Groupe alpin luxembourgeois
Ausgesinn
| Groupe alpin luxembourgeois | |
|---|---|
| Ofkierzung | GAL |
| Zweck | Biergsteigen, Kloteren |
| Sëtz | Lëtzebuerg |
| 14, Avenue de la Gare | |
| President | Steve Schiltz[1] |
| Sekretärin | Sandrine Nardecchia |
| Tresorier | Jacques Schmit |
| RCS | F4954 |
|
| |
De Groupe Alpin Luxembourgeois (GAL), eng lëtzebuergesch ASBL, ass e Kloter- an Trëppelclub zu Lëtzebuerg. De Veräi gouf 1955 gegrënnt.
Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]- Initiatioun an d'Kloteren
- Kloteren zu Bäerdref, an de Vogesen an an den Alpen
- Kompetitioun am Kloteren
- Alpinismus
- Randonnéeën
Randonnéeën
[änneren | Quelltext änneren]Zanter de 70er Jore mécht de GAL Dagesrandonnéeë vun 33 bis 70 km als Virbereedung op Biergtouren.
Haut organiséiert de Veräi 4 Zorte vun Dagesrandonnéeën:
- kleng Randonnéeën (ëm 20 km) iwwer baliséiert Weeër
- grouss Randonnéeën (ëm 35 km) méi sportlech, zum Deel iwwer net baliséiert Weeër
- Nuetstier (ëm 10 km)
- Mega-Randonnéeën, all Joer:
- Klierf - Stad Lëtzebuerg, 65 km
- Ëlwen - Stad Lëtzebuerg, 78 km
- Maartel - Iechternach, 60 km
- Stad Lëtzebuerg - Veianen, 45 km
Publikatioun
[änneren | Quelltext änneren]De Veräin huet vun … bis … véier mol am Joer d'Informatiounsblietchen Gekloters erausbruecht.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ gekuckt op groupealpin.lu den 19. Oktober 2025
