Karolenger

Vu Wikipedia
Stammbam vun de Karolenger
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

Den Numm Karolenger geet zeréck op de fränkeschen Hausmeier Karl Martell a bezeechent en Herrschergeschlecht vun de Franken. D'Virfare vun de Karolenger sinn den Arnulf vu Metz aus dem Geschlecht vun den Arnulfinger an de Pippin den Eeleren aus dem Geschlecht vun de Pippiniden. D'Karolenger waren zanter 639 mat Ënnerbriechungen, am Frankeräich un der Muecht, allerdéngs net als Kinneken (déi iwwer ee Joerhonnert laang d'Merowenger waren), mä als Hausmeier. Bis an d'Mëtt vum 8. Joerhonnert konnten se hir Muecht sou wäit ausbauen, datt kee merowengesche Kinnek, deen dëst nach just pro forma war, hinne konnt d'Waasser reechen.

De Pippin de Jonken (Pépin le Bref), deen déi effektiv Muecht ausgeüübt huet an dofir selwer Kinnek wollt ginn, deen awer net aus der kinneklecher Sipp oder Groussfamill war, huet déi al heednesch Opfaassung vum Sippenheil iergendwéi mussen iwwerwannen: no dëser Opfaassung konnt nëmmen een aus der Kinneksfamill d'Vollek glécklech am Fridde wéi am Krich uféieren. D'Léisung koum vu Roum, wou am Ëmfeld vum Poopst d'Theorie vum Gottesgnadentum (grâce de Dieu) erfonnt gouf, eng Theorie déi bei de Franken, déi sech zanter dem Chlodwig senger Daf zum Katholizismus bekannt hunn, gutt ukoum. Mat der Ënnerstëtzung vum Poopst konnt de Pippin deemno 751 vum fränkeschen Adel a vum Vollek zum Kinnek vun de Franken acclaméiert ginn. Dee bekanntste Vertrieder vun der Dynastie vun de Karolenger, de Karel de Groussen, Jong vum Pippin dem Jonken, gëllt als den Erneierer vum réimesche Keesertum am Westen (Renovatio Imperii), nodeems de Poopst Leo III. hien, e wéineg iwwerraschend, wärend engem Openthalt zu Roum, de 25. Dezember 800 zum Keeser gesalbt a gekréint huet. D'Iddi, de Karel zum Keeser ze maache, koum natierlech aus dem kierchleche Milieu. De Karel de Groussen, dee säin Numm knapps schreiwe konnt, hat vu réimescher Traditioun a vu politeschen Institutioune keng Anung...

Nom Karel dem Grousse gouf 814 de Louis de Fromme Keeser, well dem Karel seng eeler Jongen, de Karel de Jonken an de Pippin de Bocklege scho virun him gestuerwe waren. Mä nach zum Louis dem Fromme senge Liefzäiten hunn deem seng Jongen, de Lothar I., Ludwig II., Pippin a Charles II. „de Plakkapp“ a verschiddene Koalitioune sech géint hire Papp erhuewen a sech géigesäiteg bekämpft, woubäi allerdéngs de Rang vum Keeser, deen de Lothar zanter 817 als Matkeeser vu sengem Papp hat, ni a Fro gestallt gouf.

843 hu sech déi dräi Bridder, déi iwwerlieft haten, nämlech de Lothar I., de Ludwig II. an de Charles II. am Traité vu Verdun gëeenegt, hir Herrschaft (awer net d'Räich) ze deelen. Am Traité vu Meerssen gouf d'Herrschaft 870 tëscht dem Charles II. an dem Ludwig II. op en Neits gedeelt, nodeem dem Lothar seng Jongen ouni Ierwe gestuerwe waren.

De Charles III. „den Décken“, Kinnek vun Ostfranken, huet 885 fir kuerz Zäit déi zwéin Deeler vu Franke gëeent. No him koumen nach als Keeser den Arnulf vu Kärnten an de Louis III. „de Blannen“. Duerno sinn d'Karolenger als Keesergeschlecht ausgestuerwen, fir d'éischt am Osten a wéineg méi spéit och am Westen.

D'Geschlecht vun de Karolenger huet an ënnerschiddleche Konstellatioune West- a Mëtteleuropa bis 987 beherrscht an hat e groussen Afloss op déi fréimëttelalterlech Welt. Sou kann den Traité vu Verdun (843) als Ausgangspunkt ugesi ginn, bei deem Frankräich an Däitschland als Länner entstane sinn. Dozou muss een awer bemierken, datt Frankräich, wéinst senger Heterogeenitéit (Gallo-Réimer, germanesch Vëlkerschaften, asw.) ëmmer duerch eng staark Hand, also zentralistesch huet missen zesummegehalen a geféiert ginn; an Däitschland awer, wou nëmme germanesch Stämm (Sachsen, Franken, Schwoben, Bayeren ...) nieftenee gelieft hunn, konnt sech fréi eng federativ oder dezentral Struktur vun der Herrschaftsausübung behaapten, déi bis haut nowierkt.

Wéi déi ostfränkesch Linn 911 mam Louis dem Kand ausgestuerwen ass, sinn d'Ottonen nokomm. Am Westfrankeräich waren nach bis 987 Karolenger un der Muecht, duerno sinn d'Kapetenger drukomm.

D'Stilepoch an der Architektur vun där Zäit, eng Form vu Virromanik, gëtt „karolengesche Baustil“ genannt.

Hausmeier a Kinneken, respektiv Keeseren am Frankeräich[änneren | Quelltext änneren]

Pippinidesch a Karolengesch Hausmeier[änneren | Quelltext änneren]

Karolengesch Kinneken[änneren | Quelltext änneren]

Karolengesch Keeseren[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vum Ostfrankeräich[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vun Italien[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vu Lotharingien[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vum Westfrankeräich[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vun der Aquitaine[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vun der Ënneschter Bourgogne[änneren | Quelltext änneren]

Herzoge vun Nidderloutrengen[änneren | Quelltext änneren]

Soss Herrscher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Riché, Les Carolingiens - Une famille qui fit l'Europe; Paräis (Hachette), 1983; 438 S.; ISBN 2.01.0097378.9
  • Louis Halphen, Charlemagne et l'Empire carolingien; Paräis, 1947 (1968 -> 2. Editioun).
  • Hans Hubert Anton, Fürstenspiegel und Herrscherethos in der Karolingerzeit; Bonn (Röhrscheid), 1968, 462 S.
  • Pierre Riché, Dictionnaire des Francs, Bd. 2: Les Carolingiens; Paräis (éd. Bartillat), 1997; ISBN 2841001253
  • Rosamond MacKitterick, The Frankish Kings and Culture in the Early Middle Ages; Aldershot (Variorum), 1995; ISBN 0-86078-458-4
  • Rosamond MacKitterick, The Carolingians and the Written Word; Cambridge, 1989; 290 S.; ISBN 0-521-30539-X, 0-521-31565-4
  • Walter Mohr, Die Karolingische Reichsidee; Münster, 1962; 243 S.
  • Arno Borst: Die karolingische Kalenderreform (= Monumenta Germaniae Historica, Band 46); Hannover, 1998; ISBN 3775254463
  • Rudolf Schieffer: Die Karolinger; Stuttgart, 2006 (= 4. Oplo); ISBN 3-17-019099-7
  • Reinhold Andert: Thüringen und Sachsen unter den Karolingern; in: Der fränkische Reiter; Leipzig (Dingsda-Verlag Querfurt), 2006; ISBN 3-928498-92-4

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frankish kings – Biller, Videoen oder Audiodateien