Pippin de Jonken

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Dësen Text ass nach nëmmen een éischte Worf. Munches muss nach iwwerschafft oder preziséiert ginn! Merci fir kompetent Zesummenaarbecht!

Pippin de Jonken (Fantasiebild aus dem Joer 1837 vum Louis-Félix Amiel (1802–1864).

Pippin de Jonken, Pippin III., lat. Pippinus Minor, frans. Pépin III, Pépin le Bref, deemno och "de Kuerze" genannt, gebuer 714; gestuerwen 24. September 768, war e fränkeschen Hausmeier, méi spéit Kinnek vun de Franken (751-768). Hie war de Jong vum Karl Martell a Papp vum Karel de Groussen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Pippin gouf 714 als zweete Jong vum Karl Martell zu Jupille gebuer a gouf am Klouschter vu Saint-Denis opgezillt.

Kuerz viru sengem Doud 741 huet de Karl Martell "säi" Räich (hie war nämlech Hausmeier, an net Kinnek) tëscht senge Jongen aus engem éischte Bestietnes, dem Karlmann an dem Pippin, opgedeelt. De Karlmann krut Austrien, Alemannien an Thüringen, de Pippin Neustrien, d'Bourgogne an d'Provence. Hiren Hallefbrudder, de Grifo war net frou doriwwer, datt en iwwergaange gi wier, an huet en Opstand gemaach; e gouf doropshin an e Kloouschter gespaart. Et schéngt, datt hir Muecht net grad stabill war, well 743 hunn de Karlmann an de Pippin op en Neits e merowengesche Kinnek, de Childerich III., agesat[a wéi soll dat da gaange sinn?], fir datt hiert Amt als Hausmeier eng kinneklech Legitimatioun hätt. 747 huet de Karlmann seng Länner dem Pippin ginn (op fräiwëlleg oder "fräiwëlleg gezwongen", ass net kloer) an huet sech[gläichzäiteg op zwou Plazen?] an d'Kléischter Monte Soracte a Monte Cassino zréckgezunn. Nees eng Kéier huet de Grifo ramouert[an?].

De Pippin war drop aus, nom Titel vum Hausmeier och dee vum Kinnek ze kréien. De facto haten d'karolengesch Hausmeiere jo schonn d'Muecht am Räich. D'merowengesch Kinneke ware just nach dem Numm no Herrscher.

Hien huet de Poopst op seng Säit kënnen zéien[dat muss onbedéngt erkläert ginn!], a sou huet hie sech am November 751 duech eng Assemblée vun de Franken zu Soissons, zum Kinnek (Rex Francorum) ausruffe gelooss. De Childerich III. a säi Jong Theoderich goufen an d'Klouschter Prüm geschéckt, woumat dann och d'Merowengerherrschaft um Enn war. Vun elo u waren d'Karolenger am Frankeräich un der Muecht.

Wéi 754 de Poopst Etienne II. a Frankräiich war, fir virun de Langobarden a Sécherheet ze sinn, huet en den 28. Juli 754 de Pippin, mat senge Jonge Karlmann a Karl an der Basilika Saint-Denis gekréint.

753 a 757 huet de Pippin géint d'Sachsen a géint d'Sarazeene Krich gefouert. 760-768 ass en e puermol géint de Waifar vun der Aquitaine an d'Feld gezunn. 757 huet en den Herzog Tassilo III. vu Bayern dozou gezwonge kritt, de Vasalleneed[gouf et dat dee moment schonn?] op hien ofzeleeën.

Viru sengem Doud huet de Pippin d'Räich tëscht sengen zwee Jonge Karel (747-814), spéider de Grousse genannt, a Karlmann I. (751-771) opgedeelt. Hien ass de 24. September 768 zu Paräis gestuerwen a gouf an der Basilika vu Saint-Denis begruewen.

Vu senger Fra Bertrada der Jonker hat en ausser dem Karl an dem Karlmann nach véier weider Kanner:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erich Caspar: Pippin und die römische Kirche. Kritische Untersuchungen zum fränkisch-päpstlichen Bunde im 8. Jahrhundert. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 1973, ISBN 3-534-05699-X (Repr. d. Ausg. Berlin 1914).
  • Heinrich Hahn: Jahrbücher des fränkischen Reichs. 741-752. Duncker & Humblot, Berlin 1975, ISBN 3-428-03365-5 (Repr. d. Ausg. Leipz. 1863).
  • Ludwig Oelsner: Jahrbücher des fränkischen Reichs unter König Pippin. Duncker & Humblot, Berlin 1871.
  • Walter Mohr: Fränkische Kirche und Papsttum zwischen Karlmann und Pippin. Gesellschaft für bildendes Schrifttum, Saarbrücken 1966.
  • Reinhold Rau: Quellen zur karolingischen Reichsgeschichte = Fontes ad historiam regni Francorum aevi Karolini illustrandam. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 1987, ISBN 3-534-06963-3.
  • Rudolf Schieffer: Die Karolinger. Kohlhammer, Stuttgart u.a. 2006, ISBN 3-17-019099-7.
  • Bernhard Schneider: Das Frankenreich, 4. überarbeitete und erneuerte Aufl., München 2001.
  • Hans K. Schulze: Das Reich und die Deutschen. Vom Reich der Franken zum Land der Deutschen: Merowinger und Karolinger, Berlin 1987.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pippin de Jonken – Biller, Videoen oder Audiodateien