluecht. E Kräizwee aus dem 18. Joerhonnert verbënnt d'Duerf mat der Kapell. E fänkt u bei där Plaz wou déi barock Statu vum Jean-Georges Scholtus steet, déi de Johannes Nepomuk duerstellt.

Zanter dem 8. August 1955 steet d'Kapell zesumme mam Kierfecht an der Lannenallee, déi bei den Agank vum Kierfecht féiert, op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Esch-Sauer, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Esch-Sauer huet ausser der Kräizkapell och nach d'Parkierch vun Esch-Sauer an d'Schlasskapell vun der Buerg Esch-Sauer gehéiert.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell, déi zanter dem 17. Joerhonnert bekannt ass, gouf 1767 nei opgebaut. 1772 huet se eng wichteg Reliquie vum wierkleche Christuskräiz kritt. Iwwer dem Agank ass e Relief dat d'helleg Anna an d'Maria duerstellt.

D'Miwwel bestinn haut aus engem Christus um Kräiz, ëmgi vun den zwéin Déif am spéitgotesche Stil an e puer Statue vum Sculpteur Michel Weiler.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kräizkapell Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 2. Mee 2023).