Association sans but lucratif

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Icon Hinweis Rechtsthemen.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Eng Association sans but lucratif (ofgekierzt a.s.b.l.) ass eng Vereenegung vu Leit, déi sech fir en Zweck zesumme fannen, deen alles ka sinn ausser d'Duerchféirung vun industriellen oder kommerziellen Operatiounen oder senge Memberen e Benefice ze verschafen. Anescht wéi ee vum Numm hir menge kéint, kann eng A.s.b.l. also Benefice maachen, mä se däerf en entweder net u seng Membere weiderginn, oder de Benefice däerf net aus industriellen oder kommerziellen Operatioune stamen, mä just z. B. aus Synergien déi sech erginn hunn (d. h. e Benefice dee weidergi gëtt ka just eng Erspuernis sinn).

Fir datt e Veräin eng A.s.b.l. ka sinn, muss en d'Regele vum ëmgeännerte Gesetz vum 21. Abrëll 1928 iwwer d'Associatiounen an d'Fondatiounen ouni Gewënnzweck respektéieren.

No deem Gesetz (an der Versioun vun 2008) kritt eng A.s.b.l. d'juristesch Personnalitéit soubal se hir Statuten am Mémorial C verëffentlecht, an déi Statuten déi folgend Mentiounen opweises hunn:

1° den Numm vun der Vereenegung an d'Gemeng vun hirem Sëtz (deen am Groussherzogtum si muss);
2° den Zweck firwat se gegrënnt gouf;
3° d'Mindestzuel vu Memberen (dem Gesetz no op d'mannst dräi);
4° d'Nimm, Virnimm, Beruffer, Wunnsëtzer an Nationalitéite vun de (Grënnungs-)Memberen;
5° d'Conditiounen ënner deenen ee Member ka ginn an dës Qualitéit nees verléiere kann;
6° d'Attributioune vun der Haaptversammlung, d'Aart a Weis wéi se aberuff gëtt an d'Conditiounen ënner deenen hir Beschlëss un hir Memberen an un Drëtter erugedroe ginn;
7° d'Aart a Weis wéi d'Administrateuren (d'Komiteesmemberen) ernannt ginn a wéi eng Pouvoire se hunn;
8° d'maximal Héicht vun der Cotisatioun oder dem Versement deen d'Membere leeschte mussen;
9° d'Geschäftsjoer an d'Aart a Weis wéi de Kontenofschloss ugeholl gëtt;
10° d'Regele fir d'Statuten z'änneren;
11° de Gebrauch vum Veräinsverméigen, am Fall wou d'Vereenegung opgeléist géif.

D'Statute vun enger A.s.b.l. mussen op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch sinn, a privatschrëftlech oder duerch en Notärsakt festgeluecht ginn. Spéitstens ee Mount duerno musse se beim Handelsregëster deposéiert ginn, zesumme mat der geneeër Adress vum Vereenegungssëtz an der Lëscht vun den Nimm, Virnimm, Beruffer a Wunnsëtzer vun de Komiteesmemberen. A schlussendlech musse se bannent zwee Méint nom Depôt wéi gesot am Mémorial C verëffentlecht ginn.

All Ännerung vun der Adress vum Vereenegungssëtz an der Lëscht vun de Komiteesmemberen muss dem Handelsregëster matgedeelt ginn. D'Handelsregëster muss och d'Ännerunge vun der Lëscht vun de Membere vun der Vereenegung matgedeelt kréien, dëst all Joers ee Mount nom Enn vum Geschäftsjoer ausser d'Statute géifen eppes aneschters soen. All Ännerung un de Statute muss bannent engem Mount am Mémorial C verëffentlecht ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Associations sans but lucratif – Biller, Videoen oder Audiodateien