Veianen

Vu Wikipedia
Veianen
Veinen
Veianen mat der Buerg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Vianden
de: Vianden
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Gemeng Veianen
Buergermeeschter François Weyrich
Awunner 2.161
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 228 m
Koordinaten 49° 56’ 01’’ N
      06° 12’ 27’’ O
den Zentrum vu Veianen
D'Buerg vu Veianen
D'Groussgaass
D'Nikloskierch

Veianen (lokal: Veinen[1]) ass eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied a läit am Kanton mam selwechten Numm, am Nordoste vu Lëtzebuerg. Et ass den Haaptuert an déi eenzeg Uertschaft[2] an der Gemeng Veianen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Landschaftsbild vu Veianen gëtt zu engem groussen Deel duerch den Ourdall bestëmmt dee sech vun Norden no Süden derduerch zitt. Op béide Säite leien héich Koppe mat géien Häng, déi mat Bëscher bewuess sinn, wouvun de gréissten de Biergerbësch am Westen ass. Op e puer méi flaachen Deeler op den Héichten, wéi um Scheierhaff am Osten, an op Schank an um Niklosbierg am Weste gëtt et Felder a Wisen.

Déi héchst Plaz ass den den Niklosbierg mat 497 Meter, respektiv 515 Meter[3] um Däich vum Späicherbaseng vum Pompelspäicherwierk Veianen, an déi déifst Plaz ass am Dall vun der Our op der Grenz mat der Gemeng Tandel op ronn 200 Meter.

Ausser der Our, gëtt et nach verschidde kleng Baachen. Et sinn dat d'Bousterbaach, d'Schankerbaach, d'Kalchesbaach, an d'Kënzebaach, déi alleguer an d'Our lafen.

Nërdlech vum Scheierhaff huet d'Teggelbaach hir Quell, déi an Däitschland weiderleeft. Am Westen op der Gemengegrenz mat Pëtschent an Tandel huet d'Houschterbaach hir Quellen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ursprong vu Veianen ass wuel géint Enn vum Réimesche Räich ze fannen. Den Numm Veianen soll vum Keltesche Wuert Vien [Source?] hierstamen, dat da spéider als Vienna an Viennensis romaniséiert gouf. Géint Enn vum 4. Joerhonnert gouf eng éischt réimesch Festung um Fiels iwwer der Our gebaut.

Géint Ufank vum 11. Joerhonnert ginn d'Iwwerreschter vum réimesche Kastell zu enger éischter Mëttelalterlecher Buerg ausgebaut.

1090 gëtt de Bertulf, Grof vu Veianen eng éischt Kéier dokumentaresch ernimmt. Et gëtt ugeholl datt d'Grofe vu Veianen vun deene vu Sponnheim an Hamm ofstamen. Et war och wuel dëse Bertulf vu Veianen deen d'Buerg nach eng kéier verstäerkt huet an hei offiziell säi Wunnsëtz hat.

Géint 1124 soll de Friedrich I. Grof vu Veianen gebuer sinn, säi Brudder war de Gerrard Grof (oder Här) vu Klierf. Doraus léisst sech schléissen datt warscheinlech de Gerrard I. vu Sponheim, Här vu Clierf, hire Papp war. De Friedrich I. vu Veianen huet dann och weider un der Buerg gebaut, dës Phas ass ënner anerem den Ursprong vun der Buerg-Kapell an och vun de groussen, duebele Fënsteren am Palas.

Ufanks vum 13. Joerhonnert gouf d'Buerg ënner dem Friedrich III. weider ausgebaut, ënner anerem andeems en neien, grousse Palas gebaut gouf an d'Kapell am Romanesche Stil ëmgebaut gouf.

Den Heinrich I. huet nach virun 1253 d'Buerg am Gotesche Stil ëmbaue gelooss, an hir déi haut nach bekannte Form verpasst. Dës Zäit war dann och den Héichpunkt vun der Herrschaft vun de Veianer Grofen.

Zanter Ufank vun der Herrschaft vum Sponheim-Veianer Geschlecht gouf d'Herrschaft vun der Grofschaft Veianen op 136 Uertschaften an den Ardennen an der Äifel ausgebreet, an hir Grofe waren domat ënner deene wichtegsten Herrscher am ale Lotharingien, an domat dacks a Konkurrenz mat de Grofe vu Lëtzebuerg.

Den 22. November 1308 huet de Grof Philip II., Veianen e Fräiheetsbréif geschenkt mat deem d'Rechter a Flichte vun de Bierger festgeluecht goufen. Un dëst Stadrecht erënnert och d'Geriichtskräiz an der Veianer Uewerstad. D'Stad Veianen selwer war zu där Zäit schonn zanter Laangem befestegt, an hat bis zu 5 Paarten a 24 Tierm a senge Festungsmaueren.

1397, wéi déi Sponheim-Veianer Dynastie ausgestuerwe war, goung d'Grofschaft un d'Nassau-Veianer. Zanter 1538 waren d'Veianer Grofen aus dëser Famill dunn och Prënze vun Oranien.

Am 15. Joerhonnert hat d'Stad Veianen eng 3000 Bewunner a 400 Feierplazen, a war domat déi drëttgréisst Stad vum haitege Lëtzebuerg.

1885 ass dunn d'Grofschaft Veianen an de Besëtz vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg (d'Nassau-Weilburger) komm.

2008 huet Veianen 700 Joer Fräiheetsbréif gefeiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Historesch Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. Cote vum Waasserbaseng op der topographescher Kaart.