Gemeng Bauschelt

Vu Wikipedia
Gemeng Bauschelt
d'Märei vu Bauschelt
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Boulaide
de: Bauschleiden
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Wolz
Chef-lieu Bauschelt
Buergermeeschter Jeff Gangler
Awunner 1.499
  1. Januar 2023
Fläch 3.213 ha
Héicht 462 m
Koordinaten 49° 53’ 15’’ N
      05° 48’ 56’’ O
LAU-Code LU0801
Websäit https://www.boulaide.lu

D'Gemeng Bauschelt ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bauschelt vun där se och hiren Numm huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

An der Bauschelter Gemeng läit dee westlechste Punkt vum Land bei der Gossemaark LB183, westlech vu Sir, am Saak genannte Bësch[1].

Koordinate vum westlechste Punkt: 49° 53’ 48.8’’ N 5° 44’ 08.5’’ O

Uertschaften an der Gemeng[2][änneren | Quelltext änneren]

Ausserdeem gehéieren nach zu der Gemeng Bauschelt follgend Lieu-diten:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Coupé de sinople à trois chausse-trappes d'or mises en fasce et d'azur à une rose d'or feuillée de sinople, à une divise ondée d'argent brochant sur la partition.
D.C. 17. Juli 1986 - A.M. 3. Februar 187 - Mémorial B 1987, Säit 394 - Projet: Marcel Lenertz 1986
De gréngen Email an déi gëlle Kréieféiss kommen aus dem Wope vun den Häre vu Lossich deene Surré an d'Meierei Bauschelt gehéiert huet. De bloen Email an déi gëlle Rous komme vum Wope vun der Areler Schäffefamill Busleyden déi vu Bauschelt koumen. De gewellte sëlwer Email soll d'Sauer duerstellen déi duerch d'Gemeng leeft.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • 1844-1879: Jean Reding
  • 1879-1918: Jean-Pierre Derneden
  • 1918-1935: Nicolas Meyers
  • 1935-1946: Nicolas Brachmond
  • 1946-1968: Emile Jacques
  • 1968-1976: Nicolas Schockmel
  • 1976-2005: Pierre Blasius
  • 2005-2021[3]: René Daubenfeld
  • zanter September 2021: Jeff Gangler[4],[5]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Bauschelt ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bauschelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Claude Karger, Im tiefsten Westen. www.journal.lu Gearchiveerd op 2020-07-24. Gekuckt de(n) 24.07.2020.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. "De René Daubenfeld huet e Méindeg als Buergermeeschter demissionéiert." rtl.lu, 21.07.2021.
  4. Assermentation du nouveau bourgmestre et d'un nouvel échevin de la commune de Boulaide. mint.gouvernement.lu (2021-09-09). Gekuckt de(n) 2021-09-10.
  5. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 04.07.2023.