Diskussioun:Groupe alpin luxembourgeois

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

... ass eng A.s.b.l. an deen eelste Kloter- an Trëppelclub vu Lëtzebuerg. De Veräi gouf 1955 gegrënnt.

Dës Ausso schéngt mer net richteg. Et gouf scho virum Krich e Veräin dee sech Touring Club genannt huet an deen eng Sektioun "Footing" bedriwwen huet. Esou wäit ech am Bild sinn ass deen Touring Club deemols aus Membere vum Automobile Club eraus entstan. Nom Krich, an de 60er Joren, ass den Touring Club agaangen, mat Ausnahm vun der Footingssektioun, aus déier dunn den autonomen "Footing Erny Schmit" entstanen ass. Ech hu leider keng genee Daten, wäert mer se awer a besuergen.

Och de Gal ass net vun Ufank un en eegestännege Veräi gewiescht, mä eng Sektioun vun de Lëtzebuerger Jugendherbergsbewegung. --Pecalux 07:18, 4. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]