Lycée technique de Bonnevoie

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Lycée technique de Bonnevoie, kuerz LTB, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaireschoul an der Stad Lëtzebuerg, déi am Quartier Bouneweg-Süd läit.

De Lycée Technique de Bonnevoie (2008)

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Eng Annexe vum Centre d'enseignement professionnel de Luxembourg zu Lëtzebuerg-Verluerekascht (Stad Lëtzebuerg) ass duerch ministeriellen Arrêté vum 5. Mäerz 1975 an d'Liewe geruff ginn. Dës Annexe gouf an de Gebaier vun der A.s.b.l. Institut Sainte-Anne installéiert. De Lëtzebuerger Staat hat dës Gebaier am Ufank gelount, huet se awer duerno kaaft, deelweis emgeännert an erweidert.

Et huet sech erausgestallt, datt déi Infrastrukturen net adaptéiert waren, fir eng ëmmer méi grouss Zuel vu Schüler ënnerzekréien.

Duerch e Gesetz vum 2. Dezember 1983 gouf e fënneften technesche Lycée um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg an d'Liewe geruff. Dee krut duerch groussherzoglecht Reglement vum 15. Februar 1984 den Numm "Lycée Technique de Bonnevoie".

D'Regierung krut duerch d'Gesetz vum 22. Juni 1984 d'Erlaabnes fir en technesche Lycée zu Bouneweg ze bauen. 1989 gouf dësen ageweit.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • Fred Sunnen
  • Jean-Pierre Juttel (bis 2007)
  • Jean-Marie Wirtgen (vun 2007 bis September 2017)
  • Carole Theisen (zanter dem 10. November 2017)

Sous-Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

fréier

  • Jean-Marie Wirtgen
  • Georges Beck
  • Eugène Thill
  • Marc Bonvini
  • Carole Theisen (2012-2017)

aktuell

  • Tessy Petro (zanter 2014)
  • Géraldine Haller (zanter 2015)
  • Pascale Strauss (zanter 2017)
  • Tom Raths (zanter Januar 2018)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]