Par Öewersauer Saint-Pirmin
D'Par Öewersauer Saint-Pirmin ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Norden an ersetzt déi 14 fréier Pare Béiwen, Bauschelt, Dol, Dénkert-Meecher, Esch-Sauer, Eschduerf, Géisdref, Harel, Heischent, Ënsber, Kauneref, Sir, Toodler an Eeschpelt.
D'Par erstreckt sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdref an der Stauséigemeng.
De Patréiner vun der Par ass den hellege Pirmin.
D'Parkierch ass d'Kierch vun Eschduerf.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg