Op den Inhalt sprangen

Kierch Bauschelt

Vu Wikipedia
Kierch vu Bauschelt
Filialkierch vu Bauschelt (2015)

Filialkierch vu Bauschelt (2015)
Filialkierch vu Bauschelt (2015)
Uertschaft / Plaz Bauschelt
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Häerz Jesu
Koordinaten 49° 53’ 13.0’’ N
      05° 48’ 52.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Bauschelt ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Bauschelt gehéiert.

D'Kierch ass grad wéi déi vu Baschelt dem Häerz Jesu (Sacré Coeur) geweit.

Se steet zentral an der Uertschaft op der rue du Curé, dem CR310.

D'Par vu Bauschelt war eng vun den eelsten am Éislek a goung bis op d'Karolengerzäit zeréck. Zur fréierer Par hunn ausser Bauschelt a Baschelt bis d'9. Joerhonnert och nach Harel gehéiert, bis d'11. Joerhonnert och nach Sir, bis d'14. Joerhonnert och nach Tënnen (Tintange, B), bis d'17. Joerhonnert och nach Bärel a bis 1805 och nach Béiwen.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Bauschelter Kierch d'Parkierch vun der Par Bauschelt. Zur fréierer Par Bauschelt huet ausser der Parkierch vu Bauschelt och nach d'Filialkierch vu Baschelt gehéiert.

D'Patronatsrecht vun der Abtei St. Hubert iwwer d'Kierch vum hellege Lambertuy zu Builaidas gouf 817 vum Bëschof Walcond vu Léck bestätegt. 1038 ass d'Patronatsrecht un Abtei Stavelot iwwergaang. D'Häre vu Busleyden haten am 15. Joerhonnert d'Patronatsrecht a se hunn, zesumme mat engem Schlass, eng Kapell baue gelooss op där Plaz wou déi haiteg Kierch steet.

Ënner dem Paschtouer Nikolaus Liffrange gouf déi zur Parkierch vergréissert Kapell de 15. Juni 1714 vum Weihbëschof vu Léck, dem Ludwig Franz Rossius von Liboy, konsekréiert. No enger zweeter Vergréisserung gouf d'Kierch am August 1866 vum Bëschof Adames zu Éiere vum Häerz Jesu geweit.

1947 huet d'Kierch eng nei Klack kritt, zur Erënnerung un d'Befreiung vum 27. Dezember 1944 an als Merci datt et bei der Ardennenoffensiv keng Affer ënner der Zivilbevëlkerung gouf.

Den Altor an d'Statuen an der Kierch si vum Jean-Georges Scholtus vu Baaschtnech.

D'Uergel, gebaut am Joer 1900 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid, steet zanter Dezember 2001 op der Lëscht vun de Monuments classés.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Bauschelt.

Paschtéier vu Bauschelt

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1579: Everhard Wampach
  • 1636 - 1675: Willibrord Wisenbach
  • 1676 - 1690: Andreas Hosinger
  • 1690 - 1740: Nicolaus Liffrange
  • 1740 - 1767: Ludwig de Machuray
  • 1768 - 1801: Peter Knepper
  • 1801 - 1807: J.H. Reding
  • 1807 - 1809: Corneille Derenbach
  • 1809 - 1818: Peter Sonntag
  • 1818 - 1848: Nic. Jos. Heinen
  • 1848 - 1864: Math. Kuborn
  • 1864 - 1884: Nicolaus Kneip
  • 1884 - 1887: Petrus Thill
  • 1887 - 1906: Petrus Trausch
  • 1906 - 1915: J. Bonaav. Jentgen
  • 1915 - 1923: Nicolaus Boss
  • 1923 - 1931: J.B. Hoffmann
  • 1931 - 1935: Jos. Sales
  • 1935 - 1969: Albert Wagner
  • 1969 - 1971: Roger Kayser
  • 1971 - 1976: Camille Juncker
  • 1976 - 1994: Paul Metz
  • 1995 -: Pierre Remy
Commons: Kierch Bauschelt – Biller, Videoen oder Audiodateien