Jacques Maas

Vu Wikipedia
Jacques Maas
Gebuer 7. Abrëll 1957
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Jacques Maas, gebuer de 7. Abrëll 1957, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch (A classique, 1976) huet de Jacques Maas am Centre universitaire de Luxembourg, op der Universitéit vu Stroossbuerg (Strasbourg II) an op der Universitéit vu Paräis (Paris X) Geschicht studéiert. An der Aarbecht fir seng Maîtrise (1980) huet hie sech mam Antiklerikalismus am Grand-Duché tëscht 1839 an 1848 beschäftegt, an a senger DEA-Aarbecht (1981) huet hien d'Roll vun de Schmelzhären am politesche Liewe vum Lëtzebuerger Land (1857-1914) ënner d'Lupp geholl. Am Kader vu sengem Stage pédagogique, deen en an der Handwierkerschoul an am Stater Jongelycée gemaach huet, huet hien nach eng gréisser Aarbecht (1983) ënner dem Titel L'évolution des forces politiques libérales au tournant des 19e et 20e siècles (de la loi scolaire de 1898 à la constitution du Bloc des Gauches en 1908), geschriwwen.

No enger éischter Plaz am LTB gouf hien 2002 an de Stater Kolléisch mutéiert. 2017 gouf en deelweis bei de Fonds Belval detachéiert (Geschicht vun der Siderurgie); an zënter September 2018 ass en, nieft dem Fonds Belval, nach als Research assistant beim Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History vun der Uni Lëtzebuerg beschäftegt.

Nieft dem Enseignement ass de Jacques Maas - ë. a. als wëssenschaftleche Mataarbechter vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven - an der Geschichtsfuerschung engagéiert, besonnesch an de Beräicher Industriegeschicht, Zweete Weltkrich, national Identitéit, politescht Liewen, Syndikalismus, Geschichtsschreiwung a Schoul.

Hien ass bestuet a wunnt zu Ueschdref.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • La signification politique de la loi scolaire de 1898 ; in: Galerie 4 (1986), Nr. 3, Ss. 355-368.
  • La question scolaire au Grand-Duché de Luxembourg ; in: Le choc des libertés - L'Église en Luxembourg de Pie VII à Léon XIII (1800-1880) ; Baastnech (Musée en Piconrue), 2001.
  • Eine adelige Hüttenherrendynastie aus Lothringen. Die Maîtres de Forges de Wendel und ihr gesellschaftlich-wirtschaftliches Beziehungsgeflecht (18. - 20. Jahrhundert); in: Manfred Rasch & Peter K. Weber (Herausgeber), Europäischer Adel als Unternehmer im Industriezeitalter; Vereinigte Adelsarchive im Rheinland e.V. - Schriften 5; Essen (Klartext Verlag), 2017; Ss. 89-113. ISBN 978-3-8375-1740-8
  • August Thyssen und die luxemburgische Minenkonzessionsaffäre von 1912 ; in: 900 Jahre Mülheim an der Ruhr ; Mülheim a. d. Ruhr, Geschichtsverein, 1993 (= Zeitschrift des Geschichtsvereins Mülheim a. d. Ruhr ; Nr. 66/1993); Ss. 433-466.
  • La participation d'ingénieurs luxembourgeois à l'industrialisation de la Russie tsariste; in: Tageblatt, Ausgab vum 11. November 1995.
  • La participation des intérêts belges à l'industrie sidérurgique luxembourgeoise et sarroise (1860-1914) ; in: Wandlungen der Eisenindustrie vom 16. Jahrhundert bis 1960 / Mutations de la sidérurgie du XVIe siècle à 1960 ; 'Colloque international aux Facultés universitaires Notre-Dame de Namur', erausgi vum Hans-Walter Herrmann a vum Paul Wynants; Namur, 1997; Ss. 333-351.
  • Rails et poutrelles, bombes et luttes sociales. L'usine sidérurgique de Dudelange à l'époque de la Première Guerre mondiale; in: Mutations - Mémoires et perspectives du bassin minier, Nr. 10 / Lëtzebuerg, (Dezember) 2018: Être d'ailleurs en temps de guerre (1914-1918) - Étrangers à Dudelange, Dudelangeois à l'étranger; Ss. 13-28. - ISSN 2078-7634.
  • L'identité nationale luxembourgeoise: enjeux idéologiques et politiques dans la société de la première moitié du 20e siècle ; in: Les courants politiques et la Résistance: Continuités ou ruptures? ; Lëtzebuerg, Nationalarchiv, 2003; Ss. 16-36.
  • Le groupe sidérurgique ARBED face à l'hégémonie nazie - Collaboration ou résistance? ; in: Collaboration: Nazification? - Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise ; 'Actes du Colloque international au C.C.R.A. de Neumünster (mai 2006)'; Lëtzebuerg, Nationalarchiv, [ouni Datum]; Ss. 340-373.
  • Le patronat de la sidérurgie et l'espace lorrain-luxembourgeois à l'époque du Zollverein (1879-1918); in: François Roth (sous la direction de), Lorraine, Luxembourg et Pays wallons - Mille ans d'histoire; erausgi vum Comité d'histoire régionale; publizéiert an den Annales de l'Est, numéro spécial, 2008; Ss. 233-250.
  • Zwischen Kooperation und Konfrontation: Deutsche und luxemburgische Hüttenunternehmen und die Einführung des Thomas-Verfahrens in der luxemburgischen Eisenindustrie; in: Manfred Rasch & Jacques Maas (Hrsg.), in Verbindung mit Manfred Toncourt, Das Thomas-Verfahren in Europa: Entstehung - Entwicklung - Ende; Essen (Verlag Klartext), 2009; 552 S.; fir dem J. Maas säin Artikel, vgl. Ss. 133-169!
  • L'usine sidérurgique de Dommeldange, une forge pionnière aux portes de la ville de Luxembourg; in: ons stad, Nr. 123 (Mee 2021); Ss. 45-50 (ill.).
  • La révolution de 1848 n'a pas eu lieu - L'historiographie de tradition orangiste et l'oeuvre d'Albert Calmes ; in: forum (Lëtzebuerg), Nr. 185 (Juli 1998); Ss. 52-53.
  • Ziele und Inhalte des Geschichtsunterrichts in Luxemburg (1815-1914) ; in: Schule und Identitätsbildung in der Region Saar-Lor-Lux / Enseignement scolaire et formation d'identités collectives dans l'espace Sar-Lor-Lux ; erausgi vum Rolf Wittenbrock mam Gérard Michaux a mam Paul Dostert; Saarbrécken, 1994; Ss. 25-44.
  • (mam Ben Fayot, mam Serge Hoffmann a mam Raymond Steil) 100 Joër sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber - Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés ; Lëtzebuerg, 'Édition La Mémoire Socialiste', 1997. ISBN 2-919908-00-6 (171 Säiten).
  • De l'ère des pionniers du syndicalisme ouvrier à la constitution d'un grand syndicat libre et unifié (fin du XIXe siècle - 1920); in: Frédéric Krier, Jacques Maas, Arnaud Sauer an Denis Scuto (Koordinatioun), 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Contributions à l'histoire du mouvement syndical luxembourgeois; Esch-Uelzecht (erausgi vum OGB-L, an Zësummenaarbecht mat den Éditions Le Phare), [Okt.] 2016; Ss. 15-46 (ill.).
  • Das Escher Tageblatt in der Ära des Linksblocks (1913-1916) ; in: Tageblatt, Serie Un journal dans son siècle; Ausgab vum 17. Juni 2013; Ss. 17-18 (ill.).
  • Émile Mark, figure de proue du Bloc des Gauches - Le contexte général des luttes idéologiques au tournant des 19e et 20e siècles ; in: Galerie 28 (2010), Nr. 2; Ss. 199 - 207 (Bibliogr.) [ = eng vun de Kontributiounen zum Colloque zu Déifferdeng, de 4. Juni 2010, iwwer Liewen a Wierk vum Émile Mark ].
  • Michel Welter - L'ami du peuple; in: Galerie - Revue culturelle et pédagogique, 33 (2015), Nr. 1; Ss. 38-46 (den Text ass integral op Lëtzebuergesch).
  • Johann der Blinde, emblematische Heldengestalt des luxemburgischen Nationalbewusstseins im 19. und im 20. Jahrhundert ; in: Johann der Blinde - Graf von Luxemburg, König von Böhmen (1296-1346) ; Tagungsband der '9es Journées lotharingiennes', 22.-26. Oktober 1996, 'Centre universitaire de Luxembourg'; erausgi vum Michel Pauly; 'Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg', Bd. CXV & 'Publications du CLUDEM', Bd. 14; Lëtzebuerg, 1997; Ss. 597-622.