Merowenger

Vu Wikipedia
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

Als Merowenger gëtt déi éischt Kinneksdynastie vun de Franken a Gallien genannt (482-751).

Se gouf vum Chlodwig I. (482-511) gegrënnt, nodeem hien all déi aner fränkesch Kinneken, déi et bis dohin nach a Gallien gouf, eliminéiert hat. Duerch seng Daf ëm 500 (de geneeën Datum ass ëmstridden), war hien deen éischte germanesche Kinnek, deen net méi "arianesch", mä kathoulesch gedeeft gouf, wouduerch hien der selwechter Konfessioun ugehéiert huet, wéi bal all d'gallo-réimesch Bewunner vu Gallien. Dee Schrëtt, deen definitiv och eng gewësse politesch Zesummenaarbecht mam Bëschof vu Roum, d. h. mam Kapp vun der réimesch-kathoulescher Kierch, mat sech bruecht huet, huet d'Integratioun vun de Germanen an d'Mass vun de Gallo-Réimer erliichtert an ass ee vun de Grënn, firwat d'Merowengerräich, am Géigesaz zu allen anere germanesche Räicher vun der Zäit no der Vëlkerwanderung, sech iwwer d'Karolenger (751-987) bis wäit an d'Mëttelalter als Frankeräich a schliisslech als Frankräich (vun 987 un) gehalen huet.

Dee leschte Merowenger, de Childerich III., gouf 751 vum Pippin dem Mëttelsten ofgesat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ferdinand Lot, La fin du monde antique et le début du Moyen Âge; Paräis (Albin Michel, collection 'L'évolution de l'humanité'), 1968 (ee Klassiker, dee stänneg nei opgeluecht gëtt).
  • Eugen Ewig, Spätantikes und fränkisches Gallien; München (Artemis), 1976-1979 (2 Bänn, erausgi vum Hartmut Atsma).
  • Alfried Wieczorek, Patrick Périn, Karin von Welck, Wilfried Menghin (Hg.): Die Franken, Wegbereiter Europas. 5. bis 8. Jahrhundert n. Chr., Bd. 2, Paris - Berlin 1997 (Äusstellungskatalog)
  • Hans-Werner Goetz: Europa im frühen Mittelalter 500-1050 (Handbuch der Geschichte Europas 2), Stuttgart 2003
  • Kaiser, Reinhold: Das römische Erbe und das Merowingerreich (Enzyklopädie deutscher Geschichte 26), München3 2004
  • Patrick J. Geary: Before France and Germany. The Creation and Transformation of the Merovingian World, New York - Oxford 1988 (dt. Die Merowinger. Europa vor Karl dem Großen, München 1996)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Merowenger – Biller, Videoen oder Audiodateien