Miertchen

Vu Wikipedia

De Miertchen ass e Brauch zu Veianen, um nooste Samschdeg beim 11. November (Mäertesdag, dohier den Numm). E besteet aus zwéi Cortègë mat enger spezieller Zort Fakelen an dem Ofbrenne vun zwéin opgeriichte Bamstämm (och "Miertchen" genannt).

Den Urspronk vum Miertche geet dem Lokalhistoriker Pierre Bassing an dem Jean Milmeister no[Source?] op virchrëschtlech Fester wéi d'Summersonnewend oder d'Hunnefester zeréck. Spéiderhi wieren nach Elementer vu Fester wéi Mäertesdag, Mäertesmaart oder Brautdag aus dem Mëttelalter derbäikomm.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

Op de Koppe lénks ("Ennichtgaas") a riets ("Iewischtgaas") vun der Our gëtt jeeweils eng 15 bis 25 m héich gestrëppt Dänn opgeriicht, déi mat Stréi ëmwéckelt ass. Duerno gëtt e Koup Kartong, Paletten a Reiser ronderëm opgetässelt a mat Stréi ofgedeckt. Wann d'Nuecht eragebrach ass, ginn déi 2 Miertercher ugefaangen, an zwéi Cortège setze sech a Richtung Our a Beweegung. Déi Leit déi matgi maache sech eng Fakel, déi aus engem Kuerf aus Kanéngerchesdrot besteet, an deem Lompen an al Kleeder zu engem Pak opgerullt sinn, an déi mat Mazout gedränkt sinn an ugefaange ginn. D'Fakel gëtt ronderëm geschwenkt an d'Leit sangen am Chouer Spottreimer oder Kannerreimer, haaptsächlech iwwer Persounen, déi net frou mam "Miertchen" waren, aus Angscht virum Feier oder aus soss Ursaachen.[1]

Déi zwéin Zich aus der Ënneschtgaass an der Ieweschtgaass treffe sech bei der Trinitarierkierch a ginn dann zesummen op eng grouss Plaz, wou se hir Fakelen an e Spezialcontainer geheien.

Gesongen Texter:[2]

Haarig, Haarig, Haarig ist die Katz
und wenn die Katz nicht haarig ist
dann fängt sie keine Maus.

Dat Ries dat Ries, dat koppigt Ries
dat bliest, daat bliest dat pisst mat Stiis
Ries am Oosch

Hänes, Hänes, Hänes ist der Bänes
und wenn der Hän's sein Bëtschel schlacht
dann weis's die ganze Welt.

Lustig, Lustig, Lustig ist die Welt
und wenn die Welt nicht lustig ist
dann hat sie auch kein Geld.

Dir Wiert dir kënnt iis klibberen
halt dir är Diren zou
mir drinken nëmmen Waasser
a Mëllich vuan der Kou.

Ho Ho Ho
Der Judd der lag im Stroh
Das Stroh fing an zu brennen
Der Judd fing an zu rennen
Ho Ho Ho.
[3][4][5]

Kontrovers[änneren | Quelltext änneren]

Eréischt 2013 ass an de Medien den Text vun deem leschte Reim opgegraff a kritiséiert ginn; an et gouf sech gefrot, wéi bis haut sou een Text kéint gesonge ginn.[6] De Joseph Hanck, Journalist am Tageblatt, hat a sengem Artikel am Tageblatt erausfonnt[1], datt deen explizitte Bezuch op e "Judd", op eng Iwwerliwerung zeréckzeféieren ass, déi seet datt um Märtesmaart zu Veianen een Händler, dee Judd war, d'Leit sou ugeschmiert hat, datt s'ëm nogelaf sinn, a wéi e sech dunn an enger Scheier verstoppt huet, hu se d'Stréi ugefaangen, an deen onéierleche Mann huet misse fortlafen. Et gëtt donieft nach aner schrëftlech beluecht Variante vun deem Reim, mol mat "Judd" a mol ouni.[7]

Dorop ugeschwat sot de de Marc Schaefer, Buergermeeschter vu Veianen a President vum ONT, zu dem antisemittesch verstanene Spottreim, weeder hien nach déi Honnerte vu Leit um Bord vun de Stroossen hätte sech bis ewell dozou Froe gestallt. Hie géif et gutt fannen, datt elo driwwer geschwat géif, an e wier formell, datt dat Lidd net méi tragbar ass an d'Gemeng géif all Hiewelen a Beweegung setzen fir datt dëst Lidd net méi gesonge gëtt.[8],[9],[10]

Den 18. November 2013[11],[12] huet d'DP Deputéiert Corinne Cahen eng parlamentaresch Fro zu deem Theema un de Staatsminister gestallt[13], déi nom Regierungswiessel, den 21. Januar 2014 vum Premier Xavier Bettel beäntwert gouf[14].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1946. Chronik von der Our. De Veiâner Miertchen. Tageblatt vum 13. Nov. 1946.
  • Hanck, Joseph, 1948. Nachklänge zu Viandener Miertchen. Sei Ursprung und seine Bedeutung. Tageblatt vum 12. Nov. 1948.
  • Anonym, 1947. Chronik von der Our. De Veianer Miertchen. Tageblatt vum 13. Nov. 1947.
  • Anonym, 1949. Veianen brennt seinen Miertchen. Tageblatt vum 17. Nov. 1949.
  • Bassing, Pierre, 1966. Der Viandener 'Miértchen'. Revue Jg. 22 (1966), Nr. 46, S. 13-15, ill.
  • Milmeister, Jean, 1970. De Miertchen. Revue, Jg. 26 (1970), Nr. 45, S. 52-55, ill.
  • Burg, Andrée, 1988. Haarig, haarig ist die Katz.... Tageblatt, Nr. 261 (14. November 1988), S. 2, ill.
  • Kremer, Joseph, 2001. Als der Viandener Gemeinderat den 'Miertchen' verbot. Ous der Veiner Geschicht / Veiner Geschichtsfrënn. Vianden. Nr. 19 (Juli 2001), S. 92-94, ill.
  • Milmeister, Jean, 2004. Der 'Miertchen', ein Sängerwettstreit? Ous der Veiner Geschicht, Nr. 22 (2004), S. 99-103, ill.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Hanck, J. 1948
  2. Video op YouTube vum Ëmzuch 2012. Link gecheckt am Dezember 2021: De Video gouf geläscht.
  3. Anonym, Tageblatt 1946
  4. Anonym, Tageblatt 1947
  5. Anonym, Tageblatt 1949
  6. "Martinsfeier zu Veianen suergt fir Kritik." RTL.lu - 15.11.2013, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.11.2013, 10:47;
    Guy Rewenig: "Made in Happyland" in: d'Lëtzebuerger Land 15. November 2013; (als Auteur gouf hei iertemlecherweis de Peter Feist uginn. Op dee Feeler gouf an der Editioun vum 22. November opmierksam gemaach).
  7. Am "Volksliederarchiv" ass vun engem "Küster", an der Jonghémecht vum " Pitt" rieds, deen "im Stroh" läit.
  8. Moiesjournal vun RTL Radio Lëtzebuerg, 15. November 2013.
  9. Vianden wehrt sich "Miertchen hat nichts mit Antisemitismus zu tun" heescht et op wort.lu den 22.11.2013, an awer setzt de Buergermeeschter sech dofir an, datt déi Strof mam "Judd" 2014 net méi gesonge gëtt.
  10. Miertchen-Polemik: Vianden wehrt sich, Luxemburger Wort, 23. 11. 2013, S. 23
  11. Corinne Cahen: Une tradition ancestrale remise en question, lequotidien.lu, 18. November 2013; archivéiert
  12. „Veiner Miertchen“ sorgt weiter für Diskussionen. Abgeordnete Corinne Cahen zeigt sich empört / Bürgermeister übernimmt Vermittlerrolle, Luxemburger Wort, 19. 11. 2013, S. 18
  13. D'Question parlementaire vun der Corinne Cahen
  14. Réponse écrite de Monsieur Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d'Etat