Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Soldier svg.svg Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
No der Liberatioun goufen d'Nazikollaborateuren zu Lëtzebuerg vun der Miliz festgeholl.
Geschicht vu Lëtzebuerg
Flag of Luxembourg.svg Portal:Lëtzebuerg

Eng Kollaboratioun mat Nazidäitschland gouf et zu Lëtzebuerg grad sou gutt wéi an deenen anere Länner, déi vum Drëtte Räich an der Zäit vum Zweete Weltkrich besat waren. Si war allerdéngs vun der Zuel hier begrenzt.

Mëtt 1945 souze 5.101 Lëtzebuerger, dorënner 2.857 Männer an 2.244 Fraen, dat waren 1,79 Prozent vun der Bevëlkerung, wéinst hirer politescher Aktivitéit am Prisong. 12 Kollaborateure goufen zum Doud veruerteelt an am Kasärenhaff, respektiv um Schéissstand am Reckendall, erschoss, 249 goufen zu Zwangsaarbecht veruerteelt, 1366 zu Prisongs- a 645 zu Zuchthausstroofen. Ronn 0,80 Prozent vun der Bevëlkerung goufen also geriichtlech bestrooft.

Dobäi war een eenzege fréiere Minister, de Staatsminister Pierre Prüm, deen 1946 zu véier Joer Prisong veruerteelt gouf. Op d'mannst ee Buergermeeschter gouf wéinst politeschen Aktivitéiten de 4. Abrëll 1945 duerch Arrêté grand-ducal ofgesat.[1]

Ausser fir hir politesch Aktivitéit, hate si sech och fir hir Aktioune géint Judden, de Verrot vu verstoppten Zwangsrekrutéiert a fir d'Bespëtzelung vun der Lëtzebuerger Populatioun ze veräntweren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Destitution du bourgmestre de la commune de Rodenbourg, Memorial A N°17 vun 1945.
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.