Raymond Steil

Vu Wikipedia
Raymond Steil
Gebuer 13. Dezember 1954
Aktivitéit Professer, Historiker

De Raymond Steil, gebuer den 13. Dezember 1954, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.

Am Kader vu sengem dräijärege Stage pédagogique, deen hien zum Deel am Lycée Michel-Rodange an der Stad gemaach huet (1982-1984), huet de Raymond Steil 1983 eng wëssenschaftlech Dissertatioun vun 234 Säiten iwwer d'Konsequenze vun der Revolutioun vun 1848 op d'Entstoe vun engem lëtzebuergeschen Nationalbewosstsinn geschriwwen a verdeedegt (spéider deelweis publizéiert).

De Raymond Steil ass besonnesch an der Fuerschung iwwer d'Aarbechterbeweegung zu Lëtzebuerg engagéiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Einer für Alle, Alle für Einen! Der Deutsche Metall-Arbeiter-Verband in Luxemburg (1904-1918); in: (Kollektiv), 75 Joër fräi Gewerkschaften - Contributions à l'histoire du mouvement syndical luxembourgeois / Beiträge zur Geschichte der luxemburgischen Gewerkschaftsbewegung; Esch-Uelzecht (OGB-L), 1992; Ss. 103-139.
  • Der Luxemburger Metallarbeiter-Verband (1916-1920); in: 75 Joër fräi Gewerkschaften (...); Ss. 141-183.
  • Industrielle Revolution und Arbeiterbewegung in Hollerich; in: 75 Joër fräi Gewerkschaften (...).
  • La classe ouvrière luxembourgeoise dans la révolution de 1848; in: Tageblatt, 1993, Nr. 78 (= 3. & 4. Abrëll 1993); Ss. 17-19 (ill.).
  • (mam Ben Fayot, Serge Hoffmann a Jacques Maas) 100 Joër sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Châmber - Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés; Lëtzebuerg (Édition La Mémoire Socialiste), 1997; 171 S. (ill.); ISBN 2-91990-00-6