Veräin
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
E Veräin (etymologesch vu vereenen „Eent ginn“ an eppes „zesummebréngen“), deels och als Associatioun oder Club bezeechent, bezitt sech op eng fräiwëlleg a permanent Vereenegung vun natierlechen an / oder juristesche Persounen, fir e spezifeschen Zweck ze verfollegen. Dem Veräi seng Existenz ass onofhängeg vum Wiessel vu senge Memberen.
Situatioun zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Fräiheet fir sech ze vereenegen ass an der Verfassung verankert:
„D'Vereenegungsfräiheet ass garantéiert. Wéi se ausgeüübt gëtt, gëtt vum Gesetz gereegelt, dat dofir keng prealabel Autorisatiounsflicht aféieren dierf.“
Parallel däerf och kee gezwonge ginn, engem Veräi bäizetrieden oder net bäizetrieden.
„Nul ne peut être contraint de faire partie d'une association ou de n'en pas faire partie.“
D'Vereenegungsrecht (fr. droit d'association) däerf net mam Versammlungsrecht (fr. droit de réuniuon) verwiesselt ginn. Eng Vereenegung oder e Veräin ass eng Grupp vu Leit, déi duerch méi oder manner dauerhaft juristesch Verbindunge verbonne sinn, fir e gemeinsaamt Zil ze verfollegen, wärend eng Versammlung nëmmen eng temporär, konzertéiert oder zoufälleg Versammlung vun enger bestëmmter Zuel vu Leit ass, tëscht deenen d'Tatsaach vun der Versammlung eleng keng juristesch Bezéiung schaaft.
D'Vereenegungsrecht erlaabt et eenzele Persoune sech zesummenzedoen, ouni am Virfeld eng Autorisatioun mussen ze froen, fir esou hir materiell Interessen ze schützen, hir sozial oder berufflech Ufuerderungen z'ënnerstëtzen, oder fir wirtschaftlech, wëssenschaftlech, philanthropesch, kënschtleresch oder aner Ziler ze verfollegen.
Rechtlech Situatioun
[änneren | Quelltext änneren]E Veräi kann entweeder eng einfach, net registréiert Vereenegung sinn oder eng Associatioun déi ageschriwwen ass an domat eng juristesch Perséinlechkeet huet.
De-facto-Associatioun
[änneren | Quelltext änneren]Eng De-facto-Associatioun ass e Veräin, deen net rechtméisseg gegrënnt ass a keen Numm huet, deen e schütze kann. En huet och kee Verwaltungssëtz. Dat bedeit, datt seng juristesch Existenz net géint Drëttpersoune kann duerchgesat ginn. Eng De-facto-Associatioun kann och net an hirem Numm Kontrakter ofschléissen, Besëtz kafen, Verméige besëtzen, juristesch Schrëtt maachen oder Donen, Ierfschaften, Subventiounen, asw. kréien.
Wann d'De-facto-Associatioun awer Besëtz keeft, stellt dat en net-gedeelt Eegentum (propriété indivise) vun de Memberen duer. Sou bleift all Member de Proprietär vum Besëtz, deen en der Associatioun zur Verfügung stellt.
Eng De-facto-Associatioun iwwerhëlt keng Haftung. Et sinn déi eenzel Memberen, déi zivil- a strofrechtlech haftbar sinn an dat perséinlecht Verméige vun de Membere kann als Garantie géintiwwer Drëttpersoune betruecht ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: De-facto-Associatioun.
Association sans but lucratif
[änneren | Quelltext änneren]Eng ASBL (association sans bus lucratif) oder Vereenegung ouni Gewënnzweck ass eng Associatioun, déi keng industriell oder kommerziell Aktivitéiten ausüübt oder déi net drop aus ass, hire Memberen e materielle Gewënn ze bidden. Se muss op d'mannst zwee Grënnungsmemberen hunn.
„(1) L'association sans but lucratif (…) est celle qui ne se livre pas à des opérations industrielles ou commerciales, ou qui ne cherche pas à procurer à ses membres un gain matériel.
(2) Sa constitution requiert qu'il y ait deux membres fondateurs au moins.“
Wann eng ASBL konform zum Gesetz gegrënnt gouf, kritt se déi juristesch Perséinlechkeet an ass domat eng juristesch Entitéit mat enger eegener Existenz, déi verschidde vun där vun hire Memberen ass. Se kann dowéinst mat hirer eegener Autoritéit handelen, andeems se vun engem oder méi vun hiren Administrateure vertruede gëtt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Association sans but lucratif.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Veräin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) Artikel 26. Verfassung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg. legilux.public.lu (01.07.2023). Gekuckt de 27.10.2025.
- ↑ (fr) Artikel 1. Loi du 11 mai 1936 garantissant la liberté d'association. legilux.public.lu (11.05.1936). Gekuckt de 27.10.2025.
- ↑ (fr) Loi du 7 août 2023 sur les associations sans but lucratif et les fondations. data.legilux.public.lu (07.08.2023). Gekuckt de 27.10.2025.