Op den Inhalt sprangen

Willibrordus-Bauveräin

Vu Wikipedia
Willibrordus-Bauveräin
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 25. Dezember 1861
Sëtz Iechternach
RCS F55
Erënnerungsplack um Haus 16 an der Garerstrooss zu Iechternach

De Willibrordus-Bauveräin (fr: L'Œuvre Saint-Willibrord) gouf de 25. Dezember 1861 vun Iechternacher Bierger gegrënnt, mam Zil, Suen ze sammele fir d'Iechternacher Basilika, déi deemools just nach eng Ruin war, nees opzeriichten.

Duerch Donen, Kollekten a Manifestatiounen, déi en organiséiert huet, si genuch Fongen zesummekomm, fir den Architekt Antoine Hartmann domat ze chargéieren, d'Basilika nees zu enger Kierch ze maachen.

No hirer Zerstéierung am Zweete Weltkrich, gouf d'Basilika duerch de Lëtzebuerger Staat alt erëm nei opgeriicht. De Willibrordus-Bauveräin huet am ganze Land eng Souscriptioun gemaach, fir d'Ariichtung vun der Basilika z'erméiglechen.

Well d'Basilika hautdesdaags en Nationalmonument ass, iwwerhëlt de Staat hiren Ënnerhalt. De Willibrordus-Bauveräin ass haut eng A.s.b.l., där hir Aufgaben et sinn, d'Sprangpressessioun z'organiséieren an de Willibrord-Kult ze propagéieren.

De Bauveräi publizéiert d'Zäitschrëft Feliciter.